Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Concours fir jonk Journalisten, de Maulef an e Glas dat net iwwerleeft

Kannerkëscht

E Concours fir jonk Journalisten, de Maulef an e Glas dat net iwwerleeft

Wat wëll ee spéider emol a sengem Liewe maachen? Vläicht ass Journalist ginn eng Méiglechkeet, an dofir gëtt et och e Concours. D'Françoise aus dem Naturmusée weess esou munches iwwer de Maulef, e ganz wichtegt Déier an der Natur. An de Mister Science huet e Glas, dat net iwwerleeft wann een eppes dra schëtt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Vläicht maacht dir iech jo och scho Gedanken iwwer wat dir spéider an ärem Liewen als Beruff wëllt maachen, an do ginn et ganz, ganz vill Méiglechkeeten. Eng vun deene ville Méiglechkeeten ass eventuell de Beruff vum Journalist.

D'Nathalie vum SCRIPT presentéiert iech e Concours fir jonk Journalisten, wou der iech kënnt mellen, wann der Loscht huet emol, komm mer soen, e Reportage ze maachen. Méi Informatioune fannt der och op www.script.lu

De Maulef

Wann der esou Buedemhiwwelen am Gaart oder an der Wiss gesitt, da wësst der, do ass e Maulef ënnerwee. D'Françoise aus dem Naturmusée weess ganz vill iwwert de Maulef ze verzielen, a virun allem ass de Maulef e ganz wichtegt Déier an der Natur.

Och wann en där Buedemhiwwele mécht, loosst de Maulef liewen.

Experiment: E Glas wat net iwwerleeft

De Mister Science erkläert eis haut a sengem Experiment wéi een eng Fläsch mat Waasser oder soss eppes an e Glas ka schëdden, ouni datt d'Glas iwwerleeft. Biller zu dem Experiment fannt der mat dësem Link.