Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - Gymnopédie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jos, de Pastachampion

Kannerkëscht

Jos, de Pastachampion

De Jos wëllt mat sengem Bopa a senger Nona bei engem Pastaconcours matmaachen. Den Haaptpräis sinn Tickete fir ee Fussballmatch. Beim Concours leeft awer net alles riicht. Eng Geschicht vun der Anja Di Bartolomeo

auto_stories

3 min

Salut Kanner! De Jos ass e klenge Bouf, dee wéi vill Bouwe gäre mat de Kolleege spillt, mee awer och immens gäre bei seng Grousseltere geet, de Bop an d'Nona, well déi immens cool sinn.

D'Anja Di Bartolomeo schreift Geschichten, an deenen de Jos am Mëttelpunkt steet. An d'Anja erzielt Iech d'Geschicht, déi "Jos, de Pastachampion" heescht, a wou de Jos mat sengem Bop a senger Nona bei engem Pastaconcours matmécht, bei deem den Haaptpräis Tickete fir de Fussballmatch Bayern München géint Mailand sinn.

Et ass awer e Concours, bei deem net alles riicht leeft. Am Ufank gi mer och eppes iwwer de Jos a seng Famill gewuer, jee, et ass alt net anescht wéi bei villen anere Famillen.

Den éischten Deel lauschterenplay_arrow

Elo kennt dir de Jos a seng Famill jo schonn, an de Jos huet vum Pastaconcours héieren, bei deem hien onbedéngt mat wëllt maachen.

Dofir brauch hien awer Hëllef, a déi geet hie sech da bei säi Bop an d'Nona sichen. Hie geet de Weekend bei si op Besuch an hofft, datt dorausser e Pasta-Boot-Camp gëtt.

Den zweeten Deel lauschterenplay_arrow

De Jos huet sech an de Bop fir de Pastaconcours ugemellt. Mee déi Umeldung ass nach ëmmer nëmme provisoresch: Fir datt se definitiv gëtt, mussen de Jos an de Bop elo Fotoen an e Film vun hirer Pasta eraschécken, an virun allem musse si eng ee Kilo schwéier Reebou-Designer-Canneloni maachen, an do hoffen déi zwee natierlech komplett op d'Nona.

Mee wéi dat elo maachen, ass déi grouss Fro. De Jos denkt op emol un déi Reebou-Kuchen, déi si heiansdo mat an d'Schoul bréngen, an déi esou schéi faarweg sinn.

Mee si brauche jo awer kee Reebou-Kuch, mee eng Reebou-Cannelloni. An do kënnt dem Jos dann d'Iddi der Nona emol esou e Reebou-Kuch ze weisen, vläicht hëlleft dat jo.

Den drëtten Deel lauschterenplay_arrow

De Jos wollt zolidd kreativ si fir de Pastaconcours, an hien huet sech selwer als "Jos Pastakiller Gerrero Martino" ugemellt, an de Bop huet hie "Ravioli Rosa Cannelloni Fighter 3000" genannt.

Fir elo awer definitiv beim Pastaconcours derbäi ze sinn, mussen de Jos an de Bop e Film eraschécken, an zwar e Film, an deem si weisen, wéi si eng ee Kilo schwéier Reebou-Designer-Ravioli maachen, da wéi si Gnocchi maachen a schlussendlech nach eng ganz laang Spaghetti.

Natierlech geet dat alles net ouni d'Nona, ouni déi de Jos an de Bop sécher keng anstänneg Pasta fäerdegbréngen.

Virun allem d'Nona, mat Hëllef vum Jos, de Bop war net grad esou fäerdeg ginn, hunn elo d'Ravioli, Gnocchi an déi laang Spaghetti fäerdeg, a fir déi laang Spaghetti hu si 34 Minutten an 38 Sekonne gebraucht.

De leschten Deel lauschterenplay_arrow