Radioen

On air

Notturno  |  Shopping - Initiative

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liichtmëssdag, e Seefemonster an d'Faarf Blo

KANNERKËSCHT

Liichtmëssdag, e Seefemonster an d'Faarf Blo

Den zweete Februar an dat ass dann och Liichtmëssdag, wou uechtert ganz Land Kanner mat hire Liichtebengelen vun Haus zu Haus reesen an d'Herrgottsblieschen-Lidd sangen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Zu Lëtzebuerg gi mer also liichten fir den Herrgottsblieschen, an dat ass eng Figur déi nom chrëschtlechen Hellegen Blasius genannt ass. An d'Nathalie erkläert eis wat hannert dem Balsius stécht an huet och no gekuckt, wou soss nach uechtert Welt Fester vum Liicht gefeiert ginn.

Am Experiment brauche mer haut virun allem Seef an eng Mikrowell, an de Mister Sciencen weist eis wéi mer dorausser e Seefemonster kënne maachen.

An um Enn gitt vum Monique aus dem Naturmusée nach ganz vill iwwert d'Faarf Blo gewuer. Do geet riets vun bloe Blummen ma awer och wou den Ausdrock "Blo maachen" hir kënnt.

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht.