Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "MathemaTIC", en T-Rex an eng Botterschmier

Kannerkëscht

"MathemaTIC", en T-Rex an eng Botterschmier

Mat Rechnen oder mat Mathematik op eng spilleresch ëmgoen, dat ass d'Zil vun der Plattform mathematic.lu. D'Frauke an de Filip sinn haut Invitéeën an der Kannerkëscht. Da schwätzt de Philippe aus dem Naturmusée iwwer ee Liblingsthema vu ville vun iech, nämlech Dinosaurier. An d'Michèle vum Fond National de Recherche erkläert eis, firwat eng Botterschmier déi vum Dësch fält, ëmmer op der Bottersäit lant.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Nei Mathematik-Plattform

D'Mathematik mécht Spaass, dat héiert ee wuel net esou dacks, ass awer wouer. A wéi een elo op eng flott an interaktiv Manéier ka mat Zuelen hantéieren, dofir steet d'Plattform MathemaTIC.

D'Frauke an de Filip vum Script erklären iech déi ganz vill Méiglechkeete vu mathematic.lu. An wann dir Froen hutt, kënnt dir si och direkt iwwer d'E-Mail mathematic@script.lu erreechen.

Dinosaurier am Naturmusée

Wann dir dat Wuert Dinosaurier héiert, da spëtzt dir bestëmmt direkt d'Oueren an dir wëllt wëssen, ëm wat et geet. Dinosaurier sinn dach esou eppes Intressantes an och wa se scho viru ronn 65 Millioune Joer ausgestuerwe sinn, intresséiere sech Mënschen och nach haut dofir.

De Philippe Jeitz aus dem Naturmusée erzielt iech vun den Dinosaurier, a seet iech och wat dir ronderëm d'Dinoen alles am Naturmusée kënnt fannen.

Experiment mat enger Botterschmier

An och dës Kéier ass d'Michèle vum Fond National de Recherche op Besuch mat enger Affär, déi dir bestëmmt schonn all erlieft hutt. Huelt emol un, dir hutt iech eng Botterschmier gemaach, an déi fält vum Dësch - dann ass et bal sécher, datt d'Schmier um Buedem natierlech op der Bottersäit lant.

Mee firwat ass dat esou? D'Michèle huet dozou en Experiment.

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!