Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uhu, de Vull vum Joer

Kannerkëscht

Uhu, de Vull vum Joer

All Joer gëtt zu Lëtzebuerg e Vugel ausgewielt, deen den Titel vum "Vull vum Joer" kritt. An dëst Joer ass dat den Uhu.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Salut alleguerten! Iwwer de Vugel vum Joer gëtt e Joer laang nach e bësse méi geschwat. Esou solle vill Leit dee Vugel kenne leieren an nach besser oppassen, fir deen ze schützen.

Meeschtens ass dat e Vull, deen hei zu Lëtzebuerg méi rar ass, also deen et net méi esou vill gëtt. Méi iwwer de Vugel vum Joer verréit Iech d'Joy Mentgen aus dem natur musée.

An dir hutt iech bestëmmt och schonn eng Kéier gefrot, firwat de bekannte Pesch vun der Mark "UHU" esou heescht, oder? Den Numm kënnt och tatsächlech vum Vugel Uhu. An de Grond ass, datt fréier eng ganz Rei Marke fir Bürosmaterial hiren Numm no engem grousse Vugel erausgewielt hunn. Esou zum Beispill "Pelikan", benannt no engem grousse Waasservugel mat engem risege Schniewel. Oder Schwan, e schéine wäisse Vugel, deen et och bei eis hei zu Lëtzebuerg gëtt.

Vill Spaass beim Lauschteren.