Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Trio Sud - Darn That Dream

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mediepluralismus: Eng Garantie fir Demokratie am 21. Joerhonnert?

Konferenz

Mediepluralismus: Eng Garantie fir Demokratie am 21. Joerhonnert?

Qualitativ héichwäertege Journalismus ass ee vun de wichtegste Piliere vun enger demokratescher Gesellschaft. Allerdéngs profitéiere manner wéi 20 Prozent vun all de Länner vun enger fräier, onkontrolléierter Press. Politesch a wirtschaftlech Beaflossung behënnert d'Entwécklung vun enger informéierter a kritescher Gesellschaft - wéi och d'Ofhuele vun der Diversitéit an der Medielandschaft.

auto_stories

1 min

"Les Rendez-vous de L'UNESCO" stinn dëst Joer am Zeeche vu "Mankind and Media". "Mediepluralismus: Eng Garantie fir Demokratie am 21. Joerhonnert?", esou war d'Gespréichsronn vum 22. Abrëll an der Nationalbibliothéik, iwwerschriwwen.

Ëm den Dësch souzen: Jean-Louis Siweck, President vum Lëtzebuerger Presserot / Christoph Bumb, Grënner vu Reporter.lu / François Aulner, Journalist bei RTL a Michèle Sinner, Journalistin beim radio 100,7 - Moderatioun, Josée Hansen.


Déi ganz Konferenz lauschterenplay_arrow