Esch 2022 13 Recommandatioune fir Esch 2022

D'Europäesch Kommissioun huet 13 Recommandatioune fir Esch 2022 ginn. D'Ekipp ëm d'Generaldirektesch Nancy Braun huet dëse Rapport der Kulturkommissioun an der Chamber presentéiert.

Valerija Berdi / cbi

Esch 2022
Foto: Laurent Antonelli

An den 13 Recommandatiounen, déi de Bréisseler Kontollkommitee ausgeschwat huet, steet och d'Fuerderung, datt d'Porteurs de projet, also Kënschtler an Institutiounen déi hier Projete fir Kulturhaaptstad agereecht hunn, sou séi wéi méiglech eng Äntwert solle kréien an datt d'Kontrakter sollen ënnerschriwwe ginn. Am Dezember 20019 war d'Deadline fir Projeten anzereechen.

Bis September soll "de Maximum" gemaach sinn

D'Nancy Braun, Generaldirektesch vun Esch 2022 schwätzt vun engem Prozess, deen am gaangen ass: "Déi éischt Budgete sinn iwwerschafft a validéiert ginn, Konventioune mat de Porteurs de projet kënnen elo ënnerschriwwe ginn, dat leeft elo alles à fur et à mesure un."

Et wier net esou, datt ee bis Dezember waarde misst, mee de Prozess géif elo ufänken. "Ech denken, datt mer bis de September awer de Maximum gemaach hunn." Och mat den eegene Projeten, wéi zum Beispill de Projet Mëllerei um Site Belval, wier Esch 2022 elo an der Prozedur vun de Kontrakter.

Ee "konsequente" Budget

Eng weider Recommandatioun vum Kontrollkommittee ass eng Erhéijung vun der Zuel vu Mataarbechter. Am Moment besteet d'Ekipp aus 19 Mataarbechter an et sinn nach kuerzfristeg dräi bis véier Posten an Aussiicht. Eng méi breet Zesummenaarbecht mat internationale Kënschtler an Institutiounen ass och vu Bréissel gefuerdert.

Geet de Budget op? D'Kulturministerin Sam Tanson schwätzt vun engem konsequente Budget, deen opgoe muss.

"De Staat gëtt 40 Milliounen Euro fir de ganze Projet Kulturhaaptstad. Wat wichteg ass, wat ech och den Deputéierten haut gesot hunn: de Budget ass net a Fro gestallt, trotz den Zäiten an deene mer sinn. Dat ass e klore Message, an ech mengen, mat deene budgetäre Moyene misst ee kënnen eppes ganz Flottes a Konsequentes maachen."

Konsequent sollen d'Projete vun Esch 2022 an hirer Nohaltegkeet sinn, well et géif net just ëm d'Kulturjoer eleng goen, mee och dorëms, datt och no 2022 d'Stad Esch an d'Südregioun vun de Projete profitéieren, seet d'Sam Tanson.

"Dat, wat d'Gemeng Esch elo iwwer déi lescht Woche presentéiert huet, mat de Gebailechkeeten, déi se wëlle mam kulturelle Liewe fëllen, et ass jo genau dat, firwat d'Kulturhaaptstad och do ass, et soll eppes iwwreg bleiwen an net just punktuell Souveniren."

D'Stad Esch an de Fokus

De Projet Esch 2022 sollt sech méi op d'Stad Esch fokusséieren, verlaangt eng wieder Recommandatioun. Der Nancy Braun ass wichteg, datt d'Stad Esch am Fokus wier, et hätt ee bei der Presentatioun vill iwwer d'Regioun geschwat.

"Fir mech ass d'Stad Esch d'Porte d'entrée fir dee Kulturhaaptstad-Projet. Net ze gudder Lescht ass jo och d' Stad Esch, wärend de zéng Méint wou dee Programm wäert sinn, am Fokus. Et gëtt dann nëmmen eng eenzeg Gemeng nieft der Stad Esch an de Fokus gesat, fir dann awer och ze weisen, wat an der Regioun lass ass."

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Esch 2022
Dräizéng Recommandatioune vu Bréissel

Am Mee hat Esch 2022 der Europäescher Kommissioun de Rapport vun 2019 an Ufank 2020 präsentéiert. Elo huet d'Kontrollkommissioun vu Bréissel Esch 2022 am Ganzen 13 Recommandatioune mat op de Wee ginn.

Esch-sur-Alzette, Luxembourg - April 27, 2016. Huge steelwork plant dominating the skyline of Belval quarter of Esch-sur-Alzette, with buses, city traffic and people.
Esch2022

Wärend och zu Esch dat kulturellt Liewe lues a lues aus dem Confinement eraus kënnt, sollen dräi nei Institutiounen an eng asbl. d'Minett-Metropol an Zukunft beräicheren - iwwer d'Kulturhaaptstad eraus.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen