Kultur 200 Joer Bremer Stadtmusikanten

Wat kënnt Iech an de Kapp, wann Dir un déi däitsch Stad Bremen denkt? Ech denken da geet et Iech wéi eis, da kommen Iech d'Bremer Stadtmusikanten an de Kapp: den Iesel, den Hond, d'Kaz an den Hunn. Véier Hausdéieren aus de Bridder Grimm hirem Mäerchen, déi fortgelaf sinn, well se et net gutt doheem haten.

Horst Senker / cz

Bremer Stadtmusikanten Wiki Commons
Foto: Wikimedia Commons

A si wollten hiert Lous selwer an de Grapp huelen. Den 3. Juli 1819 goung am Grimm Mäerchen eng éischte Kéier vum Déierequartett rieds. An elo kréien d'Bremer Stadtmusikanten 200 Joer, an dat gëtt zu Bremen gefeiert.

An der Mediathéik:

Kultur / / Horst Senker
Lauschteren

Méi zum Thema

Kënschtler a Fanny Weinquin (2. vu riets), Foto Gemeng Walfer
Kultur

Zu Walfer dialogéieren an der Gemengegalerie d'Wierker vun de Kënschtler Morgane Britscher, Ben Heyart, Katarzyna Kot-Bach an Neckel Scholtus ganz "natierlech".

Iris Radisch William Irigoyen
Invités am Moies-Magazin

D'lescht Woch hunn d'Iris Radisch an de William Irigoyen zesumme mam Jérome Jaminet an dem Jeff Schinker véier Bicher literaresch ënner d'Lupp geholl. D'Nathalie Bender huet mat hinne geschwat.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen