Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 50 Joer Publikumsbeschimpfung

Peter Handke

50 Joer Publikumsbeschimpfung

Den 8 Juni 1966 gouf dem éisträicheschen Auteur Peter Handke säi sougenannten "Sprechstück" an engem Akt "Publikumsbeschimpfung" an enger mise en scène vum Claus Peymann am Theater am Turm zu Frankfurt uropgefouert. Den Owend war gläichzäiteg e Skandal an eng Reussite.

auto_stories

5 min

Standbild aus der Opnam vun der Uropféierung

Op alle Fall war et den Optakt vun der grousser Zäit vum Theater am Turm zu Frankfurt an et huet dem Claus Peymann seng Carrière lancéiert. Hien, dee mat ee vun de renomméiertsten Theaterregisseuren am däitschsproochege Raum ass. Hien ass zanter 1999 Intendant vum Berliner Ensemble.

"Publikumsbeschimpfung" ass dem Handke säin Débutwierk an et huet zante hier Succès am ganzen däitschsproochegen Raum. Aus dem Handke gouf een vun de bedeitendsten Vertrieder vun der sprooch-experimenteller Literatur.

"Publikumsbeschimpfung" war am Fong e Wierk mat deem de Peter Handke déi gängeg Forme vun Theater an Themen an de 60er Joren refuséiert huet. Et war de krasse Contraire zum Brecht sengem Theater mat dokumentaresch-didakteschen Usätz.

Kontrovers Reaktiounen

De Peter Handke wollt mat dësem Wierk eng Diskussioun ronderëm den Theater lancéieren, besonnesch doriwwer wat tëscht Schauspiller a Publikum während eng Virstellung geschitt. Den Auteur huet dobäi och op déi soi-disant normal Elementer vum Theater verzicht, respektiv ëmgedréint. Wéi zum Beispill, datt Schauspiller vun hannen op d’Bühn kommen.

De Sprooch-Rhythmus vum Peter Handke senger Publikumbeschimpfung, zum deel aus ganz kuerze Sätz, gouf déi Zäit ganz kloer duerch déi sougenannte Beat-Musek beaflosst, déi deemools am komme war.​ D’Schauspiller hu sech nawell zimlech mussen duerch dem Handke säin Text quälen, ouni datt den Text vun enger inzeenéierter Figur gestäipt gouf.

D’Reaktioune vum Publikum ware, wien hätt sech gewonnert, kontrovers. Dat goung vum Laachen bis bei gehäerzten Tëscheriff. Een Zuschauer wollt souguer matspillen. Um Enn vum Stéck hunn déi eng geklappt, déi aner hu gebuht.

"Echte Sensation"

No der Uropféierung huet d’Equipe an engem Bistro gefeiert. Se huet sech dunn awer mam Personal ugeluecht a se ass eraus geflunn. Op der Strooss huet d’Equipe weider gepöbelt bis d’Police komm an déi gouf als "Nazi-Police" titeléiert. D’Enn vum Lidd: d’Publikumsbeschimpfer sinn am Prisong gelant, mee den Dag drop erëm fräi komm.

Dësen Tëschefall hunn deem ganzen natierlech nach méi Feier ginn, an bei der Uropféierung vum Handke senger Publikumsbeschimpfung gouf vum Zitat: "grösstes Theaterereignis des Jahres" oder vun enger "echte Sensation" geschwat.

Den Ament kann ee sécher hei oder do an engem Theater dem Peter Handke seng Publikumsbeschimpfung erliewen. Oder awer och net, well den éisträicheschen Auteur besonnesch an Däitschland net grad nëmme Kollegen huet.

Den Heinrich Heine-Präis

De Peter Handke sollt zum Beispill 2006 de renomméierten Heinrich Heine Preis vun der Stad Düsseldorf kréien. Eng onofhängeg Jury hat dat op alle Fall deemools decidéiert. De Gemengerot vun Düsseldorf wollt d’Decisioun vun der Jury awer net confirméieren an den Handke krut den Heinrich Heine Preis och net.

Déi politesch Responsabel vun Düsseldorf wollten dem Handke de Präis wéinst sengen pro-serbeschen Positiounen an wéinst senge Sympathien fir de verstuerwene serbeschen Diktator Slobodan Milosevic net ginn.

Doriwwer eraus geet et och ëm e Saz vum Handke aus dem Joer 1999, an deem hie gesot huet d’Serbe wieren nach méi grouss Affer wéi d’Judden. Den Handke huet säi Saz zwar selwer verbessert, mee den deemolegen Ministerpresident vun Nord-Rhein-Westfalen, Jürgen Rüttgers, huet gemengt, en Auteur wéi den Handke wier mam Heinrich Heine Preis net kompatibel.