Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Saturday Night with Heavy Petrol

Aircheck-Session

A Saturday Night with Heavy Petrol

Mëtt Dezember huet den Artist Frank Jons wärend der Aircheck-Session vun der Lëtzebuerger Band Heavy Petrol eng Toile gemoolt. Dëst am Optrag vum KUK, dem Kulturkanal, deen am Kader vum Artcheck reegelméisseg mat u Bord ass, wann Samschdes Mëttes intimistesch Live-Concerte vum radio 100,7 an der Escher Kulturfabrik proposéiert ginn. Bal dräi Méint duerno huet de Philippe Hansen beim Frank Jons nogefrot, wéi hien deen Owend erlieft hat.

auto_stories

4 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


Philippe Hansen: Et war eng artistesch Kreatioun, an ärem Fall eng Rei Peinturen déi "in situ" wärend der Aircheck-Session vun der Lëtzebuerger Blues-Rock Formatioun Heavy Petrol entstane sinn. Beschreift eis kuerz dës éischt Experienz, eng, déi Dir bis ewell nach net erlieft hat.

Frank Jons: Et war eng zimmlech aussergewéinlech Erfarung, a wann ee sech un esou eng eruwot, weess een eigentlech guer net, op wat ee sech aléisst, well d'Iddi hannendrun ass déi, net ze fuddelen.

Ech hat Wëlles meng Toile wärend dem Concert fäerdeg ze kréien. Fir d'éischt bereet een alles vir an dann héiert een eng Stëmm, déi de Start fënnef Minutte virdrun annoncéiert, duerno heescht et just nach 4, 3, 2, 1 a schonns geet et lass. Ech hunn eng éierlech Peinture geschaaft a war knapp fënnef Minutte virum Concert domat fäerdeg also war ech eendeiteg am Timing.

Är Konscht besteet aus Faarfexplosiounen, Strécher, mee virun allem aus Punkten a Rondelen, déi an all Himmelsrichtunge fléien. Wéi hutt Dir Iech ugeluecht, fir ären Universum vun intensive Faarwe mat Blues a Rock vun Heavy Petrol ze verbannen, eng Musek, déi éischter méi däischter a momentweis souguer melancholesch kléngt?

Dat ass guer net mäi Genre vu Musek. Ech schaffen am Fong geholl ni mat esou Musek. Wou awer bis alles op senger Plaz stoung an ech op de Prouwen dobäi war, hunn ech mir geduecht, et wier gudde Sound, an dat géif duerchaus funktionéieren.

Et ass schwéier ze erklären, ech, op alle Fall, versetze mech an eng Zort Boule, ze vergläiche mat engem Ablack Meditatioun. Ech gesinn net am Viraus, wat genee op mäi Format kënnt, ech weess dat eigentlech iwwerhaapt ni. An dat interesséiert mech och guer net.

An explosive day (160 x 140), 2020 - Frank Jons

Meng Molerei baséiert op dem fräie Fall, eng Zort Wingsuit-Sprénger, deen um Bord vum Fiels steet an op de Moment waart, fir ze sprangen. Ech probéiere receptiv op de Sound, d'Ambiance an de Rhythmus ze sinn. Déi dreiwe mech virun an doduerch mengen ech, datt et déi richteg Alchimie war, tëschent deem, wat ech héieren hunn, deem, wat a mengem Kapp geschitt ass an deem, wat meng Hänn doraus gemaach hunn.

Wa mer scho vu Rock Rieds hunn oder Musek am Allgemengen, hunn ech matkritt, datt Dir eng Perkussiounsbatterie op d'Frank Jons Manéier designt hutt. Ass dat ee vun de Resultater no Ärer erfollegräicher Missioun an der Kulturfabrik virun e puer Méint?

Jo absolut, eng Persoun koum mat enger blanker Gittar bei mech, déi ech dunn och designt hunn. Duerno war et enger anerer Persoun hir elektresch Gittar, déi ech anengems och geschenkt krut.

Schlussendlech gouf eng al Batterie, vun engem, deen um Concert war, am Hub1535 zu Déifferdeng vun enger Persoun restauréiert, fir datt ech se duerno mat mengem Design iwwerzéien. Zweiwel koumen op wéinst dem Sound, deen eventuell duerch déi vill Faarf anescht géif kléngen. Deejéinege sot, och wa se anescht oder net méi sou gutt géif kléngen, géif hien se awer nach fir ze prouwe benotzen.

D'Batterie gemoolt vum Frank Jons, déi vun Essebi Drum restauréiert ginn ass

Se kléngt wonnerbar an esouguer nach besser ewéi virdrun. Ech fanne virun allem, datt se zanterhier en terribele Look huet. Musek ass Deel vu menger Welt an ech fannen et absolut derwäert meng Welt iwwer anere Weeër kennen ze léieren. Et erlaabt engem am Kapp ze lëften an aner Richtungen anzeschloen.

Géift Dir dee selwechten Optrag nach eemol unhuelen? Beispillsweis och am Kader vun engem anere Museksgenren?

An der Zäit hat ech dee selwechten Exercice mat Klassescher Musek probéiert. Eng aner Kéier hat ech et mat Jazz probéiert, mee Jazz ass méi komplizéiert. Déi Persoun hat mir ronn 40 Stécker proposéiert, vun deenen ech der sollt zwee oder dräi eraus filteren, déi e bësse méi rockeg ewéi klassesche Jazz géinge kléngen.

Et si wonnerbar Erfarungen, déi d'Artisten zwéngen aus hirer Confortzon ze klamme fir eng Zort neie Passage ze fannen. Alles ass gutt fir d'Inspiratioun. Mee, jo, falls d'Occasioun sech nach eemol sollt bidden, géif ech Kapp vir dra sprangen an dat Ganzt nach eemol probéieren.