BUCH-TIPP FIR DE SUMMER Adam spricht vum Raoul Biltgen

69 Abléck an d'Léift an d'Sexliewe vun de Männer bitt de Raoul Biltgen de Fraen a sengem Band "Adam spricht". All Text geet mam Saz "Liebe Frauen" un, uschléissend dann eng Analys vum Mann an all senge Formen. Et ass awer meeschtens just eng, an dat ass déi sexuell. Ob alle Fall e Recueil, deen net just d'Fraen dierft begeeschteren, oder dach? Ob alle Fall e Buch-Tipp fir de Summer - fënnt d'Valerija Berdi.

Valerija Berdi / CZ

Valerija Berdi
Valerija Berdi

"Was denken Männer? Denken Männer überhaupt? Und wenn ja, womit? Wenn Männer tatsächlich noch mit etwas anderem denken als dem Inhalt ihrer Hose, warum sind sie dann so, wie sie sind?"

Op dës - provokativ oder realistesch - Froe probéiert den Adam, ganz aus der Siicht vum Mann, Äntwerten ze fannen.

Dem Raoul Biltgen ass hei mat sengem Adam, deen och blogméisseg ënnerwee ass, reell a provokativ, wierklech op eng ganz amusant, ënnerhalend an intelligent Manéier dat gelongen, wat beim Thema Männer an hir Männlechkeet aus der Siicht vum gemengte staarke Geschlecht meeschtens an d'Box geet.

Iwwer Brëscht a Penissen an Z-Promien

Beim Adam geet och villes an d'Box, virun allem de Bléck op all Formen, Zoustänn, Verpakungen an Entwécklunge vum Penis, et ass deen Numm, deen den Adam no laanger Reflexioun am beschte fënnt an och soss mat ganz vill Humor de Mann op d'Schëpp hëlt ouni peinlech oder blessant ze ginn, au contraire, esou vill erfrëschend Éierlechkeet a Liichtegkeet ka scho begeeschteren.

Natierlech sinn d'Fraen net wäit ewech, wann et ëm d'Sexliewe vu heterosexuelle Männer geet, an och do trëfft den Adam meeschtens den Nol op de Kapp. Hei si seng Inspiratiounsquellen seng Frëndinnen a Bekannten, mat deenen hie sech mol verbal, mol sexuell ausgetosch huet.

Eng weider Source vum Wëssen hëlt den Adam sech aus drëttklassegen Talkshows an Emissioune mat Z-Promien. An esou si seng weider Themen, d'Schéinheetsidealer, Silikonbrëscht, iwwerhaapt d'Brëscht si ganz bedeitend Protagonistinnen am Adam senge Gedankewirrungen.

Ass dat nach sexy?

An do ass vläicht ee klenge Bemol. Den Adam mécht dat, wat bal all Männer gäre maachen, mee hien ass jo och e Mann, dofir muss ech hei Erbaarme weisen: hie seet der Fra, wat fir de Mann, also de gudde Mann, wichteg ass.

Datt Silikonbrëscht net flott si fir unzepaken, datt et dem Mann egal ass, wann d'Fra e puer Kilo ze vill huet, datt eng Schamlippenoperatioun onnéideg an e Geessebäertchen iwwer der Vulva onsexy sinn.

Mee och do vergësst hien net, sech net allze seriö ze huelen, obwuel hie sech - nach emol - typesch Mann - vun all den "Aschlöcher" distanzéiert -, mee dat mécht hie jo och total sympathesch, vläicht e bëssen ze vill ... ass dat nach sexy?

Mee bon, och wann den Adam nach net ganz en agefleeschte Fraepësperer ass, sou gëtt hien d'Hoffnung, datt awer nach emol eppes aus de Männer gëtt ... an hei pauschaliséieren ech grad wéi den Adam, mee heiansdo geet et eben net anescht.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Theodor Adorno
Kultur

Den Adorno war ee vun de wichtegste Geeschteswëssenschaftler vum 20. Joerhonnert. Als Pilier vun der Frankfurter Schule, eng vun de Wéie vu lénker Gesellschaftskritik, hat hie groussen Afloss op d'68er Beweegung an Däitschland.

Valerija Berdi
Buchtipp fir de Summer

Am Mëttelpunkt vun der Lieve Joris hirem autobiographesche Roman steet net si selwer am Fokus, mee hir Famill a virun allem hire Brudder Fonny. De Fonny ass d'Suergekand vun der Famill mat den néng Kanner.

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen