Radioen

On air

Espresso Beats  |  Richard & Linda Thompson - When I Get To The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ahoj Česko!

Leipziger Buchmesse

Ahoj Česko!

De Wieser-Verlag ass schonn zanter Joren op d'Iwwersetzungen a Publikatioune vun der osteuropäescher, zäitgenëssescher Literatur spezialiséiert. Aus dem Gronn feelt dëst éisträichescht Editiounshaus ni op der Leipziger Buchmesse. Tschechien war dëst Joer d'Gaaschtland vun der grousser Bicherfoire a vun de ronn 70 literareschen Iwwersetzungen, déi op der Leipziger Buchmesse virgestallt goufen, sinn der zéng am Wieser-Verlag erauskomm.

auto_stories

3 min

Brécken tëschent Ost- a Westeuropa literaresch opbaue war schonn ëmmer d'Zil vum Lojze Wiese an domat huet den 1954 ze Klagenfurt gebuerenen Editeur schonn 1981 ugefaangen.

Well a Kärnte keng Dréckerei bereet war déi slowenesch Zäitschrëft Slovenski vestnik ze drécken, huet de Lojze Wieser de Drava-Verlag gegrënnt, dee sech am Ufank op slowenesch-däitsch an däitsch-slowenesch Iwwersetzunge spezialiséiert huet, wéi d'Iwwersetzunge vun de Wierker vum Peter Handke.

Zanter 1992 ass den Drava-Verlag en Deel vum Wieser-Verlag, deen elo méi grouss a méi breet gefächert ass. Literatur aus Osteuropa gëtt am Wieser-Verlag grouss geschriwwen.

Elo fir d'Leipziger Buchmesse sinn zéng zäitgenëssesch Wierker aus dem Tschechesche beim Wieser-Verlag op Däitsch iwwersat a publizéiert ginn, seet d'Erika Hornbogner, d'Gerante vum Wieser-Verlag.

"Wir haben sogar mehr Autoren und Autorinnen ausgewählt. Die tschechische Auslese in Kooperation mit dem tschechischen Verlag, der zeitgenössische Autoren in einer kleinen Form zusammengefasst hat, nämlich mit Prosabänden, so dass man einen Überblick bekommt über die zeitgenössische tschechische Literatur. Wir haben aber sowohl andere tschechische Autoren übersetzt, so Marek Toman, der hat ein Prag-Krimi geschrieben, der von den Rezensiounen her, sehr gut angekommen ist und beim Drava-verlag haben wir von Martin Vopěnka "Meine Reise ins Ungewisse" übersetzt und auch ein Kinderbuch aus dem Tschechischen, um das Programm abzurunden."

Et sinn zäitgenëssesch Autorinnen an Auteuren, deenen hir Bicher de Wieser-Verlag elo erausbruecht huet. Et sinn awer virun allem ganz renomméiert Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, wéi d'Marketa Pilatova oder de Michal Ajvaz, deenen hier Wierker vum magesche Realismus beaflosst sinn, beim Jiri Hajcek ass et den Existenzialismus, deen am Virgrond steet. Gëtt et eppes, wat déi aktuell tschechesch Literaten auszeechent, eppes, dat se all verbënnt?

"Gemeinsam haben sie auf jeden Fall die Sprache und ihre gemeinsame Vergangenheit wenn es nicht die persönliche ist, die Familiengeschichte ist ja immer noch da. Aber ich glaube, dass da schon ein grosser Unterschied ist, dass nach 1989 die Autoren sich schon anderen Themen widmen, dass es nicht so ist, die Vergangenheit zu bewältigen, sondern dass es mehr der Blick in die Zukunft ist. Ich glaube, das sieht man in der slowakischen Literatur, genau so in der bulgarischen oder generell in den ehemaligen Ostblockländern."

Europa - en neit Doheem an den Zäite vun der Globaliséierung verschwëmmt wuel och ëmmer méi dat Typescht vun den eenzele Länner - geet et och an der Literatur verluer. Och an der osteuropäescher? Erika Hornbogner?

"Also, ich glaube schon, dass es immer mehr verschwindet oder verschwimmt, aber es wird immer Autoren geben, die sich genau auf diese Wurzeln berufen werden und genauso weiterschreiben werden. Ich hatte heute noch ein Gespräch mit einem jungen bulgarischen Autor, der schon vor ein paar Jahren von einer Übersetzerin von uns übersetzt wurde und er hat jetzt seinen neuen Roman und der spielt in der Jetztzeit. Die Übersetzerin war vor 30 Jahren in Sofia gelebt, also sie kennt die Stadt, die er beschreibt aber sie musste fast wirklich jede Seite Rücksprache mit ihm halten, weil sie die Sprache nicht mehr versteht. Also diese Wortspiele, also, es sind keine Anglizismen eingebaut, alle diese Redewendungen, die Sprache, die in der Stadt passiert, die war ihr komplett fremd."

Méi Informatiounen iwwer de Wieser an Drava-Verlag an déi rezent Iwwersetzunge vun der tschehescher Literatur: https://www.wieser-verlag.com/