Literaresch Rares Op der Sich an den onendleche Bierger

Wonnerschéin Naturbeschreiwungen, e kritesche Bléck op déi politesch Entwécklung an eng mythesch a modern Liebesgeschicht verbënnt den Tschingis Aitmatow a sengem spannende Roman "Der Schneeleopard". Hien erzielt vun der Frëndschaft tëscht engem ale Schnéileopard an engem jonke Journalist am post-sowjetesche Kirgistan.

Valerija Berdi / jcm

Tshingis Aitmatow
"Der Schneeleopard", eng Rees an dat post-sowjetescht Kirgisien

Die Stunde der Jagd bricht für Dschaa-Bars zumeist um Mittag an. Zu der Zeit machen sich die Pflanzenfresser, die Grauziege und der Steinbock -Etschki und Archar, von überall her auf dem Weg zu den Bächen und Flüssen im Gebirge, um ihren Durst zu stillen, was mitunter über die Nacht bis zum nächsten Tag dauert. Zur Tränke ziehen sie alle wohlgeordnet. Mit flinkem federnden Tritt scheinen sie den Boden der Pfade kaum zu berühren, bewegen sich wie hüpfende Ketten in kleine Gruppen, scharf um sich spähend und mit feinem Gehör für alles ringsum, um bei Gefaht wie eine Sprungfeder augenblicklich über den Erdboden davonzuschnellen.

Et ass d’Geschicht vum ale Schnéileopard Dschaa-Bars, deen an de kirgisesche Bierger, eleng a verlooss senger Vergaangenheet notrauert. Enger Vergaangenheet, an där hien d’Alphadéier vu sengem Ruddel war a seng grouss Léift gelieft huet. Et ass och d’Geschicht vum onofhängege Journalist Arsen Samantschin, dee schonn am Viraus säi Kampf, deen hie géint d’Oligarche féiert, verluer huet a vu senger Frëndin Adriana wéinst engem Medienmagnat verlooss gëtt.

No senger Nidderlag géint ee méi jonken a méi staarke Leopard, sicht den Dschaa-Bars an den onendleche Schnéibierger vum Tian Schan no enger Hiel, wou hien op säi Liewensenn waarde wëll. De Journalist awer sicht no Weeër sech u senge Géigner ze vengéieren.

De Samantschin léisst sech a sengem Heemechtsduerf als Dolmetscher bei enger Juegd engagéieren, mat der Absicht, sech hei eng Waff ze besuerge fir säi Rival ëmbréngen ze kënnen. Natierlech geet dee Plang net op, an de Journalist geréit an eng Entféierungsgeschicht, aus där hien net erauskënnt an déi sech dramatesch zouspëtzt.

Naturverbonnenheet

Och wa sech déi zwee Protagonisten, den Arsen Samantschin an den Dschaa-Bars ni begéinen, mol net vun der géigesäiteger Existenz wëssen, verbënnt si Villes, net just de tragesche Laf vun der Geschicht, wou aus Jeeër di Gejote ginn. Nieft dem Aitmatow senger erausstiechender Naturverbonnenheet ass d’Kritik um post-sowjetesche Kirgistan a Russland déi zentral Thematik vun dësem Roman.

Zerstéierung vun der Natur, d’Folge vum wëlle Kapitalismus an Terrorismus fannen hir Plaz an dësem aussergewéinleche Roman, grad esou wéi di detailléiert Beschreiwunge vum Liewen a Stierwe vum Dschaa-Bars an der Onendlechkeet vun de kirgisescher Schnéilandschaft.

Den Aitmatow verknäppt awer och déi mythesch éiweg Braut, déi enger kirgisescher Legend no an de Bëscher a Bierger no hirer verluerener Léift sicht an déi och dem russeschen Originaltitel vum Buch den Numm ginn huet, mat der Problematik vun der Globaliséierung.

Kaleidoskopesch a facetteräich

Näischt ass esou wéi et schéngt, et gëtt kee wäiss a schwaarz, alles a jidderee gëtt mat allen Facettë gewisen: Arabesch Prënzen an d’Solidaritéit vum Duerfvollek, d’Muecht an d’Hëlleflosegkeet, romantesch Mythen an den haarde Realismus, d’Liewen an awer och den Doud. Ganz kaleidoskopesch beliicht den Aitmatow d’Entwécklung vu Mënschen, déi op der Sich no engem bessere Liewe sinn an sou munnech Prozesser ausléisen, déi si selwer iwwerrennen.

Den Tschingis Aitmatow ass mat sengem Roman "Dschamilja" bekannt ginn. Ee Roman, vun deem de Louis Aragon behaapt huet, et wär di schéinste Liebesgeschicht vun der Welt. Den Aitmatow war e beléifte Schrëftsteller an der Sowjetunioun, vun 1989 un war hie Beroder vum Michail Gorbatschow an 1990 war hien och de leschte sowjeteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.

Méi zum Thema

Stanislaw Lem
Literaresch Rares

Science-Fiction ass net onbedéngt e Literatur-Genre, dee jidderee begeeschtert. Mee wann ee mam Pilot Pirx op d'Rees geet, dann erlieft een eng Aventure, déi een net sou séier vergësst.

Alaa El Aswany
Literaresch Rares

Den Alaa El Aswany huet eng realistesch Duerstellung vum aktuellen Egypten zesumme gesponnen. Säi Roman "L'immeuble Yacoubian" huet e regelrechte Flächebrand an der arabeschsproochescher Welt ausgeléist.

Imgard Keun - Gigli
Literaresch Rares

Eng jonk Fra, déi refuséiert sech de gesellschaftlechen Normen ze fügen. Déi wëll onofhängeg sinn an hire Wee goen. An engem Land, dat virum Ënnergang steet. Dat erwaart een an der Irmgard Keun hirem Roman.

Luigi Pirandello - Mattia Pascal
Literaresch Rares

1934 kritt de Sizilianer Luigi Pirandello de Literaturnobelpräis fir "Mattia Pascal". E Roman dee weist, datt héichwäerteg Literatur och ganz witzeg a spannend ka sinn...

Hans Werner Richter - Ein Julitag
Literaresch Rares

Den Hans Werner Richter ass als Grënner vun der "Gruppe 47" an d'Geschicht agaangen. Als Schrëftsteller ass hien éischter onbekannt. Zu Onrecht, fënnt d'Valerija Berdi.

Kafka - Der Verschollene / Amerika
Literaresch Rares

De Roman "Amerika - der Verschollene" ass net dat, wat ee vum Franz Kafka gewinnt ass. Als méi lieweg a faarweg wéi all seng aner Wierker huet de Schrëftsteller vu Prag d'Buch selwer bezeechent.

zypkin.jpg
Literaresch rares

Kleng Meeschterwierker aus der Literatur, déi dem grousse Publik net sou bekannt sinn. Ee Weideren Deel vum Valerija Berdi senger neier Summerserie.

Valerija Berdi Friedo Lampe.JPG
Literaresch Rares

De véierten Auteur an eiser Summerserie ass de Friedo Lampe. Eng cineastesch Erzielperspektiv, e magesche Realismus an en avantgardistesche Stil zeechnen dëse vergiessene Schrëftsteller aus.

die schöne Olessja
Literaresch Rares

Eng Hex, eng romantesch Bezéiung, mee och vill Kritik un der russescher Gesellschaft. All dat stécht am Alexander Iwanowitsch Kuprin senger Erzielung. Summer-Tipp vum Valerija Berdi!

Azarel
Literaresch Rares

Wéi "Azarel" 1937 erauskoum, war d'Buch staark ëmstridden. Haut ass dem Károly Pap säi Roman dem grousse Public awer dacks kee Begrëff. Dobäi ass "Azarel" e Meeschterwierk, fënnt d'Valerija Berdi.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen