Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aki Kaurismäki och zu Lëtzebuerg dee Beschten

Luxfilmfest

Aki Kaurismäki och zu Lëtzebuerg dee Beschten

Nom Sëlwere Bier zu Berlin huet de finnesche Realisateur mat sengem Film “The Other side of hope” och elo de Grand Prix um LuxFilmFest gewonnen. Als beschten Documentaire ass “I am not your negro” vum Raoul Peck ausgezeechent ginn.

auto_stories

5 min

“Dat war och ee Moment eng Diskussioun: solle mer him e ginn? Mee bon, e war an der Selektioun a kloer de beschte Film fir eis”, sot de Lëtzebuerger Realisateur Christophe Wagner, Member vun der Jury vun der offizieller Kompetitioun.

Lauschtert de Christophe Wagner no der Präisiwwerreechung dëse Freideg am Utopolis, am Interview mam Michel Delage:

ITW Wagnerplay_arrow

Christophe Wagner

Dem Film-Veteran Aki Kaurismäki säi Wierk huet deemno néng aner Long métragen an de Schied gestallt: “parce qu’il nous a fait rire, parce qu’il nous a ému, parce qu’il aborde un sujet qui nous semble essentiel en ces temps sombres, et qu’il l’aborde surtout d’une manière à la fois extrêmement pertinente et extrêmement originale”, huet d’Jury hire Choix motivéiert.

“The Other side of hope” erzielt d’Geschicht vun engem syresche Flüchtling, deen a Finland versicht politeschen Asyl unzefroen. De Kaurismäki ass bekannt fir säin dréchnen Humour, säi lakoneschen Erzielstil, säi Goût fir dat Almoudescht a seng lénk politesch Positiounen. An sengem neiste Film, deen och bal zu Lëtzebuerg dierft ulafen (Coup de coeur vum 100,7!), ass dat net anescht.

D’Pressejury huet hirersäits déi bulgaresch Tragi-Comédie “Glory” vum Duo Kristina Grozeva a Petar Valchanov priméiert. An deem Film geet et ëm ee klengen Eisebunner, dee vun enger korrupter politescher Elite instrumentaliséiert an ënnerdréckt gëtt.

D’Kritiker hunn des weideren de chinesesche Bäitrag “I am not Madame Bovary” vum Feng Xiaogang mat enger mention spéciale ervir gehuewen.

James Baldwin am Documentaire "I am not your negro"

Dem haitianesche Realisateur Raoul Peck säin “I am not your negro” huet sech géint sechs aner Wierker an der Documentaire-Kompetitioun duerchgesat. De Rassenhaass an d’Ënnerdréckung vun der afro-amerikanescher Populatioun an den USA gëtt aus der Perspektiv vum bekannte Schrëftsteller James Baldwin kommentéiert. De Baldwin, dee selwer mam Haass a sengem Land konfrontéiert war, war an der Zäit nom Zweete Weltkrich ee wichtegen amerikaneschen Intellektuellen.D’Jury vun den Documentairen huet dem Raoul Peck säi Film mat deene Wierder gelueft:

"Non seulement il parvient à restituer la prodigieuse pensée de l’écrivain James Baldwin et sa formidable puissance d’élucidation, alors que l’adaptation d'un texte au cinéma n’est jamais tâche facile, mais il réussit à révéler, avec un récit écrit il y a plusieurs décennies, l’histoire de la lutte de la population noire américaine jusque dans ses développements les plus actuels. En faisant revivre cette voix profondément singulière, il articule certaines des problématiques les plus décisives pour notre présent troublé et, par bien des aspects, régressif. Sondant la profondeur de l’âme humaine, il invite chacun de nous, par-delà l’appartenance sociale et raciale, à se questionner sur sa vie, son point de vue, ses croyances et ses convictions les plus profondes. Ce film nous ouvre les yeux et nous aide à penser l’autre."

De Raoul Peck konnt net zu Lëtzebuerg sinn, fir säi Präiss z’empfänken. Hie gouf vertruede vu sengem Produzent Rémy Grellety:

ITW Grelletyplay_arrow

Rémy Grellety, Produzent vun "I am not your negro"

De Publikumspräiss geet un “Dark Knight” vum Amerikaner Tim Sutton. De Film analyséiert d’Stëmmung an enger Stad aus dem Colorado Deeg virum Amoklaf an engem Kino am Joer 2012.

Zween aus "Dark Knight" (Foto: DR)

De Prix du jeune publique kritt déi schwedesch Realisatrice Amanda Kernell fir hire “Sami Blood”. Erzielt gëtt de schwierege Parcours vun engem jonke Meedchen aus enger minoritärer Ethnie am Norde vu Schweden, dat sech an déi dominant Kultur wëll integréieren awer net akzeptéiert gëtt.

Zween aus "Sami Blood" (Foto: DR)

De Prix enfants geet un “Auf Augenhöhe” vum Evi Goldbrunner a Joachim Dollhopf, während “Richard der Storch” als Coup de coeur des enfants belount gëtt.

Bei dëser siwenter Editioun vum Luxembourg Film Festival hate bis den um Owend vun der Präisiwwerreechung eng 15.700 Spectateuren de Wee an d’Kinossäll fonnt, 10% méi wéi d’lescht Joer. De Festival dauert nach bis e Sonndeg.

Lauschtert dem Maxi Pesch säi Bäitrag iwwert de Palmarès vum LuxFilmFest 2017:

Palmarès LuxFilmFest 2017play_arrow