Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - In Bloom

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktuell Architektur zu Lëtzebuerg

Luxembourg Architecture Award

Aktuell Architektur zu Lëtzebuerg

Wien duerch Lëtzebuerg fiert, verbënnt eist Land vläicht net op den éischte Bléck mat zäitgenëssescher Architektur. An awer, et gëtt se, déi innovativ Projeten, déi clever a kreativ Léisunge proposéieren. Mam Lëtzebuerger Architektur Präis ginn déi kreativ Käpp hanner cleveren a kreative Léisungen ausgezeechent. Den 12. Dezember ass déi aachten Editioun. Bis dohinner ginn 173 Projete presentéiert, déi an de leschte Joren uechter d'Land gebaut goufen.

auto_stories

2 min

Vun den 173 ganz diverse Baute goufen der 44 fir de LAA, de Luxembourg Architecture Award, nominéiert. Ganz nei ass, datt all Mënsch seng Stëmm fir säi Favorit online kann ofginn.

Bekannt a manner bekannt

Bei de Finaliste ginn et bekannt, wéi och manner bekannt Gebaier. Sou muncher gehéieren zur alldeeglecher Kuliss, wéi de polarwäisse Waassertuerm um Ban de Gaasperech nieft der A1 oder de Luxembourg Learning Center um Belval.

Aner ausgewielte Projete loossen een hanner méi privat Diere luussen a sinn en Temoignage vun der kreativer Palett vu verschiddenen Architekten. Sou zum Beispill de Projet "epic" - eng Residenz vun néng Appartementer, déi vu bausse wéi eng Villa ausgesäit. Domadder passt si perfekt an den haisleche Quartier vum Neiduerf eran a demonstréiert, wéi ee Residenzen och mol anescht baue ka wéi déi bekannte wäiss a gro Cuben.

Zäitgenëssesch trëfft op Geschicht

A Propos Faarf a Kreativitéit. De LAA ass eng gutt Geleeënheet fir ze gesinn, datt et ëmmer méi kreatiivt Potential bei eis am Land gëtt. Mat vill Raffiness gouf den zweete Stack vum Buerglënster Schlass vum Architekt Nicolas Jost reamenagéiert. Bei dësem Projet begéine sech déi historescher Bauten an zäitgenëssescher Gemittlechkeet, an dëst mat simpele geometresche Formen a gedämpten a douce Faarwen a Materialien.

Dëst ass déi aachten Editioun vum LAA. D'Zil ass et, zäitgenëssesch Architektur zu Lëtzebuerg an am Ausland ze promovéieren. Den onofhängege Jury huet sech d'Fräiheet geholl, ronn zéng Projete pro Kategorie auszewielen. Mat där Selektioun wollte si weisen, wéi eng Projeten hirer Meenung no bedeitend sinn, och wann nëmmen ee pro Kategorie gewënnt. Déi fënnef Beräicher sinn agedeelt a bewunnte Gebaier, net bewunnte Gebaier, Innenarchitektur, Infrastruktur an urban Architektur.

Vill Participatioun

Dem LUCA no gouf et dëst Joer esou vill Participatioun um Concours wéi nach ni. Am Beräich Landschaftsarchitekur, wou och den ëffentleche Beräich dra fält, si par konter wäit aus manner Projeten agereecht ginn, wéi an den anere Kategorien. Ob dëst mat de Virléifte vun de Lëtzebuerger Architekten ze dinn huet ass net gewosst.

Wie sech fir Architektur interesséiert huet hei op alle Fall d'Chance sech e gudden Iwwerbléck iwwer déi aktuell Architektur zu Lëtzebuerg ze verschafen. A kann zousätzlech och nach mat ofstëmmen, wie senger Meenung no ausgezeechent soll ginn. D'Projete sinn am LUCA, dem Lëtzebuerger Architektur Zentrum, zu Hollerech ze gesinn oder um Internet Site www.architectureaward.lu.