Radioen

On air

Notturno  |  Donny McCaslin - No Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alaa El Aswany - L'immeuble Yacoubian

Literaresch Rares

Alaa El Aswany - L'immeuble Yacoubian

Den Alaa El Aswany huet eng realistesch Duerstellung an enger filigraner Sprooch vum aktuellen Egypten zesumme gesponnen. Säin éischte Roman "L'immeuble Yacoubian" huet e regelrechte Flächebrand an der arabeschsproochescher Welt ausgeléist.

auto_stories

3 min

Den Aswany entféiert an eng Welt, déi ee guer net gär verléisst

Op d'Fro, wisou hie mat senger Aarbecht net ophält fir just nach ze schreiwen, äntwert den egypteschen Zänndokter, wou hien dann all déi Geschichten an all dat Wësse soll hier huelen, wann net vun de Mënschen, déi a seng Praxis kommen.

Zänndokter, Schrëftsteller, awer och Essayist, lenken Intellektuellen, deem seng Praxis zu Kairo scho méi wéi eemol vun de muslimesche Bridder opgesicht ginn ass, mat der Intentioun de charismatesche Geschichtenerzieler monddoud ze maachen, ass net just wéinst senge Bicher bekannt, mee och fir säin Asaz fir en demokratescht Egypten. Net an enger Partei, mee als Schrëftsteller manifestéiert hie sech ëmmer rëm zur politescher a sozialer Situatioun a sengem Land. An och wann hie villen, manner oppene politesche Gréissten an Egypten en Dar am A ass, ass et seng Popularitéit, déi hie protegéiert.

Bestseller an der arabescher Welt

Säin éischte Roman, l'immeuble Yacoubian ass dat meeschtgeliesent zäitgenëssescht Buch an den arabeschsproochesche Länner. Et ass a 34 Sproochen iwwersat ginn a gouf och verfilmt.

"En 1934, le millionaire Hagrop Yacoubian, président de la communauté arménienne d'Egypte, avait eu l'idée d'édifier un immeuble d'habitation qui porterait son nom. Il choisit pur cela le meilleur emplacement de la rue Soliman-Pacha et passa un contrat avec un bureau d'architectes italiens renommé qui dessina un beau projet: dix étages luxueux de type européenclassique: des fenêtres ornées de statues de style grac sculptées dans la pierre, des colonnes, des escaliers, des couloirs tout en vrai marbre, un ascenseur dernier modèle de marque Schindler. Le resultat fut un joyau architectural qui dépassait toutes les attentes au point que son propriétaire demanda à l'architecte italien de sculpter son nom, Yacoubian, au-dessus de la porte d'entrée..."

Si liewen zesummen an dësem ale Gebai, am Häerz vu Kairo a schénge soss näischt gemeinsam ze hunn: Den aristokrateschen Nostalgiker Zaki, dee sech sou gär u vergaangen a besser egyptesch Zäiten erënnert. De jonken Taha, Fils vum Concierge, deem säi gréisste Wonsch et ass, Polizist ze ginn. Den homosexuelle Journalist Hatim, dee seng Sexualitéit heemlech an a permanenter Angscht auslieft. Déi schéin an houfreg Boussaïna, där hier Naivitéit si an de Misère féiert. An den Azzam, e ganz louche Geschäftsmann.

Sonneg an däischter Säite vun Egypten

Den Alaa El Aswny zeechent unhand vun de Liewensgeschichte vu senge Protagonisten dat aktuellt Egypten mat all senge sonnegen an däischtere Säiten. Déi onkontrolléiert Korruptioun, d'Ënnerdréckung vun der Fra, d'Veruechtung vun der Homosexualitéit, d'Tendenzen zum reliéise Fanatismus, déi sozial Aarmut an déi aus all dëse Phänomener resultéierend Dekadenz.

Hien zeechent awer och d'Schéinheet an d'Diversitéit vun der Léift, d'Déift vun der Verzweiwlung, de Räichtum vu Gedanken an d'Kraaft vun der Hoffnung mat déiwem Respekt a subtillem Humor.

Den Aswany portraitéiert ouni ze beuerteelen an ouni ze veruerteelen. Ganz egal ob hien iwwer de Liewenswee vun engem zukünftegen Terrorist, vu korrupte Politiker, vu mëssbrauchte Prostituéierten oder verluerener Léift schreift. A sou fillt ee sech beim Liesen deen ee Moment an der Welt vun Dausend an enger Nuecht, fir eng Zeil méi spéit an enger grausamer an erschreckender Realitéit unzekommen.

Dem Aswany säi grousst literarescht Virbild ass de jugoslawesche Schrëftsteller a Nobelpräisdréier Ivo Andric. A genee wéi et dësem geléngt, d'Diversitéit vun Usiichten, Gedanken a Gefiller an enger faarweger Welt an dat an all hiren Nuancen zesummen ze spannen, entféiert den Aswany een an eng Welt, déi ee guer net gär verléisst...