Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Albert Camus - Le premier homme

Een Thema, Ee Buch

Albert Camus - Le premier homme

E Wierk vun autobiographeschem Charakter ass dat fragmentarescht Wierk "Le premier homme" vum Albert Camus. E Buch, an deem ee vill Äntwerten op dem Camus säi spéideren Engagement fënnt, eng Hommage u seng Mamm a seng Kandheet.

auto_stories

5 min

De 4. Januar 1960 ass den Albert Camus Bäifuerer vum Michel Gallimard, dem Neveu vum bekannte franséischen Editeur. Si fueren op Paräis, op der Stréck platzt den hënneschte Pneu, den Auto geréit an d'Schleieren a rennt mat der rietser Säit an de Bam: den Albert Camus, 47 Joer al, ass dout op der Plaz.

A senger schwaarzer Mapp läit säi Manuskript, dat 34 Joer méi spéit ënner dem Titel "Le premier homme" bei Gallimard publizéiert gëtt.

En net-fäerdegen Deel

"Le premier homme" ass eng fragmentaresch Autobiographie vum Albert Camus, et sollt e grousst Wierk ginn an dräi Volummen, dësen net-fäerdegen Deel, handgeschriwwen an och mol schwéier lieserlech, mat villen Notten an Ëmännerungen erlaabt en opulente Virgeschmaach op dat, wat hätt kënnen entstoen.

"Sur une deuxième banquette, coincée entre la première et un amoncellement de vieilles malles et de meubles, une femme, habillée pauvrement mais enveloppée dans un grand châle de grosse laine, lui sourit faiblement. Oui, oui, dit-elle, avec un petit geste d'excuse. Un petit garçon de quatre ans dormait contre elle. Elle avait un visage doux et régulier, les cheveux de l'Espagnole bien ondés et noirs, un petit nez droit, un beau et chaud regard marron. Mais quelque chose sur ce visage frappait."

Dëst Gesiicht gehéiert dem Albert Camus senger Mamm, oder dem Camus sengem Alter ego an dësem Wierk, dem Jacques Cormery.

D'Sich nom onbekannte Papp

Et ass d'Gebuert vum Jacques an Algerien, där d'Lieser assistéieren, fir da 40 Joer méi spéit zu Saint-Brieuc ze landen, um Graf vum Jacques Cormery sengem Papp... Den Albert Camus huet säi Papp ni kennegeléiert, deen ass am Éischte Weltkrich 1914 gestuerwen, do war den Albert Camus mol net ee Joer al.

"Le premier homme" ass eng Sich nom dach onbekannte Papp, en Zeréckkomme bei d'Mamm an an eng Kandheet a Jugend, déi dach esou prägend war fir de spéidere Schrëftsteller a Philosoph.

Et ass en immens beréierende Roman. Wuel och well hie mat enger exorbitanter Intensitéit a Prezisioun genee déi Gefiller a Gedanke beschreift, déi engem Immigrant beim Zeréckkommen an déi sougenannten Heemecht net friem dierfte sinn:

Do ass eng Mamm, déi keng Hëllef ass fir sech ze Erënneren, fir de Papp ze fannen. Eng Mamm, déi iwwer e minimale Wuertschatz verfüügt, net liesen a schreiwe kann an net gutt héiert. Eng Mamm, déi duuss Erënnerungen un eng Kandheet mat seelenen Zäertlechkeeten ervirrifft, déi iwwerglécklech ass hire Fils an den Aarm ze huelen, fir kuerz duerno dach den Androck ze hannerloossen, si wier iwwerfuerdert, an hirem Alldag gestéiert.

D'Erënnerung

D'Memoire vun den Aarmen ass manner geniert, wéi déi vun de Räichen, si huet manner Repèren am Espace, well déi Aarm vill méi seelen d'Plaz verloossen, op där si liewen, manner Repèren an der Zäit vun engem uniformen a groe Liewen.

Fir dat Liewen ze erdroen, wier et och besser sech net vill ze erënneren.

De Jacques Cormery erënnert sech, och un eng Groussmamm, déi him duerch hir Dote bewosst mécht, wéi aarm si sinn, wéi vill Bedeitung e puer Su hunn, wann een aarm ass, mee et ass net d'Famill, déi hien drop opmierksam mécht, datt et Weeër aus dësem Misär gëtt. Et si seng Enseignanten, déi dat maachen, an an dësem Manuskript ass dann och de Bréif, deen de Camus sengem Schoulmeeschter geschriwwen huet:

"Cher Monsieur Germain,
Sans vous, sans cette main affectueuse que vous avez tendue au petit enfant pauvre que j'étais, sans votre enseignement et votre exemple, rien de tout cela ne serait arrivé.
Cet honneur là est du moins une occasion pour vous dire ce que vous avez été et êtes toujours pour moi et pour vous assurer que vos efforts,
votre travail et le coeur généreux que vous y mettiez sont toujours vivants
chez un de vos petits écoliers qui, malgré l'âge, n'a pas cessé d'être votre
reconnaissant élève.
Je vous embrasse de toutes mes forces."

"Recherche du père" ass den Titel vum éischten Deel vun "Le premier homme", vill Erënnerungen, Reflexiounen a Gefiller, déi hei festgehale sinn, waren net fir d'Publikatioun geduecht, se sinn duerchgestrach gewiescht oder mam Commentaire versinn: "à supprimer".

An den Titel - Den éischte Mënsch ...

"Et lui qui avait voulu échapper au pays sans nom, à la foule et à une famille sans nom, mais en qui quelqu'un obstinément n'avait cessé de réclamer l'obscurité et l'anonymat [...] cheminant dans la nuit sur la terre de l'oubli où chacun était le premier homme, où lui-même avait du s'élever seul, sans père [...]

il lui avait fallu apprendre seul, grandir seul, en force, en puissance, trouver seul sa morale et sa vérité, à naître enfin comme un homme pour ensuite naître aux autres, aux femmes, comme tous les hommes nés dans ce pays et qui, un par un, essayaient d'apprendre à vivre sans racines et sans foi et qui tous ensemble aujourd'hui où ils risquaient l'anonymat définitif et la perte des seules traces sacrées de leur passage sur cette terre, les dalles illisibles que la nuit avait maintenant recouvertes dans le cimetière, devaient apprendre à naître aux autres, à l'immense cohue des conquérants maintenant évincés qui les avaient précédés sur cette terre et dont ils devaient reconnaître la fraternité de race et de destin."