Radioen

On air

Kultur um 5  |  Caribou - Odessa (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Das Reich von dieser Welt" - vu Kolonialismus, Sklaven a Magie

Literaresch Rares

"Das Reich von dieser Welt" - vu Kolonialismus, Sklaven a Magie

Am Alejo Carpentier sengem "Das Reich von dieser Welt" sti sech Phantasie a Realitéit géigeniwwer fir de Sklavenopstand op Haiti ze beschreiwen. D'Buch ass eng vun de verbuergene Pärelen, déi d'Valerija Berdi a senger Summerserie virstellt

auto_stories

3 min

"Das Reich von dieser Welt" ass eng "absolut liesenswäert Liesepisod" fënnt d'Valerija Berdi

Den Alejo Carpentier gehéiert zu deene bedeitendste latäinamerikanesche Schrëftsteller. Hien gëtt dem magesche Realismus zougeuerdent, enger literarescher Stréimung aus der Mëtt vum 20. Joerhonnert, an där d'Grenzen tëscht Realitéit a Phantasie verschwammen. Besonnesch bei de latäinamerikaneschen Auteure ginn déi staark mat der Kultur verbonne Mythen a Geschichten an d'Literatur mat agebonnen. Dat geet och ganz däitlech aus "El rejo de este mundo", op Däitsch "Das Reich von dieser Welt" ervir. De peruanesche Schrëftsteller Mario Vargas Llosa sot iwwer d'Buch, et wier ee vun deene vollkommenste Romaner.

Haiti an der Kolonialzäit

Protagonist vun dëser phantastesch-mystescher Erzielung ass déi mythologesch Figur Ti-Noel, deem nogesot gëtt, hie kéint sech an e Gräifvull verwandelen. Mee wäit ewech vu Phantasie sinn déi an dësem Roman beschriwwe Schikanen, deenen di afrikanesch Sklaven ënnert dem Regime vu franséische Kolonialisten op Haiti ausgeliwwert sinn.

Den Ti-Noel,selwer e Sklav, bedeelegt sech um éischte Sklaven-Opstand op dësem Deel vun den Hispaniola-Insel. Geféiert gëtt den Opstand vum Mackandal, dee sech domat auskennt, wéi een aus Planze Gëft mëscht. Hie léisst d'Plantagebesëtzer vergëften an iwwerfält d'Plantagen. De Besëtz vun deene Wäisse léisst hien a Brand stiechen.

De Mackandal gëtt awer verroden a gëtt vun de Kolonialiste lieweg verbrannt...

Mackandal lehnte schon am Marterpfahl. Der Henker hatte mit der Zange ein glühendes Scheit gefaßt. Eine Geste wiederholend, die er am Abend vorher vor dem Spiegel eingeübt hatte, zog der Gouverneur seinen Hofdegen aus der Scheide und gab damit den Befehl , das Urteil zu vollstrecken. Das Feuer begann an dem Einarmigen hinaufzuzüngeln und versengte ihm die Beine. In diesem Augenblick schüttelte Mackandal seinen Armstumpf, den man nicht hatte fesseln können, mit einer drohenden Geste, die, nur angedeutet, darum nicht weniger furchterregend war, unverständliche Verwünschungen heulend und den Oberkörper heftig nach vorn schleundernd. Seine Fesseln fielen ab, und der Körper des Negers schoss in die Luft und flog über den Köpfen dahin, ehe er in den schwarzen Wellen der Sklavenmassen versank. Ein einziger Schrei erfüllte den Platz:

"Mackandal sauvé"

No der Befreiung vun der franséischer Herrschaft iwwerhëlt den Henri Christophe d'Muecht, mee d'Peitsche maltraitéieren nees d'Vollek an d'Liewe vun engem Afrikaner ass elo nach manner Wäert wéi während der Ënnerdréckung duerch d'Kolonialisten.

Der Wierklechkeet entfléien

Den Ti-Noel, deen och dësen Despotismus iwwerlieft, zitt sech an dat zerstéiert Haus vu sengem fréieren Herrscher zeréck. Wuel schonn honnertjähreg lieft hien an enger Dramwelt, an där nei Bleechgesiichter kommen an hie sech permanent an aner Déiere verwandelt. Wuel fillt hie sech awer a kenger vun den neie Liewensformen.

Den Ti-Noel erënnert sech un d'Déiereverwandlunge vu sengem grousse Virbild Mackandal. Hie begräift, datt dem Mackandal seng Metamorphosen e ganz anerer Gronn a ganz aner Zieler haten, wéi seng eegen.

Tëscht Geschicht a Fiktioun

Et ass wichteg ze bemierken, datt den Henri Christoph a de Mackandal reell Personnagë waren, déi eng bedeitend Roll an de Sklaven-Opstänn op Haiti gespillt hunn. Oder fir et mat de Wieder vum Mario Vargas Llosa auszedrécken: Bal all Gestalten an Evenementer am Carpentier sengem Roman besetzen eng historesch Wierklechkeet.

Nëmmen den Ti-Noel bleift eng Silhouette. Hie steet stellvertriedend fir all déi Mënschen, déi Onmënschleches erlieft hunn an awer d'Kraaft haten, sech géint all Ënnerdréckung ze revoltéieren. Dës kloer Selbstverständlechkeet vum Kampf ëm d'Fräiheet mécht den Ti-Noel zu enger besonnesch sympathescher Perséinlechkeet an "Das Reich von dieser Welt" zu enger absolut luewenswäerter Liesepisod.

Déi Däitsch Iwwersetzung vum Alejo Carpentier senger Geschicht ass beim Suhrkamp-Verlag erauskomm. Um Site vum Verlag kann de Lieser an d'Buch luussen an e puer Säite vun "Das Reich dieser Welt" liesen.