Radioen

On air

De Moien  |  The Disliked - Money

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Die schöne Olessja", méi wéi eng Libesgeschicht

Literaresch Rares

"Die schöne Olessja", méi wéi eng Libesgeschicht

Eng Hex, eng romantesch Bezéiung, mee och vill Kritik un der russescher Gesellschaft. All dat stécht am Alexander Iwanowitsch Kuprin senger Erzielung. Eng weider verbuerge Pärel aus dem Valerija Berdi senger Summerserie!

auto_stories

3 min

Dem Alexander Iwanowitsch Kuprin seng Erzielung "Die schöne Olessja"

Den 1870 gebuerenen Alexander Iwanowitsch Kuprin huet vill Erzielungen aus dem russeschen Alldagsliewe verfaasst. Seng verschidde Beruffer hunn him de Kontakt zu den ënnerschiddlechste Mënschen erméiglecht, déi da Protagoniste vu senge Geschichte gi sinn. Esou eng Erzielung ass "Die schöne Olessja".

De russeschen Adelegen Iwan Panytsch lieft en halleft Joer laang an engem vu Gott verloossenen Dierfchen. A well hie sech do schrecklech langweilt, mécht hie sech op d'Sich no der Hex, déi enger So no am noe Bësch liewt. Hie fënnt déi al Hex Mmanuilicha, där iwwernatierlech Kräften ënnerstallt ginn. Aus dësem Grond war si aus dem Duerf ausgestouss ginn. Mee net just der sougenannter Hex kënnt den Iwan Panytsch op d'Spuer, mee och hirer Enkelin, der wonnerschéiner an intelligenter Olessja.

Eng vun de bedeitendsten Erzielungen aus dem sëlweren Zäitalter

Wéi et sech fir eng Libesgeschicht gehéiert, verléift den Iwan sech an déi jonk Fra. Mee d'Schicksal mengt et guer net gutt mat dëser Léift... Des traditionell Erzielung gehéiert zu de bedeitendsten aus dem sëlweren Zäitalter vun der russescher Literatur. Och wa se 120 Säite kuerz ass, fänkt si vill Aspekter vun der russescher Gesellschaft vum Ufank vum 20. Joerhonnert an. Dat Urbaant stéisst op dat Ländlecht, den Opgekläerte begéint dem Metaphyseschen, den Humanismus der Barbarei.

Mat staarker Empathie a positive Wierder beschreift de Kuprin d'Liewe vun den zwou verstoussene Fraen an d'Entwécklung vun der Léift tëschent dem Iwan an der Olessja. Et geléngt him och perfekt, den Näid vum Dénger an d'Reaktioune vum Duerfvollek z'illustréieren. Déi staark Präsenz vum Iwwernatierlechen a vum sougenanntene Schicksal irritéiert zwar mat Momenter, se huet awer eng begrënnte Plaz an der Geschicht.

Anti-militarismus

A ville vu senge Wierker kritiséiert den Alexander Iwanowitsch Kuprin d'Arméi. Esou och an "Die schöne Olessja". An der Erzielung mécht hie senger Aversioun géint déi arméiert Muecht, zu där hie selwer 14 Joer laang gehéiert huet, Loft:

Und ich wunderte mich nur über den besagten Buchhalter aus dem Unteroffizierstande und den Landpolizeiaufseher, wenn ich sah mit welch unerschütterlicher Wichtigkeit sie ihre riesigen roten Tatzen den Lippen der Bauern hinhielten.

Den Alexander Iwanowitsch Kuprin war e Supporter vun der Russescher Revolutioun. Och dat kënnt an "Die schöne Oljessa" zum Virschäin:

Zu allem anderen war mir dieses Händeküssen zuwider [...]. Hierbei handelte es keineswegs um die Regung eines dankbaren Herzens, sondern einfach um eine abscheuliche, durch jahrhundertelange Sklaverei und Unterdrückung eingeimpfte Angewohnheit.

D'Liewen als Emigrant

Nieft enger Abberzuel u Novellen huet de Kuprin och Romaner publizéiert, wéi "Das Duell" oder "Der Moloch", an deem hien déi fréikapitalistesch Industrialiséierung a Russland kritiséiert.

1919 ass de Kuprin fir d'éischt a Finnland an dono op Paräis ausgewandert. Hie konnt sech awer net mam Liewen an der Emigratioun offannen. Dat obwuel hien ëmmer vu russesche Schrëftsteller ëmgi war a vill vu sengen Erzielungen a Romaner zu Riga, Paräis, Belgrad a Berlin an den Iwwersetzunge verëffentlecht gi sinn. "Über Russland nach einem optischen Gedächtnis kann ich nicht schreiben", huet de Kuprin notéiert. Hien ass 1937 zeréck an d'Sowjetunioun gaangen, wou hien dann ee Joer méi spéit gestuerwen ass.