Radioen

On air

Grousse Kino  |  Suicide - Rocket USA

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "All About Identity"

Konscht

"All About Identity"

Am Carré zu Hollerech kann ee bis den 28. Mee eng thematesch Expo kucke goen, déi de Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) organiséiert huet. "All About Identity" verbënnt aktuell Aarbechte vun am Ganzen 31 Kënschtler. Ee Fazit léisst sech direkt zéien: Identitéit ass näischt, wat éiwege Bestand huet.

auto_stories

4 min

Wann een de Cercle Artistique de Luxembourg evoquéiert, denkt een automatesch un de Salon. Eng Traditioun déi deemnächst hir 125 Joer feiert. Mä net all Member kann all Joer vertruede sinn. Een internationalen an onparteiesche Jury sicht eng 40 Kënschtler eraus. Fir de CAL-Memberen zousätzlech eng Visibilitéit ze ginn, ginn elo och nach aner Expoen organiséiert. Eng Ausstellung ouni Jury, mä mat engem bestëmmte Sujet.

Dës Kéier ass dat d'Identitéit, erkläert den Hans Fellner vum CAL. "De Begrëff Identitéit ass natierlech esou e Gummibegrëff." Zu Lëtzebuerg wier an deene leschte 15 Joer dacks iwwer de Sujet diskutéiert ginn. "Et war also d'Iddi och emol kënschtleresch domat ze schaffen a ze kucken, wat dobäi eraus kënnt."

Eng ganz Bandbreet u Konschtwierker

Dat erfreelecht ass: d'Kënschtlerinnen a Kënschtler déi sech ugeschwat gefillt hunn, hu sech mat ganz ënnerschiddleche Volete vum Begrëff Identitéit ausernee gesat. "Mir haten nëmme kuerz Zäit mam Opruff fir eis Expo. Do krute mer ganz eegestänneg Aarbechten iwwer d'Thema Identitéit eragereecht. Et ass eng ganz Bandbreet ausgeféiert ginn, dat geet vu ganz privaten a perséinlechen Aarbechten zu méi sozialen an historeschen."

Sou weist sech: Dat ganzt ass méi wéi d’Zomm vun den Eenzeldeeler. An engem klenge Begleettext huet den Hans Fellner sech d’Méi gemaach, déi eenzel Facetten vum Begrëff "Identity," déi sech bei der Expo erauskristalliséiert hunn, ze labelen. "Et gi Leit, déi hu sech mam 'Alter Ego' beschäftegt, mam 'anonymen Ech', mam 'groussen Ech' awer och mat Portraiten a Selbstportraiten." Et géing och ëm dat sougenannte "Face in the crowd" goen. "Dat heescht de Verloscht vun der Identitéit oder d'Identitéit, déi net méi z'erkennen ass."

Identitéit ass eng Illussioun

Geschaaft goufen dës Aarbechten deels vu confirméierten Artistinnen an Artisten, déi ee regelméisseg och um Salon virfënnt. Aneren ass een, aus wéi enge Grënn och ëmmer, an deene leschte Jore manner begéint. Déi eng oder aner jonk Decouverte ass awer och dobäi. Interessant sinn d'Wierder, déi den Hans Fellner gebraucht fir d'Ausriichtunge vun de Wierker ze beschreiwen: Fragilitéit, Verloscht, Anonymitéit. Bal kritt een d'Impressioun datt, wann ee sech mat Identitéit beschäftegt, automatesch och eng Aart Verzweiwlung mat schwéngt.

"Natierlech beréiere mir séier och de Sujet vum Elengsinn, wa mer iwwer Identitéit am poeteschen oder kënschtlereche Sënn schwätzen. Am Fong ginn et awer och vill positiv Aussoen an de Konschtwierker, mat engem staarke Sebstwäertgefill. Dat ass jo och e Begrëff ronderëm d'Identitéit. Identitéit ass näischt Fixes, mä se kann all Moment eppes anescht sinn. Et ass eng Illusioun, déi hei op eng gutt Manéier opgeléist gëtt." Eis Identitéit géing sech permanent änneren, "well mir eis änneren an och de Kontext sech ännert."

Chiara Dahlem

Eng Thematik déi sech, mobil wéi mer an deene leschte Joren a Joerzéngte gi sinn, gewëssermoosse verschäerft huet. "Déi politesch Diskussiounen déi lescht Joren hu gewisen, datt et gewësse riets, konservativ Tendenze ginn. Déi menge si kéinten eng Identitéit rekonstruéieren oder un enger Identitéit festhalen." Hei géing een d'Verzweiwlung eraus spieren. "Wat ass dat eigentlech eng national oder eng Lëtzebuerger Identitéit," freet sech den Hans Fellner. "Grad an engem Land, an deem mir esou gutt mat villen Auslänner liewen ass se u sech iwwerflësseg."

Aarbechtsgruppe fir extra Ausstellungen

Fir speziell Ausstellungen nieft dem Salon vum CAL ginn Aarbechtsgruppe gebilt, déi de Projet vun A bis Z op d’Bee stellen. An deem heite Fall waren et d'Liliane Peiffer an den Hans Fellner. "D'Kënschtler haten nëmmen ëm déi aacht Wochen Zäit. Et war sécher e bësse knapp mä et huet awer funktionéiert. Et ass sécher, datt all d'Aarbechten net aus dem Tirang kommen, mä déi sinn extra fir de Sujet ausgeschafft ginn."

De CAL wéilt gär nach méi Jonker unzéien a wéilt hinnen eng Plattform bidden. "D'Iddi war, eng oppen Invitatioun u jonk Kënschtler ze maachen."