Radioen

On air

De Moien  |  Loving - No Mast

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Bann vun der Schlaang

Netflix

Am Bann vun der Schlaang

"The Serpent" ass eng atmosphäresch bedréckend BBC-Fiktioun iwwer e Seriekiller, deen an den 1970er Jore westlech Touristen ausgeraibert an ëmbruecht hat. Bei wäitem net perfekt, mee léisst sech kucken.

auto_stories

4 min

Bangkok, Mëtt de 1970er Joren. Den Alain Gautier a seng Fra Monique sinn eng grad esou glamouréis ewéi hëllefsbereet jonk Koppel, där ee kaum ka widderstoen. Mee wann ee sech bis op si agelooss huet, da geet dat meeschtens schif aus : et spiert ee sech op eemol ganz schlecht, a mat all Medikament, datt se engem vertrauensvoll ubidden, ëmmer méi. Et ass ee physesch a psychesch ausgeliwwert, an iergendwann da seng Suen a säi Pass lass, et gëtt ee verschleeft an ëm den Eck bruecht...

Diabolesch Koppel

Alain Gautier, dat ass a Wierklechkeet de Charles Sobhraj, e franco-vietnameesesche Gauner, deen a Südost-Asien (virop Thailand, Indien, Nepal...) eng 18 Touriste soll ausgeraibert an ëmbruecht hunn. Seng Komplizin, Marie-Andrée Leclerc, ass eng Kanadierin aus dem Québec. Déi op aacht Episode konzipéiert Mini-Serie ''The Serpent'' baséiert op der reeller Geschicht vun dëser diabolescher Koppel.

De Motor vun der Erzielung ass d'Enquête vun engem jonken hollänneschen Diplomat. Op eege Fauscht mécht dee sech op d'Sich no zwee vermësste Landsleit, e jonke Mann an deem seng Frëndin. No an no entdeckt den Diplomat weider verdächteg Fäll vu westlechen Touristen, déi verschwonne sinn - an all Kéiers erschéngt de franséischen Edelsteng-Händler Alain Gautier als de gemeinsamen Nenner.

Staark Presenz: Tahar Rahim

De Gautier alias Sobhraj ass e Manipulateur sonnergläichen. Gespillt gëtt hie vum hei impressionnante franséischen Acteur Tahar Rahim, 2009 reveléiert duerch seng Roll am Prisongsdrama ''Un Prophète'' vum Jacques Audiard. Mat minimalistescher Mimik a Gestik verkierpert hien den duerchtrainéierten, mysteriéise Verféierer mam Sonnebrëll, dee seng Affer wéi eng Schlaang a säi Bann zitt an hir Schwächten ausnotzt : bekifften Touristen op hirem New Age-Trip, mee och seng eege Komplizen.

Den Inder Ajay zum Beispill huet sech vu sengem neie ''Brudder'' Charles iwwerriede gelooss, datt de kalbliddege Mord u verwinnten Hippie-Kanner aus dem Westen Deel vum anti-imperialistesche Kampf ass. D'Monique, alias Marie-Andrée, ass eng desorientéiert jonk Fra, déi Trouscht an der Relioun sicht a verzweiwelt op den Dramprënz waart. Mee si ass net déi eenzeg Fra, där de Charles dat Blot vum Himmel versprach huet...

E geféierleche Mann, also, dee Sobhraj, deen awer aus enger fundamentaler Fragilitéit aus agéiert. Am Laf vun der Serie gëtt op säi schwierege familiären Hannergrond verwisen, op säi Mannerwäertegkeetskomplex duerch déi gemëschten europäesch-asiatesch Identitéit. Et ass e Mann, deen ënnerlech zerrappt ass, sech mengt mussen ze beweisen a sech selwer awer net akzeptéiert : dofir eegent hie sech d'Identitéit vun aneren un.

Gefill vu luesem Erstécken

Och d'Erzielstruktur vun ''The Serpent'' wierkt op de Spectateur wéi eng Schlaang, zemools an de fënnef éischten Episoden, deene beschte vun der Serie, déi gréisstendeels ëm en Appartementsgebai mat Swimmingpool an der thailännescher Haaptstad Bangkok kreesen - do herrscht zwar Partystëmmung, jo, mee et ass eng Fal. Déi permanent Zäitspréng, vijenzeg an hannerzeg, vijenzeg an hannerzeg, an d'Widderhuelung vu Schlësselzeenen aus verschiddene Perspektiven, konzentréieren d'Handlung.

Dee vu sengem protestantesche Flichtbewosstsinn ugedriwwenen hollänneschen Diplomat huet dem Killer säi System séier duerchkuckt. Mee wéinst senger widderwëlleger Hierarchie sinn ëm d'Hänn gebonnen. A wann de Sobhraj och nach déi korrupt lokal Police schéngt an der Hand ze hunn, verstäerkt sech d'Gefill vu luesem Erstécken - virun allem aus der Siicht vu potentiellen Affer, mat deene sech de Spectateur identifizéiert.

Op déi voyeuristesch Duerstellung vu Gewaltakten, déi typesch ass fir de Seriekiller-Genre, gëtt hei gréisstendeels verzicht, zugonschte vun engem an exotesch-psycheedelescher Atmosphär agedauchtem psychologesche Thriller. Dat ass ee vun de Pluspunkte vun ''The Serpent''.

Wéi schwätzen déi dann?!

Allerdéngs ass bei wäitem net alles perfekt. D'Intensitéit léisst an deenen dräi leschten Episoden no, wann ee bis déi klaustrophobesch Ambiance vu Bangkok verlooss huet. An dann ass et onverständlech, firwat ee fir eng ganz Partie Niewerollen englesch Acteuren agesat huet, fir aner Nationalitéiten ze spillen - a ville Fäll wierken d'Accente forcéiert.

De Billy Howle als nerdegen hollänneschen Diplomat a seng däitsch Fra, gespillt vun der Ellie Bamber, kommen nach relativ credibel eriwwer. Mee der Jenna Coleman keeft een d'Roll vun der Monique mam beschte Wëllen net of, wa se mat hirem scho gebrachene Franséisch och nach versicht, eng Zort Québec-Accent drop ze praffen. Fir eng esou ambitionéiert Produktioun sinn dat onverzeilech Defiziter.

''The Serpent'' ass alles anescht ewéi e Meeschterwierk, an awer bleift d'Serie wéinst senger iwwer laang Strecken erdréckender Atmosphär duerchaus kuckenswäert.