Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der éischter Rei um Filmset vun "Alien: Covenant"

Film

An der éischter Rei um Filmset vun "Alien: Covenant"

Als Set dresser a Stand-by fir d'Aussenzeene vum Ridley Scott-Film war de Stefan Henkes mat der Nues vir bäi. Beim Dréi an Neuseeland konnt hien ënner anerem de Michael Fassbender an d'Katherine Waterston live bei der Aarbecht gesinn. Als Set dresser huet hien déi spektakulär Landschaft vun Neuseeland a kënschtlech Planzen an Zeen gesat.

auto_stories

4 min

1979 koum deen éischten Alien-Film an de Kino. Mam Monster, dat onbemierkt an engem Astronaute-Kierper eru wiisst an op eng Kéier aus deem senger Haut eraus gesprutzt kënnt. No enger Rei Sequels, déi anerer an Zeen gesat hunn, huet de Ridley Scott mat "Alien: Prometheus" de Fuedem nees opgegraff. Den Ament leeft d'Fortsetzung zu deem Film, "Alien: Covenant" bei eis am Kino. Als Set dresser ass de Stefan Henkes dofir zoustänneg de Set z'entwerfen an Entscheedungen ze huelen, wéi de Set soll ausgesinn. "Et dierf een am Prinzip entscheede wéi et an dem fäerdege Film wäert ausgesinn."

"D'Gras war guer net do"

D'Aussenzeene sinn am Süde vu Neuseeland am Fiordland gedréit ginn. "Do dréinen ze dierfe war scho spektakulär", seet de Stefan Henkes. "Wat een am Film gesäit, ass déi Landschaft, déi et tatsächlech op der Plaz och gouf."

De Stefan Henkes huet als Set dresser awer och mat kënschtleche Planze geschafft.

"Wann een de Film gesäit, ginn et zum Beispill e puer Zeene wou d'Schauspiller duerch Meter-héicht Gras lafen. Mee d'Gras war guer net do. Dat huet op der Plaz missten esou installéiert ginn. Eng aner Zeen, déi d'Leit bestëmmt gesinn hunn, ass an engem grousse Weessfeld . Och hei war de Weess net do an huet missten op der Hand produzéiert ginn. Da muss een dat natierlech ausgesi loossen, datt de Spectateur am Kino setzt an denkt 'dat ass jo wierklech sou!'"

Als Stand-by wier d'Team vum Stefan Henkes och bei den Dréiaarbechte selwer dobäi gewiescht an och nach während dem Film um Set geschafft. "Dat war natierlech eng ganz spannend Geschicht, fir de Ridley Scott, de Michael Fassbender an d'Katherine Waterston beim Dréi live z'erliewen." Generell wieren dat ganz professionell, fein an einfach Leit, seet de Stefan Henkes.

Trailer vun "Alien: Covenant"

Stëmmung um Set

Um Set wier dem Stefan Henkes no e gewëssen Drock an Uspanung ze mierke gewiescht, well et em vill Sue geet. "Wann ze laang getrentelt gëtt an et net richteg weidergeet, da gëtt jiddereen op d'Plaz gesat." Et wier och e strengen Dréi-Rhythmus um Set gewiescht. Datt den Direkter Ridley Scott nach mat 80 Joer den Toun uginn hätt an all Handgrëff nach eng Kéier iwwerpréift hätt wier onglaublech.

"Et muss ee sech virstellen, wann ee mat fënnef Kameraen dréint ass dat mat vill Organisatioun verbonnen an da muss alles sëtzen. Do war schonn d'Uspanung grouss. Wann ee, wéi de Ridley Scott d'Usoë mécht, dann ass jidderee beandrockt an héich motivéiert."

Ganz genee hikucken

"Alien:Covenant" leeft aktuell och zu Lëtzebuerg am Kino. De Stefan Henkes huet de Film mëttlerweil zweemol gesinn. Eng Kéier am Original an eng Kéier an der Däitscher Iwwersetzung.

"Bei der éischter Kéier war ech zimlech nervös. Et hofft ee jo natierlech, datt ee gutt Aarbecht gemaach huet an net ze vill vun der eegener Aarbecht erausgeschnidde gouf. Wat awer och passéiert ass. Et si bestëmmt fënnef oder sechs Zeenen, wou mir vill geschafft hunn, déi guer net am Film dra sinn. Vläicht wäerten se awer bei enger méi laanger Versioun op DVD dobäi sinn. Grondsätzlech hunn ech de Film déi zweete Kéier scho méi genoss, an et wäert bestëmmt nach eng drëtt oder véiert Kéier dobäi kommen. Well einfach sou vill Andréck do sinn, déi ee selwer erlieft huet, da wëll ee sech dat nach eng Kéier ganz genee ukucken."

De richtege Moment op der richteger Plaz sinn

No "Alien: Covenant" an Neuseeland huet de Stefan Henkes nach aner Film- an Televisioun Projeten do gemaach. Säi leschte grousse Projet war zu München am November. Dat wichtegst an dëser Branche wier, datt een Erfahrung kéint opweisen, mengt de Stefan Henkes. Mat der Bedeelegung u verschiddene Kinosfilmer wier hien an dem Beräich gutt opgestallt. Datt hie bei esou enger grousser Produktioun konnt matschaffen, hätt dem Set dresser no verschidden Ursaachen.

"Et muss een de richtege Moment op der richteger Plaz sinn an déi richteg Leit treffen, sech net ze domm ustellen a sech gutt verkafen. An da kann een d'Chance kréien, bei engem Film matzeschaffen. Sou ass et mir jiddefalls ergaangen."