Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Nuecht gëtt et geféierlech

Filmkritik

An der Nuecht gëtt et geféierlech

Genrekino kann heiansdo méi iwwert eng Aktualitéit erzielen, ewéi de sougenannte Konschtkino. Amerikanesche Genrekino duerchlieft grad eng ganz interessant Phase. Ee vu senge Vertrieder ass "It Comes At Night" vum Trey Edward Shults.

auto_stories

3 min

Den Horrorfilm ass, si mer emol éierlech, ee vun deenen interessantste Filmgenren, déi de Kino ze bidden huet. Den Horrorgenre huet natierlech och immens immens vill qualitativ "horrorméisseges" ervirbruecht. Mä wann een dës Gattung u Filmer an d'Potenzial vun de Codë seriö hëlt, da komme Filmer fir d'Éiwegkeet un d'Dagesluucht. Déi beschten Horrofilmer erzielen nämlech eppes ganz aneres, wéi dat wat se engem weisen. An dat huet eng immens laang Traditioun.

Beim Jacques Tourneur war den Horror eng duerch an duerch psychologesch Affär. Am "Cat People" aus de fréien 1930er Joren ass et, einfach gesot, ëm d'Befreiungsversich vun enger jonker Fra gaangen, op sexuellem, ewéi och gesellschaftlechen Niveau. Den George A. Romero huet mat senge fréien Zombie-Filmer méi grouss gesellschaftlech Sujeten ugeschwat: Mol goung et ëm d'Rassendiskussioun, mol ëm de Konsumwahn vum American Way of life. Ëm Zombien ass et ni wierklech gaangen.

Absolut kee "Friede, Freude, Eierkuchen"

Den Trey Edward Shults léisst mat sengem neie Film "It Comes At Night" de 70er-Esprit am Horror nees opliewen. Matzen am Bësch, isoléiert vu allem a jidderengem, huet e Papp, de Joel Edgerton, en Haus an engem Mooss fir seng Fra a säi Kand rafistoléiert an zou gebunkert. Esou wëll hie verhënneren, datt eng net weider bekannten an awer déidlech Gefor bei si erakënnt. D'Gefor ass reell, well se am Ufank vum Film de Grousspapp aus der Famill ewech rafft. D'Famill ass natierlech eleng, mä déi nei "Hausuerdnung" funktionéiert. Bis dat enges Nuets e Mann versicht anzebriechen. Et stellt sech eraus, dee war just op der Sich no Proviant.

De Regisseur Trey Edward Schultz bei den Dréiaarbechten (Foto: Eric McNatt)

Den Onbekannte gëtt kuerzerhand iwwer d'Nuecht un e Bam ugestréckt. No Bespriechung mat senger Famill entscheet de Papp, de Mann mat senger eegener Famill bei sech opzehuelen. Friede, Freude, Eierk... guer näischt. Illusoresch maache si wéi wann alles an der Rei wier, mä déif dran huet jiddereen am Haus Angscht virun deem anere senge Motivatiounen. Lues a lues verbreet sech esou eng Paranoia.

Psychologeschen Thriller mat Huit-Clos Kader

"It Comes At Night" huet vläicht manner eppes mat engem "straighten" Horrorfilm ze dinn, ewéi mat engem psychologeschen Thriller mat Huit-Clos Kader an Horrorfilm-Elementer. Tatsächlech amuséiert sech de Realisateur a sengem konsequent duerch an duerch däischter schwaarze Film mat Genrecoden, déi fir Spannung an Héngerhaut suergen. Mä dat ass fir den Typ just nëmmen e Spill mat der Form. De Film geet duerchaus méi wäit. A sengem Portrait vu Paranoia am Zesummenhang mat engem potenziellen, mä net garantéierten, apokalypteschen Zeenario weist de Schults, wéi wäit en Amerikaner geet fir seng Famill ze schützen.

Respektiv zu wat fir Grujelegkeeten een am Numm vun der Famill capabel ass. De Kommentar zur Waffekultur geet do natierlech Hand an Hand mat der Geschicht. Grad elo a vläicht vill wéinst der Presidentschaft vum Donald Trump, ass dee klénge Genrefilm "It Comes at Night" immens aktuell. Ouni dobäi eng Grëtz mam Zeigefanger ze weisen. Dofir ass en a senger Stëmmung ze konsequent. Op den Trey Edward Schults huet ee besser opzepassen. Mat deem heite Film féiert hien d'Linn Tourneur a Romero poulriicht weider.