Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Satellite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An engem klengen Dueref ...

Literatur

An engem klengen Dueref ...

Familljesaga, Duerfchronik, Kulturgeschicht - dem Jemp Schuster säi flotten éischte Roman ''Bluttsëffer'' (Edition Imprimerie Centrale) beschreift d'Kontinuitéiten an d'Bréch vum Liewen am fiktive Bauerenduerf Grozeg.

auto_stories

5 min

''Mengs du, eis Famillje wieren esou wichteg, datt hir Geschicht muss opgeschriwwe ginn?

All eenzel Famill ass wichteg. Aus wat besteet dann d'Weltgeschicht? Sinn dat nëmmen déi grouss Schluechten, déi berühmt Kinneken, déi korrupt Peepst?''

D'Referenz op dem Bertold Brecht seng ''Fragen eines lesenden Arbeiters'' weist, wourëms et dem Jemp Schuster geet: d'Welt vun de klenge Leit, vun all deenen, déi net duerch grouss Heldendoten opfalen, mee déi d'Geschicht vill méi mussen iwwer sech ergoe loossen. Am beschte Fall, wa si da mat Rou gelooss ginn, si se mat hirer Aarbecht a mam haarden Alldag konfrontéiert, quitt datt si tëschenduerch alt emol vun de klenge Freede profitéieren, déi esou e Liewen trotz allem nach ze bidden huet.

De Routinier Jemp Schuster, deen ee virun allem fir säin Theater (fir Grouss a Kleng) a fir säi sozialkritesche Cabaret kennt, liwwert mat ''Bluttsëffer'' säin éischte Roman iwwerhaapt. Dës 430 Säite forméieren den éischten Deel vun engem op zwee Bänn konzipéiert Prosawierk, dat sech iergendwou tëschent Familljesaga, Duerfchronik a Kulturgeschicht beweegt. Den zweeten Deel ass och schonn annoncéiert a soll den Titel ''Ouereschlëffer'' droen.

E Liewen, dat sech éiweg schéngt ze reproduzéieren

Erzielt gëtt d'Geschicht vun dräi Éisleker Famillen am Laf vum 20. Joerhonnert, woubäi den éischte Band d'Period 1905-1951 ofdeckt. Et ass engersäits d'Duerstellung vun der Kontinuitéit vu Liewen (an Doud) um Land, gepräägt vun de Gewunnechten an Traditiounen, déi eng Generatioun där anerer iwwerdréit, zesumme mam Familljennumm an dacks och mam Beruff, dee praktesch als zweete Patronym déngt, zum Beispill Miller oder Woner.

D'Hënn vun der Bauerefamill Gerber heesche systematesch Millo, a wéi d'Peepst hu se eng Zuel hannendrun, fir d'Muppe vun hire Virgänger ze ënnerscheeden - et ass de Symbol vun enger Uerdnung, an där jiddwereen an alles seng festgeschriwwe Plaz huet. Am Fall vun de Gerberen ass et ''An Drauwesch'', wéinst dem Drauwestack, deen e Virfar eng Kéier bei d'Haus geplanzt huet, an dee metaphoresch fir de Stammbam steet. Déi moralesch Kontroll vun där klenger Welt assuréiert dann de Paschtouer, deen dofir suergt, datt d'Kierch och am Duerf bleift.

Déi räich Matière vu senge Beschreiwunge vum fiktiven Duerf Grozeg hat de Jemp Schuster bei Hand: 2016 hat hien eng lokalhistoresch Monografie an zwee Bänn iwwer ''Groussbus'' verëffentlecht.

Bréch, vu bausse provozéiert

Et ass eng Welt, déi sech éiweg schéngt ze reproduzéieren, wieren do net déi sëlleg Bréch, ëmmer d'Resultat vun Impulser, déi dës relativ autonom Gemeinschaft vu baussen opgezwonge kritt. Déi wirtschaftlech Desorganisatioun, déi de Krich mat sech bréngt; d'Modernisatioun vun den Infrastrukturen, wéi d'Elektrifizéierung respektiv de Postauto, deen d'Päerdskutsch ersetzt.

Dee wichtegste Broch kënnt duerch den Zweete Weltkrich. D'Nazi-Occupatioun, déi eng zentral Roll am Roman spillt, perturbéiert dat ganzt Duerfliewen: duerch d'Zwangsrekrutéierung gëtt d'Aarbecht um Bauerenhaff duerchernee gehäit, d'Kollaborateuren zerstéieren ural Solidaritéiten, Famille ginn auserneegerappt. D'Schicksal vun der eenzeger jüddescher Famill vu Grozeg ass besonnesch ergräifend.

Dat wat deem jonke Judith passéiert ass dann och den trauregen Héichpunkt vun der allgemenger Ënnerdréckung vun de Meedercher a Fraen, déi sech - a verschiddenen Intensitéiten - wéi e roude Fuedem duerch de ganze Roman zitt.

''All Fra dréit hire Päckelchen..."

Et si jonk Meedercher, där hir Bildung op dat Allernéidegst limitéiert gëtt; Fraen, déi hirem Mann zu all Moment sexuell zur Verfügung ze stoen hunn; Fraen, déi zesumme mat de Kanner gebeetscht ginn an dann och nach zu hirem Péngeger stinn; Fraen, déi sech dem sozialen Drock fügen (''Hatt wollt sech net agestoen, datt et déi duebel Belaaschtung vun enger Mamm a Bauerefra net géif packen.''); asw.

''All Fra dréit hire Päckelchen...'' heescht net fir näischt den Ënnertitel vun de ''Bluttsëffer'', als déi een eng ganz Rëtsch männlech Personnagë ka bezeechnen. Well se awer och als eng Zort Medezin wierken - ënner anerem als effikasst Mëttel géint Giicht -, sinn d'Bluttsëffer am Roman en ambivalent Symbol.

An deem Sënn mécht den Auteur keng Schwaarz-Wäiss-Molerei: et gëtt duerchaus anstänneg Männer, wéi de Personnage vum Gust. De Jemp Schuster differenzéiert och d'Situatiounen, setzt se an e sozio-kulturelle Kontext, weist, datt d'Frae sech deelweis selwer am Wee stinn, well sI hir subaltern Roll verënnerlecht hunn - ënner anerem wéinst hirem kathoulesche Glawen:

''Wat kruten d'Meedercher ëmmer gepriedegt: wann däi Mann dech wëllt, da muss du stallhalen. Du hues him dat versprach. Eng Fra mécht dat net aus Spaass. Et muss wéidinn, esou steet et schonn an der Bibel. Wann et guttgedoen huet, dann has de dech goegelooss an dat hues de da misse beichte goen. De Paschtouer wollt jo och Bescheed wëssen, wat bei senge Scheewercher ënnert dem Diwwi lass war.''

Roman-choral

De Jemp Schuster bréngt et fäerdeg, d'Liewen an all senge Facetten duerzestellen. Dramatesches wéi Anekdotesches gräife wonnerbar aneneen, verzielt an enger Sprooch, déi elo net versicht, e lokalen Dialekt ze reproduzéieren. Dat schränkt dem Roman seng literaresch Ambitioun zwar an, mee erméiglecht doduerch eng relativ flësseg Lektür. D'Personnagen an deem ''roman-choral'' si praktesch all gräifbar, verschiddener wuessen engem souguer un d'Häerz.

Déi jonk Fra, déi am Joer 2004 d'Geschicht vun hirer Famill versicht ze rekonstituéieren, forméiert d'Kadererzielung an den Ulass vun där Familljechronik, déi a laange Flashbacke gewise gëtt. Hir psychesch Krankheet notzt den Auteur an engem Kapitel fir eng imaginär Zäitrees aus. En duerchaus interessanten Usaz, deen hei awer net weiderentwéckelt gëtt: vläicht muss een den zweeten Deel ''Ouereschlëffer'' ofwaarden ...

Et ass, wéi wann de Jemp Schuster am Roman déi literaresch Form vun der Maturitéit fir sech entdeckt hätt. Seng grouss Erfarung mat Theater a Cabaret fléisst natierlech hei mat eran, méiglecherweis ass et dat, wat dem Buch eng gewësse Liichtegkeet gëtt. Mat senge ''Bluttsëffer'' ass him e flotten an interessante Roman gelongen, deen engem ni langweileg virkënnt an den Toun ëmmer richteg geréit. A suivre ...