Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anja Di Bartolomeo - Koma21

Buchkritik

Anja Di Bartolomeo - Koma21

Um Radio 100,7 schreift an erzielt d'Anja Di Bartolomeo Kannergeschichte fir d'Kannerkëscht. Elo ass en neie Roman vun hir eraus komm, an dee riicht sech un eng weider Lieserschaft: dat neit Buch ass e Jugendroman net just inhaltlech, mee och sproochlech.

auto_stories

2 min

D'Anja Di Bartolomeo huet bis elo eng ganz Rei Bicher publizéiert.

Mat hire Kuerzgeschichten "Chamäleons" huet si 2017 den éischte Präis beim Nationale Literaturconcours gewonnen, an 2019 den drëtte Präis fir de Roman Wundholz kritt. Béid Wierker goufe publizéiert.

Dertëschent ass nach 2019 e Buch mat Erzielunge "Nicht zu spät" eraus komm.

Déi 16 Joer al Liv ass d'Protagonistin

Am Koma21 begleede mir d'Liv a verschiddene Sequenze vun hirem Liewen. 2019, 2020, 2021 - jo, virun, wärend an am Noklang vun der Pandemie.

D'Liv ass siechzéng Joer al, lieft mat hirer Mamm an där hire Frënn zesummen, huet e klenge Frëndeskrees an obwuel all Konditioune fir en zefriddent Liewe gi sinn, fillt d'Liv sech net glécklech.

Si ass net frou zu Lëtzebuerg, dofir geet d'Rees heiansdo op Berlin, bei e fréiere Schoulkolleeg, dee mat den Eltere schonn an der Kandheet op Berlin geplënnert ass.

Ee Collage op verschiddenen Ebenen

Et geet an der Zäit hin an hier, et entsteet kee richtege Liesfloss, mee dat passt bei dës Geschicht a bei d'Liv, wou och alles ofgehackt, onkloer, onsécher ass. A bei déi ganz Flemm kënnt och nach den "Aaschlachvirus" derbäi.

Deen eenzege Liichtbléck, deen d'Liv huet, ass mam Cosmo Graffiti sprayen ze goen, mee och dës Gemeinsamkeet ass net vun Dauer.

De Roman besteet ganz vill aus der Liv hire verwurrelte Gedanken an awer och aus villen Dialogen, déi haaptsächlech an der aktueller Jugendsprooch geschriwwe sinn. Dertëschent beandrockend a passend Zeechnunge vun der Giulia Helminger, da Gedichter, SMS-Noriichten...

Fazit

E reegelrechte Collage huet d'Anja Di Bartolomeo hei zesumme gestallt, e Buch, dat een net frou an net gläichgülteg léisst. Et ass eng Steigerung vun Negativitéit, déi dem Liv seng Emotiounen a Gedanken duerchliewen, e permanente Wiessel vun Apathie an Onrou, vun Trauregkeet an Aggressivitéit, vun Egoismus a Matgefill, vu Léift an Haass...

Dat Verluer-sinn a sech eleng a verzweiwelt spiere vum Liv kraucht schonn an de Kapp vum Lieser eran. An den Titel Koma21, do kann een dann och "koma" vun hannen no vir liesen.

Ob et awer elo e Buch ass, dat sproochlech an emotional déi Jonk beréiert an ob do een sech erëm fanne kann, dat ass wuel net u mir ze beurteelen.