Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ice In My Eyes - Arpeggiator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Artikel 13"

Mënscherechter

"Artikel 13"

"Artikel 13" heescht d'Performance, déi d'Sandy Finto mat hirer Equipe am Escher Theater weist. Den Artikel 13 vun der universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter ass de roudem Fuedem vum Stéck, wéi vun der uschléissender Diskussioun.

auto_stories

2 min

Den Artikel 13 vun der universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter seet: "All Mënsch huet d'Recht fir fräi bannen de Grenze vun all Staat ze zirkuléieren a seng Residenz ze wielen. All Mënsch huet d'Recht fir all Land ze verloossen, och säin eegent, an nees a säi Land heemzekommen."

Valerija Berdi: Dir hutt zu dësem Artikel e Stéck inzenéiert, dat de Méindeg den Owend (10.12.18) am Kader vum Internationalen Dag vun de Mënscherechter am Escher Theater gewise gëtt. Wat genee huet Iech dozou inspiréiert?

D'Basis vum Projet ass en Appell à Projet vum 3CL, wou et dorëms gaangen ass ee Stéck zum Thema Migratioun an Emigratioun ze maachen. Mir hunn dunn decidéiert d'Stéck "Artikel 13" opzeféieren.

Wéi setzt een en Artikel, an dësem Fall also den Artikel 13 vun der universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter, als eng Performance ëm?

Mir schaffe souwuel um Thema Flüchtlingen, also Leit, déi aus hirem Land musse flüchten, mee mir thematiséieren och de Phenomen, datt Leit sech e bessert Liewe wënschen, also den amerikaneschen, respektiv den europäeschen Dram. Et geet awer och ëm eis eege Gesellschaft, déi zum gréissten Deel desinteresséiert ass, déi eng Spaassgesellschaft ass, déi alles mécht fir opzefalen, während et op där anerer Säit Mënsche ginn, déi alles maachen, fir sou onsiichtbar wéi méiglech ze sinn. D'Thema ass relativ komplex an d'Stéck weist verschidde Realitéite vu Migratioun. Et geet och ëm Medien, well all d'Informatiounen iwwer d'Medie kommen. Et geet och ëm de Revers vun der Medail, der Nostalgie. "Artikel 13" ass also ee relativ komplext Stéck.

Uschléissend ass och en Debat am Escher Theater virgesinn? Geet et do ëm allgemeng Mënscherechter oder bezitt dee sech spezifesch op den Artikel 13?

Op der Table Ronde "acceuil des refugies a l'epreuve des droits humains, crise humanitaire ou crise de l'humanité", komme souwuel Lëtzebuerger, wéi och Schwäizer Experten zu Wuert.