Radioen

On air

De Moien  |  Aretha Franklin - Every Girl (Wants My Guy)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass e Kino verbrennen och nach Kino?

Luxfilmfest

Ass e Kino verbrennen och nach Kino?

Rekonstitutioun? Transpositioun? Oder einfach nëmme Konfusioun? Mat engem Spill mat der Realitéit an der Illusioun stellt den iranesche Film ''Careless crime" de Spectateur op d'Prouf.

auto_stories

2 min

Eng 480 Mënsche waren 1979 zu Teheran, kuerz virun der iranescher Revolutioun, bei engem Brand an engem Kino ëmkomm. Militant Studenten haten d'Gebai ugestach, aus Protest géint de Schah an deem senger - an hiren Aen - dekadenter pro-westlecher Politik. Dräi vun de véier Brandstëfter ware selwer drop gaangen. Datt et deemools Doudeger gouf war net geplangt: Noléissegkeet an eng Rei vun onglécklechen Zoufäll haten d'Tragedie iwwerhaapt emol méiglech gemaach.

E "Careless Crime" eben, genee wéi den internationalen Titel vum iranesche Realisateur Shahram Mokri sengem Film, deen un dat Evenement uknäppt. Gewise ginn d'Virbereedungen op eng Filmvirféierung; jonk Leit, déi e Film wëlle kucke goen; a véier Männer, déi e Brand plangen. Mee hu mer et elo mat enger historescher Rekonstitutioun ze dinn oder mat enger Transpositioun an d'Géigewaart? Duerch eng Rei (bewosst gestreeten?) Anachronisme komme beim Spectateur Zweiwel op...

Film am Film am Film

Fir weideren Duerchernee suergen déi verschidde Realitéitsniveauen. Nieft engem Film am Film (en iranesche Klassiker) gëtt et och nach ee méi oder manner realistesche Film am Film am Film, dee sech zu enger - dem Uschäin no - onofhängeger Niewenhandlung entwéckelt: dräi Zaldote kucken an der Pampa no enger net explodéierter Rakéit a begéine méi spéit zwou jonke Fraen, déi am fräien eng Filmséance preparéieren: de scho genannten iranesche Klassiker. Christopher Nolan lässt grüßen...

A wiem dat nach net konfus genuch ass, dee gëtt zousätzlech mat enger explodéierter Chronologie zerwéiert, mat Widderhuelunge vun Zeenen a Replicken (natierlech aus verschiddene Perspektive gefilmt), souguer bannent engem Plan séquence - e Stilmëttel, dat an der Filmsprooch eigentlech de Garant par excellence fir "Wourecht" ass...

Brillant Spill mat de Formen

Mee wat ass Wourecht? Wat Realitéit? Wat Illusioun? Huet dat eppes mat deem ze dinn, wat um Ecran leeft? Dem Spectateur geet et genee esou wéi engem vun de Brandstëfter, deen am Ufank vum Film duerch e stackdäischtere Keller gefouert gëtt.

An deem heite Fall gi mir vum Realisateur Shahram Mokri geleet, deen e brillant Spill mat de cinematographesche Formen an Zeen gesat huet. Fir dee Spektakel z'appreciéieren, muss ee sech einfach (ver)blende loossen.