Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Auch Deutsche unter den Opfern"

Theater

"Auch Deutsche unter den Opfern"

Iwwert zéng Joer laang war de nationalsozialistëschen Ënnergrond NSU ëm den Uwe Mundlos, d’Beate Zschäpe an den Uwe Böhnhardt an Däitschland aktiv. Zéng Leit, virun allem mat tierkeschen Originen, hu si tëscht 2000 an 2011 ëmbruecht, ouni dass d'Police doru geduecht huet, datt d'Mordserie a Relatioun mam Rietsextremismus kéint stoen. Mam Stéck “Auch Deutsche unter den Opfern“ weist de Regisseur Tugsal Mogul, weivill bei den Enquête falsch gelaf ass a gedenkt den Affer vun den Uschléi.

Charlotte Wirth / fa, ckl

auto_stories

4 min

“Auch Deutsche unter den Opfern”: an annerhallwer Stonn gëtt de Spectateur mat Informatioune bombardéiert (©Oliver Berg)

Den Tugsal Mogul huet selwer tierkesch Originnen, grad wéi déi meescht Affer vum NSA also. Hie fënnt et schrecklech wéi wéineg déi däitsch Communautéit sech mat den Affer identifizéiert hätt. "Dat Schlëmmst un de Morde war, datt Däitschland sech net ugegraff gefillt huet", seet de Regisseur. Et bräicht ee sech nëmme virzestellen, wéi d'Reaktioun gewiescht wier, wann d'Affer vum NSU Däitscher gewiescht wieren an d'Täter Auslänner. Dem Tugsal Mogul no, wier d'Affär an där Konstellatioun vill méi séier opgedeckt ginn.

Am Stéck gëtt am Detail all eenzelne Mord op der Bühn nogestallt. Den Tugsal Mogul spuert net mat Informatiounen iwwert den Oflaf vun de Verbriechen. Sou ginn zum Beispill d'Fotoen vun den Affer op eng Leinwand projezéiert. Et gëtt schnell evident, wéivill bei den Enquête falsch gelaf ass. A genau dat, wëll de Regisseur mat sengem Stéck erreechen a freet: Firwat ass den NSU iwwert 10 Joer laang nët opgeflunn?

Döner-Morde

Wéi kann et sinn, datt réischt 2011, fënnef Joer nom läschte Mord vun der Serie, den Uwe Mundlos, den Uwe Böhnhardt an d'Beate Zschäpe verdächtegt ginn? "Auch Deutsche unter den Opfern", weist op déi grouss Feeler hin, déi während der Enquête geschitt sinn, mee awer och op déi sougenannt V-Männer, déi den NSU ënnerstëtzt hunn.

Doriwwer eraus thematiséiert d'Theaterstéck och de gesellschaftleche Problem vum latente Rassismus an Däitschland. Während der Mord-Serie deemools huet d'Presse vun "Döner-Morde" geschwat, wat 2011 iwwregens "Onwuert vum Joer" gouf.

Zwee Mol Affer

Et ass dem Tugsal Mogul besonnesch wichteg, den Affer vun den Uschléi eng Plattform ze ginn. Si wieren nämlech gläich zwee Mol Affer gewiescht. D'Enquête vun der Police hu sech systematesch géint di tierkesch Communautéit an Däitschland geriicht: D'Medien hu vun “Dönermorden” geschwat an déi däitsch Autoritéiten hu jorelaang un der Iddi festgehalen, dass hannert den Uschléi eng tierkesch Mafia géif stiechen. Genau dëst gëtt op der Bühn och kritiséiert.

D'Stéck hält mat enger pessimistescher Conclusioun op: D’ Beate Zschäpe, där hire Prozess jo de Moment nach amgaang ass, gëtt zwar veruerteelt mä hatt kënnt op fräie Fouss, well seng Strof duerch déi laang U-Haft als ofgesiess gëllt. An domat sinn d'Enquêten zum nationalsozialisteschen Ënnergrond dann och ofgeschloss.

Mat Informatioune bombardéiert

“Auch Deutsche unter den Opfern” ass e schnellt Stéck. An annerhallwer Stonn gëtt de Spectateur regelrecht mat Informatioune bombardéiert. Dëst läit och dorun, wéi intensiv de Regisseur sech mam Sujet befaasst huet. Néng Méint huet hien fir säi Stéck recherchéiert a war selwer ëmmer rëm beim Prozess zu München dobäi. An och di dräi Schauspiller Lilly Gropper, Dennis Laubenthal an Christoph Rinke waren een Dag op Münche fir sech d'Verhandlungen unzekucken.

Obwuel d'Stéck zanter dem 9. Januar 2015 am Theater zu Münster gespillt gëtt, halen sech Regisseur a Schauspiller géigesäiteg iwwert d'Neiegkeeten vum Prozess um Lafenden a passen d’ Stéck dorops un. “Auch Deutsche unter den Opfern” ass kee Stéck wat nëmmen ënnerhale wëll, mee virun allem eent wat informéiere wëll. De Prozess ëm d’ Beate Zschäpe wier ee Stéck Zäitgeschicht an et géing net duergoen, dass Thema nëmmen iwwerflächlech behandelt gëtt, seet den Tugsal Mogul. An hei wier den Theater eng gutt Plattform fir d'Leit ze erreechen, seet de Regisseur.

"Auch Deutsche unter den Opfern leeft nach bis Enn Mäerz am Theater Münster.

Lauschtert de Bäitrag mit villen Extraiten aus dem Stéck: