Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Becoming vun der Michelle Obama

Buch-Tipp fir de Summer

Becoming vun der Michelle Obama

Bicher fir d'Summerlektür ginn et der wéi Sand um Mier. Fir deen, dee weess, wéi e Genre oder wat fir e Schrëftsteller respektiv, wat fir eng Schrëftstellerin e wiele wëllt, ass d'Saach méi einfach - all déi aner hunn d'Wiel, an déi ass net kleng. D'Angie Maquil huet "Becoming" vun der Michelle Obama gelies.

auto_stories

5 min

De Virwëtz fir an den Interessi un anere Leit hat ech nach ëmmer. Filmer, déi op reelle Fakte baséieren, Dokumentatiounen an ebe Biografien, dat ass dat, wat ech am léifste kucken oder liesen. Wat amerikanesch Politiker-Famillen ugeet, hat ech mech scho mat der Biografie vun der Hillary Clinton befaasst, an elo mat der Liewensgeschicht vun der Michelle Obama, der Biografie "Becoming".

E gudde Start an d'Buch

D'Buch fänkt gutt un, an huet mech och no der Liesprouf, déi ech mir erofgelueden hat, direkt verféiert, weiderzeliesen. Allerdéngs goufen et dunn e puer laang Pausen dertëschent, an deenen ech d'Buch ëmmer nees ewech geluecht hunn, wat fir mech ëmmer en Zeechen ass, datt d'Buch net esou spannend ass, wéi ech gehofft a gemengt hat.

Déi kleng Pausen, déi ech ageluecht hunn, hu mech awer net dovun ofgehalen, Iech et ze recommandéieren als liicht Summerlektür virun allem fir déi Lieser a Lieserinnen, déi sech fir d'Privatliewe vun den Obamaen interesséiert.

E Bléck hanner d'Kulissen

Wie wësse wëllt, wéi d'Koppel, wéi d'Famill privat gelieft huet, wéi se zouenee fonnt hunn, wéi si am Wäissen Haus mam Personal witzeg a manner witzeg Momenter erlieft hunn, ass mat dësem Buch gutt zerwéiert. D'Michelle Obama mécht nämlech virun allem d'Dier vun hirem Privatliewe vun hirem Privathaus grouss op, och déi vum Wäissen Haus, wou si vun 2009 bis 2017 gewunnt huet.

Grad verschidden Anekdoten aus dem White House ware fir mech perséinlech flott, well ech an der Obama-Period zu Washington war an ech esou virum White House stoung a mech gefrot hunn, ob si do hanner deene Fënsteren eraus géife kucken, ob si do géife stoen oder sëtzen an eis nokucken.

An tatsächlech hu si dat reegelméisseg gemaach, wéi Passagen am Buch dat verroden. Passagë mat engem liichten Ënnertoun vu Melancholie. Et ass och dat, wat am Buch zum Ausdrock kënnt: déi natierlech iwwerméisseg Freed iwwer hiert neit Liewen als Presidentekoppel oder als First Lady, mee awer och d'Plo mat all deene streng Reegelen, déi si méi wéi eemol probéiert huet ze ëmgoen: zum Beispill eben och, wa si no bei de Fënstere stoung erauszekucken, wat am White House eigentlech verbueden ass.

Et war net ëmmer einfach

Fräiheet huet fir d'Michelle Obama eng aner Bedeitung kritt vun deem Moment un, wéi hire Mann 2009 als éischten Afroamerikaner zum 44. amerikanesche President gewielt gouf. Si hat souzesoe keng Fräiheet méi. Eege Pläng waren och net erlaabt a wann dach, da mat vill Diskussioun an Organisatioun. Alles dat ass hir net liicht gefall.

Liicht gefall ze akzeptéiere sinn hir och net déi vill Ongerechtegkeeten an den USA, déi si selwer erlieft a gesinn huet, besonnesch wat d'Ausbildung ugeet an d'Akzeptanz an d'Mateneeliewen tëschent schwaarzen a wäisse Matbierger. D'Michelle Obama befaasst sech vill mat deem Thema. Si muss selwer gelidden hunn, éischter ënnerlech, wéi an der direkter Konfrontatioun, mee d'Gefill anescht ze sinn, net richteg zu enger Majoritéit ze gehéieren, dat huet si immens gepräägt an dat beschreift si och a ville Beispiller am hirem Buch "Becoming".

Bis haut setzt si sech ganz geziilt fir Minoritéiten an, fir Fraen, Kanner a Jugendlecher bei hirer Ausbildung ze encouragéieren an zeënnerstëtzen.

De Barack Obama: D'Léift vun hirem Liewen

Et ginn awer och vill lëschteg Passagen am Buch, zum Beispill wéi si d'Renconter mat hirem spéidere Mann, dem Barack Obama, beschreift - si waren zwee jonk talentéiert Affekoten, déi sech an enger Etüd begéint sinn. Si, déi éischter eescht pedantesch Michelle, an dann dee jonken, attraktiven, ganz labbere Barack, dee si mat sengem futtissen Auto fir e Rendez-vous siche koum a sech dorunner guer net gestéiert huet - si awer schonn.

Zwee ganz verschidde Charaktere sinn hei openeegetraff, schlussendlech war et fir si allebéid d'Léift vun hirem Liewen. Och dat léisst d'Michelle Obama eis spieren, wéi frou si mat hirem Mann Barack ass a wéi wäertvoll déi Bezéiung mat him an hiren zwee Meedercher Malia an Natascha.

Eng Befreiung fir d'Michelle Obama

Si kann och ausflippen, zimlech rose ginn, wann et net geet, wéi si wëllt oder wann hire Mann Barack net sou fonctionnéiert, wéi si - och dat beschreift déi fréier First Lady an hirer Biografie. Si ass - esou hoffen ech - relativ éierlech hei an hire Memoiren, an ech hu mir geduecht, datt dat Buch "Becoming" fir si eng Zort Befreiung no aacht Joer First Lady muss sinn:

"Elo kann ech soe wat ech wëll, ech kann undoe wat ech wëll, ech sinn elo endlech ech, an ech si fräi" - voilà!, an dat gefält oder och net.