Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Befreiung vum Alldag

CinEast-Festival

Befreiung vum Alldag

Den Drama ''Mare'' vun der Kroatin Andrea Staka erzielt d'Geschicht vun enger frustréierter Hausfra déi versicht, der Alldagsroutine ze entkommen. Aus der Kompetitioun vum CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

D'Mare, eng Fra vun ëm déi 40 Joer, lieft mat Mann a Kanner an der Ëmgéigend vum Fluchhafe vun Dubrovnik. D'Famill féiert kee Liewen am Floribus, an och soss ass den Alldag net grad spannend. Wéi de Mann, bei deem d'Loft eraus aus, net méi vill Loscht op seng attraktiv Fra huet, trëfft et sech gutt, datt d'Mare enges Daags engem polnesche Bauaarbechter iwwer de Wee leeft ...

Als eng Zort realistesch Alldagschronik aus der Perspektiv vun der Hausfra fänkt de Film vun der kroatescher Realisatrice Andrea Staka un. Gewise ginn esou onspektakulär Ofleef wéi d'Famill, déi ronderëm de Kichendësch sëtzt an ësst; d'Kanner, déi sech moies fir d'Schoul virbereeden; de Mann, deen owes vun der Schicht heem kënnt an eng Béier drénkt, asw. ''Mare'' ass mat enger 16 Millimeter-Handkamera gefilmt, wat den dokumentaresche Charakter vun deenen Zeene verstäerkt.

Onbefriddegt Vitalitéit

Datt an där Famill en déiwe Malaise existéiert gesäit een net op den éischte Bléck. D'Haaptprotagonistin Mare (gespillt vun der Marija Skaricic) wëllt méi vum Liewen, géif gäre schaffe goen. Si léisst sech awer net vill vun hirem Frust umierken, bleift an alle Situatioune relativ geloossen, mécht hirem Mann ironesch Bemierkungen, zum Beispill, op hien net gären eleng doheem bleift, well hien esou ka Pornofilmer kucken ...

Datt an där Fra eng onbefriddegt Vitalitéit stécht, weist eng wonnerschéin Zeen, an där si mat hire Kanner am Mier schwëmmt: gefilmt gëtt am Contre-jour, d'Sonn flackert um Waasser, d'Mare gesäit glécklech aus.

Et ass virun allem d'Mise en scène, déi op hire Problem hindeit. D'Mare gëtt beim Fluchhafen, virum Hannergrond vun de Bierger vun der Herzegowina gewisen. Se wierke wéi en Obstakel, wéi eng Mauer, déi een drun hënnert, op déi aner Säit, op d'Säit vum Liewen ze kommen an een zwéngt, an der Routine stiechen ze bleiwen. D'Fligeren, déi an engem Stéck vum Fluchhafen ofhiewen oder där hir Geräischer permanent am Hannergrond ze héiere sinn, symboliséieren d'Hoffnung, dës Mauer kënnen ze iwwerwannen, d'Méiglechkeet vun der d'Flucht.

Mamm-Jong-Bezéiung

Entscheedend ass am Film der Mare hir Bezéiung zu hirem eelere Bouf, engem Teenager, deen net richteg weess, wat mat sengem Liewen unzefänken, der permanent stiicht, seng Gefiller ënnerdréckt. Och hien hänkt beim Fluchhafen, virun de Bierger, méiglecherweis vun deem selwechte vitalen Drang gedriwwe wéi seng Mamm.

Engersäits wëllt déi hirer Virbildfunktioun gerecht ginn, andeem si dem Bouf verbitt ze fëmmen. Anerersäits hëlt d'Mare sech e Beispill un hirem Jong, wann dee géint d'Reegele verstéisst. Si fillt sech encouragéiert fir friem ze goen, dat heescht fir dat hannert sech ze loossen, wat si drun hënnert ze liewen.

''Mare'' ass en agreabelen, dem Uschäin no einfache Film, an deem vill ze entdecken ass, wann ee gutt kuckt.


''Mare'' leeft nach eng Kéier dëse Sonndeg 18. Oktober um 18:30 an der Cinemathéik respektiv ass online am Kader vum CinEast-Festival ze gesinn.