Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Begrenzte kulturellen Echange

Salon du livre

Begrenzte kulturellen Echange

Um Salon du Livre et des Cultures bidden Editiounshaiser an Associatioune Bicher, Liesungen a Rencontere mat Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen aus aller Welt. Den Interessi bei de Visiteure vum Festival vun de Migratiounen, Kulturen an der Citoyennetéit war awer ganz limitéiert.

auto_stories

3 min

Salon du Livre et des Cultures nennt sech de literareschen Deel vum CLAE-Fest, dat fréier als Asti-Fest bekannt war. An der Entréeshal vun de Foireshale stinn effektiv eng Rei Stänn mat Bicher. Nieft engem Lëtzebuerger Libraire sinn auslännesch Associatioune vertrueden, déi Bicher an hirer Sprooch ausstellen. Et ass Samschdeg Nomëtteg, d'Masse stréimen eran, mä et bleift bal kee bei de Bicherstänn stoen. Ech schwätzen eng Madamm hannert engem vun de spuenesche Stänn un, mä si seet mir, si wier just hei fir ze verkafen, vun de Bicher hätt si keng Anung.

Beim Stand vun de portugisesche Bicher steet eng jonk Fra an en eeleren Här. Et ass de Schrëftsteller, Illustrateur an Editeur José Maria Pimentel. Hien ass awer virun allem wéinst dem Dessin animé Vitinho bekannt, dee vun 1986 bis 1997 op der Portugisescher Tëlee gelaf ass a Honnertdausende vu Kanner an de Schlof begleet huet.

"Osteuropäesch Literatur bleift éischter am Osten"

Samschdeg Nomëtteg, eng Zäit, wou de Festival u sech gutt besicht ass, wat déi iwwerwältegend Autoslawinen, déi op d'Foireshalen duer stréime beweisen. Hannert dem kroateschen Editiounsstand steet de Schrëftsteller Sinisa Matasovic. Gebuer an der Stiedche Sisak am Häerz vu Kroatien huet hie sech am ganze Land en Numm gemaach. Den zweete Präis beim nationale Poetryslam-Concours, Organisateur vu Poesietribunen an och Prosaschrëftsteller. Ob seng Wierker och an aner Sproochen iwwersat sinn, froen ech den Auteur. Op ukrainesch, slowenesch an ungaresch, äntwert de Sinisa Matasovic.

Obwuel Kroatien Member vun der Europäescher Union ass, huet et d'Literatur aus dësem Mëttelmierland net einfach, den Zougang an de Westen ze fannen. Osteuropäesch Literatur bleift éischter am Osten. Wéi gesäit dat de Sinisa Matasovic?

"Do ass schonn eppes drun. Ech weess och net genee, wat d'Ursaache sinn. Vläicht well ech Haiku-Poesie schreiwen. Do sinn awer eenzel Gedichter mol fir Anthologien op japanesch, italienesch a spuenesch iwwersat ginn. Mä meng Prosa ass nach a keng westlech Sprooch iwwersat ginn. Mä ech sinn e jonke Schrëftsteller, ech hoffen, datt d'Situatioun an e puer Joer besser gëtt."

Kee kulturellen Echange

Um Salon du Livres et des Cultures si vill Kulture vertrueden, déi awer net interagéieren. Jidderee bleift a sengem Eck an a senger Sprooch. Keen Echange tëschent den Auteuren. Keng gemeinsam Projeten, keng Diskussiounen, praktesch keng Iwwersetzungen. Weder vun de Bicher, nach op der Plaz. Vill Kulturen - awer all Kultur fir sech.

Mä do kann een net op der éischter Plaz den Organisateuren de Reproche maachen. Si krute mat ronn 7.000 Euro net vill Subside fir de Salon, seet d'Kristel Pairoux, Responsabel fir d'Kommunikatioun beim CLAE.

Déi kroatesch Kënschtlerin Ivana Svragulja ass awer zefridden. Si ass glécklech hei ze sinn an ass och vun de ville Sproochen, déi si ronderëm sech héiert begeeschtert, och wa bei hirem Stand dee Moment just kroatesch ze héieren ass.

Mä den nächste Salon kënnt bestëmmt a vläicht weise sech och hei déi zoustänneg Ressourcë méi spendabel.

Luxemburg. Let's make it happen.