Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei der Esther Kinsky ass dat Onspektakuläert spektakulär

Literatur

Bei der Esther Kinsky ass dat Onspektakuläert spektakulär

Mat hirer lyrescher Prosa, déi d'LieserInnen op eng Rees an Italien mathëlt huet d'Esther Kinsky dëst Joer d'Jury vum Buchpräis vun der Leipziger Buchmesse iwwerzeegt. Déi däitsch Auteure huet awer net eréischt zënter dem gekréinte Wierk "Hain. Geländeroman" hiert aussergewéinlecht Talent fir d'Verschrëftlechung vun Observatiounen an Iwwerleeunge bewisen. Eis Schrëftstellerin vum Mount.

auto_stories

5 min

"Ich mache immer sehr, sehr viele Aufzeichnungen", erkläert d'Esther Kinsky,

"also der Text entsteht dann zwar mit den Aufzeichnungen als Hilfsmittel, aber die sprachliche Formung findet erst statt, wenn die Aufzeichnungen für mich einen Grad der Dynamik entwickelt haben, dass ich weiss, dass daraus ein Text werden kann."

Et huet een den Androck, emol net e Stëbskär géif sech dem Bléck vun der Esther Kinsky entzéien. Der däitscher Schrëftstellerin geléngt dat, wat een an der zäitgenëssescher Literatur dacks vermësst: e Schreiwen, dat graziéis an akribesch ass, dat d'Lieser matrappt, well all Wuert mat ganz vill Sensibilitéit ausgewielt ass.

"Was für eine Schule der Wahrnehmung"

All Saz entféiert op dee Fléck vun der Äerd, op deem d'Esther Kinsky ënnerwee ass, et ass eng Rees, wou just duerch d'Liesen all Sënner stimuléiert ginn. Et gesäit een d'Faarwe vun de Bierger, et héiert een d'Maisfelder knisteren, et richt een d'Hëtzt vum Flaachland an et schmaacht een d'Fiichtegkeet vum Niwwel...

"Mein Land hat weder Berge noch Meer, begann er, es breitet sich flach wie ein ausgelaufener Ozean von einem Horizont zum anderen. Im Sommer blickt man unter schräg an die Stirn gelegter Hand in die Ferne, auf den Lidern liegt das Licht und verklebt die Wimpern, der Blick schwimmt über schwarz gewordene Sonnenblumenfelder, Felder und Wiesen mit flachem, harten Gras." (Extrait aus "Banatsko")

Véier Romaner huet d'Esther Kinsky bis elo publizéiert. Fir dee Leschten, "Hain. Geländeroman" ass si mam Buchpreis der Leipziger Buchmesse ausgezeechent ginn. D'Jury huet hir Decisioun mat de Wierder begrënnt:

"Was für ein stilles, kaum bewegtes, menschenarmes Buch. Seine Farben mangels ausreichender Sättigung vorwiegend im Graubereich. Und seine Ich-Erzählerin eine bloße Hülle, die sich am liebsten davonstehlen würde. Denn an ihr, einer Trauernden, die ihren Lebensgefährten verloren hat, nagt eine Leere, die sich mit der Leere der Umgebung paart. Und zugleich: Was für eine Schule der Wahrnehmung."

D'Jury lueft der Kinsky hir iwwersënnlech Prezisioun, d'Lieser ginn opgefuerdert, dëst Buch ganz lues ze liesen.

An effektiv: et ass kee Buch, dat een iwwerflitt oder duerch dat ee flitt, et ass kee Schmökeren a keng Erhuelung, a grad dowéinst hëlt et engem den Otem, well et iwwerrascht. Grad dat Onspektakuläert ass hei spektakulär.

Esther Kinsky

Vun Italien gepräägt

Et sinn dräi Reesen an Italien, déi am "Hain.Geländeroman" an dräi Kapitelen erzielt a matenee verbonne ginn. D'Ich-Erzielerin huet hire Partner verluer a reest an Italien fir dëse Verloscht ze verschaffen. Si erënnert sech u fréier Italien-Reese mat hirem Partner, awer och un hir Kandheet...

"Italien war tatsächlich ein prägendes Land meiner Kindheit. Das ist autobiographisch und die Ich-Erzählerin kommt ja wieder zurück. Ich habe tatsächlich eine Italien-Erfahrung gehabt, 2015, was vieles an dieser Erinnerung aufgewirbelt hat und mir wurde klar, wie sich Italien verändert hat, das war für mich auch ein Ansatz über eigene Erinnerungen und diese Figur des Vaters (und) eben diese beiden Zeitebenen, von der Gegenwart und der Zeit Ende der 60er, Anfang der 70er Jahre einzubringen."

Et gëtt kee Plot, et gëtt ni e Plot an der Kinsky hire Romaner, et ass een An-den-Dag-era-liewen, ee Seng-Ëmgéigend-wouer-huelen, een Des-Observatioune-festhalen. "Ich muss auch sagen, es können und mögen viele als Mangel empfinden, ich wäre nie in der Lage einen handlungsstrukturierten, handlungsbasierten Roman zu schreiben. Nicht nur, weil es mich nicht interessiert, ich könnte es wahrscheinlich gar nicht", erkläert d'Schrëftstellerin.

"Der Zug glitt weiter, hinterließ die Landschaft leer. Der Wind legte sich, und als ich nach Kanjiža zurückkam, war die Stadt nicht mehr grau. Frühling lag in der Luft, Großmütter saßen auf Parkbänken in der kleinen Grünanlage und beobachteten ihre Enkelkinder. Auf dem Markt standen die Frauen mit leeren Körben und plauderten zwischen den geschlossenen Ständen, in der Tiefe eines Gartens lachten Männer, einer warf abgeschnittenen Reisig aus Baumkronen hinab, ein schwarzer Haufen türmte sich schon am Zaun, vielleicht für ein Feuer." (Extrait aus "Banatsko")

"Jeder muß wissen, worauf er bei einer Reise zu sehen hat und was seine Sache ist", huet de Johann Wolfgang von Goethe am Gespréich mam sengem Frënd, dem Dichter Johann Peter Eckermann gemengt. An d'Esther Kinsky weess, op wat si ze kucken huet. A mat hirer doucer Manéier, d'Landschaft z'erfuerschen, bréngt si e lyresche Rhythmus an hir Prosa.

Persoune bleiwe just Silhouetten

Ass "Hain. Geländeroman" vun Trauer a Verloscht gepräägt, esou ass de Roman "Banatsko", wann och am selwechte Stil verfaasst, eng faarweg Wanderung duerch d'Gebitt vum Banat. Eng Regioun, déi d'Grenzgebitt vun Ungarn, Serbien a Rumänien ëmfaasst. Dëst Wierk ass net esou mënschenaarm wéi den Hain. Trotzdeem bleiwen d'Persoune just Silhouetten, egal ob si vum Harmonikaspiller, den Aarbechterinnen an Aarbechter op de Maisfelder oder hir Nopesch beschreift.

Hir Figure sinn an der Landschaft, am Klima, am Liewensstil vun der Géigend integréiert. D'Kinsky bréngt et fäerdeg, mat dësem atmosphäresche Schreiwen d'Lieser komplett an hire Bann ze zéien...

"Sommerfrische" an "Am Fluss" si weider Romaner vun der 1956 an Nordrhein-Westfalen gebuerener Slawistin. Laang huet si an Ungarn gelieft, mee elo huet si d'Flemm mat der politescher Situatioun a si huet d'Land verlooss. En neit Land, nei Inspiratioun fir Prosa...

Mee d'Esther Kinsky ass virun allem Lyrikerin, a wat si op deem Gebitt ze bidden huet, gesi mer am zweeten Deel vun eiser Schrëftstellerin vum Mount.