"Was soll jetzt werden, wo ich kein Autor mehr sein kann, kein Autor mehr bin? Was soll jetzt werden, wo ich schon so lange jeden Tag hierherkomme und so tue, als wäre ich ein Redakteur, obwohl ich das längst nicht mehr bin? Wo ich jeden Tag herhomme und alle täusche, und zu einer einzigen Lüge werde? Ich gehe durch das groβe Verlagsgebäude und denke, hier gehörst du nicht mehr hin und bald werden sie dich kriegen und was dann? Dann kommen die breitschultrigen Männer, die ich hier noch nie gesehen habe, und treiben mich aus dem Gebäude. Wir gehen an den Schreibtischen der anderen vorbei, und die breitschultrigen Männer zwinkern meinen Kollegen zu. Und die Kollegen schauen, schütteln die Köpfe und schenken sich selbst ein Lächeln, wéil sie gewusst haben, dass es nur eine Frage der Zeit ist. Jetzt haben sie ihn, den Möchtegernredakteur."
Sou maachen, wéi wann déi eege Welt nach an der Rei ass, sech a senger Famill, senge Frënn an Aarbechtskolleegen eppes virmaachen, well wat net däerf sinn, dat kann een net zouloossen, bis et net méi anescht geet, bis ee ganz ënnergeet an eleng net méi aus dem Däiwelskrees erauskënnt ... Esou geet et dem däitschen Auteur, Journalist a Familljepapp, dem Benjamin Maack, Joergang 1978. A sengem Buch "Wenn das noch geht, dann kann es nicht so schlimm sein", zeechent hien an 220 Kapitelen, säi Liewe mat der Depressioun.
"Wir stehen im Tunnel. Wir stehen im Stau". Dat sinn d'Ufankssätz an et ass dësen Tunnel, an deem sech de Maack ëmmer méi verléiert op der komplexer Sich no der Sortie.
D'Akzeptanz vun der Depressioun
De Maack geet fir d'éischt an d'Klinik, wéi hie mengt, datt hie senger Fra a sengen zwee klenge Bouwe säin Zoustand net méi zoumudde wëllt, hien erlieft sech als schlechte Papp, deem d'Gefiller fir seng eege Kanner verschwonne sinn, gesäit sech als e Mënsch ouni Wäert, verluer an der Onfäegkeet, den Alldag, seng Gefiller a seng Gedanken ze geréieren.
Et sinn d'Alldagssituatiounen, déi de Maack probéiert ze meeschteren, wat ëmmer manner gutt geet, et sinn d'Momenter vun der Hoffnung, déi hie positiv motivéieren, a schlussendlech d'Akzeptanz vun der Depressioun. Ganz akribesch beschreift den Auteur, wéi d'Spiral vun der Depressioun hien ëmmer méi erofzitt, wéi schwéier et ass, sech selwer gären ze hunn, e Sënn am Liewen ze gesinn a sech net just als Belaaschtung fir déi aner ze erliewen.
Mat den Nimm vun den diversen Antidepressiva, déi hien all Dag schlécke muss, schreift hien e Gedicht, a mat schwaarzem Humor gëtt d'Liewen an der Klinik beschriwwen, e weidere Versuch mat absurden Duerstellungen dat Dramatescht ze iwwerspillen.
E wichtegt, scho bal couragéiert Buch
D'Angscht virun den eegne Reaktiounen, Suicidegedanken, de Versuch den Ënnergang an d'Lächerlecht ze zéien, besser Momenter, deenen Deeg vu Verzweiwlung suivéieren, Deeg, wou hie guer keng Wierder méi fënnt, ausser op dräi Säite "Fuck" ze schreiwen ...
De Maack beschreift op eng immens literaresch a poetesch Manéier de Wee vun der Depressioun. Ni wierkt et opgesat, ëmsou méi éierlech. An enger Zäit, wou de Mënsch ze funktionéieren huet, mengt der Gesellschaft permanent eppes schëlleg ze sinn, séier verdrängt a vergiess gëtt, wann en net den Uspréch vu Leeschtung, Motivatioun an Ieleboumentalitéit entsprécht, ass et e wichtegt, scho bal couragéiert Buch, dat virun allem Mënschen, deenen Depressioune friem sinn, liese sollen.