Hörspillpräis Bernd Marcel Gonner gewënnt 100,7 radiopräis

De Lëtzebuerger Auteur beandrockt de Jury duerch säi Spill mat Kontraster a mat sengem subtillen Humor. "Wat ass Liewen?", där Fro géif hien a sengem Hörspill nogoen, seet de Bernd Marcel Gonner.

Radiospräis_2018_100komma7_242c.jpg
Guy Arendt (Staatssekretär fir Kultur), Bernd Marcel Gonner, Claude Mangen, Tessy Steffen Koenig (radio 100,7)

De Bernd Marcel Gonner gewënnt den 100,7 radiopräis fir säin Hörspill "Grimmia sessitana oder Einfache Seligpreisungen".

Grimmia sessitana ass e seelent Moos, dat just an den Alpen existéiert, erkläert den Auteur. A senger Geschicht gëtt dëst Moos vun Astrobiologe mat an de Weltall geholl. Gläichzäiteg gëtt e jonke Biolog wéinst deem selwechte Moos vun der Police festgeholl. Hie gëtt verdächtegt, Droge bei sech ze hunn. "Dat huet mat menger Virléift fir Leit ze doen, déi vum Rand kommen. Ech hu vill Frënn aus der Punkzeen", seet de Bernd Marcel Gonner.

Säi Stéck géif op ville verschiddenen Niveaue funktionéieren. Et géif Grousses mat Klengem vermëscht ginn, an Einfaches mat Komplizéiertem. "Et geet ëm d'Fro: Wat ass Liewen?", seet den Auteur.

Spill mat Kontraster

"De Bernd Marcel Gonner huet de Jury beandrockt, duerch d'Spill mat Kontrasten a sengem Text a mat sengem subtillen Humor", seet de Claude Mangen, de President vum Jury. "D'Geschicht gëtt mat einfachen awer staarke Sproochbiller erzielt." Donieft wier de Jury begeeschtert gewiescht vum dramaturgeschen Opbau vum Manuskript, vun der perfekter Maîtrise vun der Sprooch a vun der Poesie vum Text.

De Bernd Marcel Gonner, Joergang 1966, ass ee Lëtzebuerger, deen a Baden-Württemberg lieft. Hien huet Germanistik, Konschtgeschicht an Däitsch als Friemsprooch studéiert a schafft, ënnert anerem, als fräie Schrëftsteller. Hien huet Lyrik, Prosa, Kannerliteratur an Theaterstécker op Däitsch verëffentlecht. 2016 krut den Auteur den éischte Präis am Beräich Kannerliteratur, an 2017 den zweete Präis an der Kategorie "erwuessen Auteuren" beim Concours littéraire zu Lëtzebuerg. Donieft krut hie verschidden international Auszeechnungen.

Déi drëtt Editioun vum 100,7 radiopräis stoung ënner dem Thema Great Expectations. De Concours riicht sech all Joer un Auteuren aus Lëtzebuerg an der Groussregioun. Et ginn Texter op Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Franséisch acceptéiert. De Präis ass mat 3.500 Euro dotéiert. Dat priméiert Wierk gëtt fir eng Diffusioun produzéiert.

Méi zum Thema

Claude Mangen
100,7 radiopräis

2017 ass den 100,7 radiopräis an déi drëtt Ronn gaangen. Am Virfeld vun der Präisiwwerreechung de 7. Februar 2018 gëtt de Juryspresident Claude Mangen en Abléck hannert d'Kulisse vum Concours.

Friederike Majerczyk
100,7 Radio-Präis

Dem Charles Meder säin Hörspill, mat deem hien zejoert den 100,7-Radiopräis gewonnen huet, gouf elo vertount. Den Nolauschterer entdeckt hei d'Welt vum Lina, dat am digitalen Netz gefaangen ass.

Radio-Prais-2017-3.jpg
100,7 Radio-Präis

Dreem, Projeten, eis Inspiratioun, fir d'Welt ze veränneren? Dat ass den Thema vum 100,7-Radiopräis 2017. D'Manuskripter musse bis spéitstens den 1. Oktober 2017 agereecht ginn.

JRRIUE
100,7 Hörspill

JRRUE ass de Gewënner vum radio100,7 Radiopräis 2015. Déi lescht Méint gouf dem Frédéric Zeimet säin Zeenario fir de Radio inzenéiert. Wéi entsteet en Hörspill: Ee Bléck hannert d'Kulissen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen