Radioen

On air

Notturno  |  Klaus Johann Grobe - Discogedanken

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Big is beautiful

Ausstellung am MNHA

Big is beautiful

Eng Mega-Ausstellung: Den Nationalmusée weist seng 15 gréissten Tableauen. Verschiddener passe mol net duerch d'Dier. Wéi gewinnt leet de Musée och grousse Wäert op Lëtzebuerger Wierker.

auto_stories

3 min

Montage vun "Le 18 mars 1871, l'enterrement du fils de Victor Hugo" (Foto: MNHA)

D'Salle Wiltheim am MNHA war fräi. Also ass d'Equipe vum Nationalmusée an hiren Depot kucke gaangen, wat een an de Summerméint fir d'Visiteuren um Fëschmaart un d'Maueren hänke kéint. Dat kléngt stëbseg a langweileg. Wann een awer an der Vergaangenheet Erstaunleches zesummegesammelt huet, ass et ee spannenden Exercice. 15 Wierker goufen ausgewielt, déi an där Konstellatioun nach ni gewise goufen.

De Staatsmusée géif Wierker sammelen, zanter en 1946 seng Dieren opgemaach hätt, sou den Direkter Michel Polfer. Virun allem figurativ Molerei, awer och abstrakt Tableauen. Grad aus de 50er a 60er Joren, wou dat Figuratiivt als Reaktioun op déi abstrakt Period nees méi populär gi wär, hätt de Musée gutt Sammlungen.

Ween ass dee Gréissten?

Vu Patrick Caulfield iwwer Erró, Hervé Télémaque, Gérard Fromager, Alex Katz bis hin zu de Lëtzebuerger Jean-Marie Biwer an Aline Bouvy: big and bigger. "The biggest" ass eng Toile vum André Fougeron mam Titel "Le 18 mars 1871, l'enterrement du fils de Victor Hugo 1952". De Fougeron, deen 1998 gestuerwen ass, war e militante Kommunist a Kënschtler, fir deen eng sozial engagéiert Konscht nëmmen duerch e Retour zum Realismus méiglech war.

"Dat ass dat gréisst Bild, wat mir an eise Sammlungen hunn", seet de Michel Polfer. Den Tableau wär mat iwwer 3,4 op 5,4 Meter sou grouss, datt de Musée en net opgespaant kéint stockéieren. "Wann et gewise soll ginn, gëtt et op der Plaz am Ausstellungs-Sall selwer vun eise Restaurateuren op ee spezielle Chassis montéiert." Ronn dräi Deeg géif de Montage vum Bild an Usproch huelen.

Christian Frantzen - Goldstar, 2008 (Collection MNHA)

Lëtzebuerger, déi ee sech nach konnt leeschten

Um fënnefte Stack vum MNHA ass iwwerdeems eng nei permanent Ausstellung vun zäitgenëssesche Wierker aus der Kollektioun opgaangen. Schonn am Trapenopgang erwaart een eng Konfrontatioun tëscht dem René Margritte an dem Lëtzebuerger Kënschtlerduo Martine Feipel a Jean Bechameil, déi sech vum belschen Surrealist inspiréiere gelooss hunn.

Su-Mei Tsé, Christian Frantzen a Justine Blau sinn och vertrueden. Net nëmme Molerei gëtt gewisen, mee och Fotografien, déi am Kader vum "mois européen de la photographie" um Fëschmaart presentéiert goufen. Um fënnefte Stack dominéieren Acquisitiounen, déi de Musée an deene leschten 30 Joer gemaach huet.

Vill vun deene Wierker wären zu engem Zäitpunkt kaaft ginn, wou d'Artisten nach keng international Renommée haten. Soss hätt de Musée sech dat mat sengem Acquisitiouns-Budget net kënne leeschten, erkläert de Michel Polfer. "Also probéiere mir am Beräich vun der zäitgenëssescher Konscht Artisten z'entdecken, ier se international um Schierm sinn. A wa méiglech bei hinne selwer an net iwwer eng Galerie ze kafen."