Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Diana Ross - Love Hangover

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blockchain an der Filmindustrie

Filmfestival Cannes

Blockchain an der Filmindustrie

Wäert Blockchain d'Filmindustrie laangfristeg veränneren? Dat ass eng Fro, déi dëst Joer zu Cannes um weltwäit gréisste Filmmarché am Mëttelpunkt steet. An dat fir déi éischte Kéier.

auto_stories

2 min

Fir ze verstoen, wéi sech d'Filmindustrie duerch Blockchain wäert veränneren, misst een de System net am Detail verstoen. Dat seet de Sam Klebanov, CEO vun der Start-up Cinezen Blockchained Entertainment. De schwedeschen Distributeur war schonn e puermol zu Cannes um Filmmarché, dëst Joer awer fir déi éischte Kéier mat engem Stand am Blockchain Corner.

What happens in the Blockchain, stays in the Blockchain

Blockchain géif d'Informatioun transparent an onkorrupt maachen, et wier eng nei Aart a Weis fir Transaktiounen ze tracéieren, seet de Sam Klebanov. Dat kënne verschidden Transaktioune sinn, zum Beispill vun Informatiounen, Kryptowärungen oder Terrainen. Blockchain wier eng dezentral Datebank fir Transaktiounen tëschent zwou Parteien, déi all Verännerung transparent erfaasse géif. Alles wat an der Blockchain géif passéieren, géif och an der Blockchain bleiwen.

Dee gréisste Problem an der Filmindustrie haut wier de Manktem u Vertrauen an un Transparenz, seet de Sam Klebanov. Blockchain géif als Finanzéierungsmethod d'Garantie ginn, datt jiddereen deen e Film iergendwou an der Welt keeft oder lount, och tatsächlech bezilt. D'Sue géifen dann och un dee goen, dee se kréie sollt. Dat wier virdrun net de Fall gewiescht. Ee Beispill wiere Leit, déi Rechter un engem Film hunn, mee dës Rechter net un all Land verkafe géifen. Doduerch hätten dann Dausende vu Leit keen Accès op de Film. Et géif een deene Leit duerch d'Blockchain garantéieren, datt si transparent, sécher an direkt bezuelt géife ginn, seet de Sam Klebanov.

Keng Plaz fir mënschlech Feeler

D'Lescht Joer gouf et zu Cannes um Filmfestival nach keen extrat Departement fir Blockchain. Dëst Joer awer goufen eng sëllech Konferenzen iwwer déi digital Finanzéierungsmethod organiséiert an et schéngt, wéi wa sech um Filmmarché alles géif dorëms dréine. Dem Sam Klebanoy no wier dat eréischt den Ufank, Blockchain hätt eng grouss Zukunft:

"D'Blockchain Revolutioun ass menger Meenung esou wichteg wéi d'Revolutioun vum Internet an den 90er Joren. Den Internet huet d'Informatioun accessibel fir jidderee gemaach. Blockchain mécht se Transparent an iwwerpréifbar. Et ass witzeg, well Blockchain nennt sech 'Trustless Technology', well ee kengem muss vertrauen, mee op der anerer Säit kreéiert se grad Vertrauen. Blockchain léist keng Plaz fir mënschlech Feeler."

D'Blockchain schéngt also am Geschäft vum Divertissement ukomm ze si fir ze bleiwen.