Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Maturitéit, mat Frëndschaft ëmzegoen

Big Friendship: How We Keep Each Other Close

Eng Maturitéit, mat Frëndschaft ëmzegoen

Frëndschaft ass eng Bezéiung, déi zwar net institutionaliséiert ass, mee zu de wichtegsten am mënschleche Liewe gehéiert. D'Ann Friedman an d'Aminatou Sow, zwou amerikanesch Autorinnen, hunn hirer Frëndschaft mat "Big Friendship" e ganzt Buch dediéiert.

auto_stories

3 min

D'Chimie huet gestëmmt. Esou kann een de Ufank vun der Ann Friedman an der Aminatou Sow hirer Frëndschaft beschreiwen. Eng Frëndin vun deenen zwou Fraen huet si enee viru méi wéi zéng Joer virgestallt, an et war, dat huet och déi Frëndin deemools scho geaant, e "good match", wéi een op englesch seet.

A "Big Friendship", dem éischte Buch vun hinnen, retracéieren déi zwou Frëndinnen de Wee vun hirer éischter Renconter zu Washington iwwer d'Héichten an d'Déifte vun hirer Frëndschaft.

Eng staark Frëndschaft

Dat kléngt bal wéi eng klassesch Libesgeschicht tëschent der amerikanescher Journalistin Ann Friedman, déi am Bundesstaat Iowa grouss gouf, an der Aminatou Sow, enger digitaler Strategin a Businessfra, déi a Nigeria opgewuess ass. Mee dat ass et awer net, och wann et sech mat Momenter esou liest.

"Big Friendship" ass hiren eegenen Term, dee si als eng Frëndschaft, fir déi et sech ze kämpfe lount, begräifen. Als staarke Rapport, deen d'Liewe präägt, geneesou vill an heiansdo vläicht méi wéi romantesch Partnerschaften.

Hei ass et, wou "Big Friendship" eng interessant an duerchaus wichteg gesellschaftlech Roll anhëlt. Et mierkt een, datt d'Autorinnen dës Form vu Bezéiungen tëschent de Mënsche méi wëllen op d'Agenda setzen.

Frëndschafte sinn net institutionaliséiert

Wie weess net, wéi wéi et deet, wann eng laangjäreg, oder eng frësch, mee schéi Frëndschaft op en Enn geet? Mee gesellschaftlech ass et acceptéiert de Réck ze dréien, wann iergendeppes net méi klappt. Dacks gëtt sech weder ausgeschwat nach un de Problemer geschafft.

Doduercher, datt d'Bezéiung net wéi e Mariage institutionaliséiert ass, an et och keng Famill ass, gëtt et kee soziale Skript dofir, wéi ee sech ze verhalen huet - et léisst ee sech jo net scheeden. Vläicht knuppt et, oder et lieft ee sech tatsächlech auserneen.

Et ass net alles einfach oder schéin

Och d'Ann an d'Aminatou waren ufanks am Glawen, datt Frëndschaft en Espace duerstellt, deen engem eng Paus vun den ustrengende Saachen am Liewe bitt. Déi Attitüd ass an eiser Gesellschaft wäit verbreet. Mee alles, wat iergendwéi e Wäert huet, ass jo net ëmmer nëmmen einfach oder schéin.

Iergendwann gouf et och bei der Ann Friedman an der Aminatou Sow schwiereg - wat och domadder ze dinn hat, datt si Aarbechtskolleeginne goufen, si produzéieren de Podcast "Call your Girlfriend" zesummen. Dee Moment hu si och net richteg gewosst, wéi domadder ëmzegoen ass. Iergendwann hu si decidéiert eng Therapie ze maachen, fir hir Frëndschaft ze retten. Dat kann een iwwerdriwwe fannen, ongewéinlech ass et op jiddwer Fall.

Wéi geet et mat Frëndschaften ëm?

Dat ass et, wat "Big Friendship" auszeechent. Eng Maturitéit, mat Frëndschaft ëmzegoen, déi engem seele begéint, an e Wëllen, sech engem schwierege Prozess opzemaachen a Saachen ze konfrontéieren, u sech ze schaffen, einfach well et sech lount.

Un dëse Volet denkt een dann och, wann d'Lecture ee plazeweis nervt, well den Toun esou amerikanesch ass, an domat ass gemengt coacheg an affirmativ. Hir Vulnerabilitéit an erfrëschend Perspektiv op dës ënnerschate mënschlech Bezéiung tréischten doriwwer ewech, datt den assuréierten Toun vun den Autorinnen heiansdo bal an Arroganz ëmschléit.

Schlussendlech ass et erfrëschend ze liesen, wéi zwou Frae sech iwwer d'Competitioun ewechsetzen, déi a verschiddene weibleche Frëndschaften eng ze grouss Roll spillt. Et ass fir d'Ann Friedman an d'Aminatou Sow e feministeschen Akt fir den Aspekt vun der Collaboratioun ze stäerken. Och dofir hu si e Wuert erfonnt: "Shine Theory" bedeit, datt ee sech géigesäiteg ënnerstëtzt. Ganz nom Motto: "I don't shine if you don't shine".