Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Campagne fir e Koekkoek

Musée National d'Art et d'Histoire

Campagne fir e Koekkoek

Den Nationalmusée rifft zu enger Spendenaktioun op, fir kënnen en Tableau ze kafen. D'Wierk huet en historesche Lien zu Lëtzebuerg. Bezillt de Bierger net scho genuch fir Kultur duerch d'Steieren?

auto_stories

7 min

De Staatsmusée huet en Appel aux Dons lancéiert, fir seng Sammlung kënnen ëm ee wäertvollt Bild ze erweideren. 100.000 Euro wëll den Musée National d'Histoire et d'Art zesummekréien. Ënnert dem Slogan "Tous Mécènes d'un Koekkoek" geet et drëm e Bild kënnen ze kafen, fir dat den normalen Acquisitiounsbudget vum Musée net duer geet.

E wichtegt Wierk fir Lëtzebuerg

Et geet ëm de groussformategen Tableau "Luxemburgische Landschaft mit Burgruine Fels" aus dem Joer 1848. D'Wierk gëtt den Ament am Musée gewisen. Et staamt vum Barend Cornelis Koekkoek, deem wichtegsten romanteschen Landschaftsmoler. De Koekkoek war en absolute Meeschter am Traitement vun der Luucht, an huet fantastesch Himmele gemoolt. "Um artistesche Plang si mir hei an der alleréischter Liga", seet de Michel Polfer, Direkter vum MNHA.

Den Tableau och eng besonnesch Bedeitung fir Lëtzebuerg, duerch de Kontext an deem en entstan ass: Et war eng Commande vum Hollännesche Kinnek a Groussherzog vu Lëtzebuerg Wëllem den Zweeten. Néng groussformateg Landschaftsbiller hat de Kinnek no enger Rees duerch Lëtzebuerg 1845 beim Koekkoek an Optrag ginn.

Aacht vun dëse Biller ware bis zum onerwaarten Doud vum héich verschëlde Kinnik fäerdeg gestalt ginn. Zum néngte koum et dunn net méi. Eent vun den aacht gouf bei engem Brand zerstéiert gouf. Dräi sinn der verschwonnen. Bleiwen der véier, all bei Privatcollectionneuren. Dat hei ass deemno eng eemoleg Geleeënheet fir esou een Tableau kënnen ze kréien.

Crowdfunding amplaz Kulturbudget?

Déi néideg Investitioun fir den Tableau ze kréien geet bei Wäitem iwwert säi Budget eraus. Nom Modell vun auslänneschen Institutioune wéi dem Louvre oder der National Gallery mécht den MNHA also en Appel aux Dons.

Et hätt ee kéinten ee méi traditionelle Wee goen a reng op Mécénat institutionel setzen. De Crowdfunding-Opruff fir den Tableau wär deemno eng Première, seet de Guy Arendt, Staatssekretär fir Kultur. Hien erënnert awer un d'Campagne vum Casino Lëtzebuerg, dee fir seng Ëmbauaarbechte Mäzene gesicht hat. De Ministère wéilt dës Zort vun Aktiounen an Zukunft encouragéieren: "Et ass dem Bierger säi Patrimoine, also ass et och flott wann en doru partizipéiert."

De Bierger partizipéiert scho via Steiergelder, déi ënner anerem dozou déngen fir de Kulturbudget z'alimentéieren. Kéint de Staat also net einfach vu vir era méi Suen an d'Kultur investéieren? "D'Steieren dénge fir vill Saachen, an net nëmme fir d'Kultur," seet de Guy Arendt. Op dësem Wee kéint ee weisen, datt een um Patrimoine interesséiert wär.

MNHA: 350.000 Euro am Joer fir Akaf

Datt de Bierger hei eigentlech zweemol gefrot gëtt zum Patrimoine bäizedroe géif stëmmen, wär awer exzeptionell, sou den Direkter vum Nationalmusée. Den MNHA hätt kee spezifesche Budget fir Acquisitioune kënnen ze maachen. Et gëtt eng jäerlech Dotatioun fir sämtlech Depensen, ausser d'Personalkäschten. Den Acquisitiounsbudget ass dat wat iwwereg bleift. Op zéng Joer gekuckt ergëtt dat eng Moyenne vun ongeféier 350.000 Euro d'Joer. Fir sämtlech Sektioune vum Musée National d’Histore et d’Art.

Fir sech eng Iddi ze maachen, ëm wéi eng Gréisstenuerdnung et geet: Ee vun de véier Koekkoek Tableaue mat Lëtzebuerger Landschaften, eng weider Duerstellung vun der Fiels, gouf 2006 fir méi wéi 500.000 Euro verkaf. De Musée hat deemools mat gesteet, hat awer missen ofsprange wéi de Präiss séier an d’Lut goung. Déi bis elo deierste Landschaft vum hollännesche Moler gouf virun engem Joer fir ronn 1.400.000 Euro versteet.

Ënnerstëtzer an alternativ Léisung

Sollten déi 100.000 Euro net erreecht ginn, huet den MNHA wëlles fir mam Propriétaire ze verhandelen, fir d’Wierk villäicht iwwert eng gewëssen Zäit ofzebezuelen. Do géifen et also eventuell Léisunge ginn.

Ausser deem ganz konkrete Bestriewen ee wichtegt Wierk an den nationale Patrimoine ze kréien, insistéiert den Direkter vum Staatsmusée och drop, datt den Opruff mat enger Sensibiliséierungscampagne verbonnen ass.

Den Appel aux Dons gëtt net nëmme vum Kulturministère ënnerstëtzt, mä och vun der hollännescher Ambassade, vun der Associatioun Les Amis des Musées d’Art et d’Histoire Luxembourg, a vum Nationale Kulturfong Focuna. Deen huet fir d'Campagne e Site op d’Bee gestalt.

Eng Spent bréngt verschidden Avantagen:

  • All Betrag vu 50 Euro u ka vun de Steieren ofgesat ginn
  • Vun 200 u kritt een zwee Joer laang fräien Accès an de Musée
  • D'Nimm vun den Donateure ginn ëffentlech gemaach, ausser et wëll een anonym bleiwen
  • All d'Donateure ginn op eng Receptioun invitéiert
  • Et kann ee sech bëssen als Besëtzer vun engem Koekkoek fillen

D’Campagne, déi mat enger Rei Sensibiliséierungsaktioune verbonnen ass (Ausstellung vum Wierk, gratis Féierungen, Konferenzen) dauert bis den 1. November.

Iwwer de Site tousmecenes.mnha.lu kann ee sech informéieren a bedeelegen.