Radioen

On air

Tockcity  |  Ibibio Sound Machine - Got To Be Who U Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Intelligent a raffinéiert éischt Novell

Literatur

Intelligent a raffinéiert éischt Novell

D’Geschicht werft mat all Säit nei Froen op, duerch hir Komplexitéit sinn awer keng einfach Äntwerte méiglech. Näischt ass esou wéi et schéngt an der prekärer Welt vum Jule a vum Thilo, souguer si selwer net… “Aname” (Op der Lay) ass déi éischt Novell vum Charles Meder, Gewënner dëst Joer vum 100,7 Radiopräis.

auto_stories

4 min

Eng Novell, bei där een och emol muss zeréck bliederen

Et geschitt vill an der Lëtzebuerger Literaturlandschaft. Et ass bal onméiglech ginn, sämtlech Publikatiounen ze liesen. Op alle Fall lount et sech awer, sech op nei, nach onbekannt Nimm anzeloossen. Eng Iwwerraschung ass dann och dem Charles Meder seng rezent Novell mam geheimnisvollen Titel “Aname”.

Eng Familljegeschicht? E Krimi? E Psychodrama? Näischt vun all deem oder alles zesummen? Eng Kritik un eiser Gesellschaft, wou jidderee just no sech kuckt, keng Zäit a keng Energie huet, sech op deen aneren anzeloossen, ouni awer dobäi ze moraliséieren, ze jugéieren?

De Plot ass u sech ganz einfach ze resuméieren: Zwee Gesëschter, d'Jule an den Thilo, kréien d'Noriicht, datt hir Mamm Eva onerwaart an de Koma gefall ass. D'Doktere sti virun engem Rätsel... Des Liewenssituatioun gëtt ofwiesselnd aus der Siicht vum Jule a vum Thilo erzielt a kommentéiert. Hir Vuen op den dramateschen Zoustand, an dem hir Mamm sech befënnt. Hir Meenung iwwert dat géigesäitegt Behuelen. A schlussendlech d'Sich no enger verstoppter an däischterer Vergaangenheet, déi Liicht op de Present geheie soll...

Eng Approche, déi uganks irritéiert...

Ass den Thilo éischter de pragmateschen, kalen a - mat Momenter - och phlegmatesche Charakter, ass d'Jule voller Emotiounen, Reprochen a Verzweiwlung. Zwee Gesëschter, déi sech immens no stinn, an awer méi verschidden net kéinte sinn... Eng Approche, déi irritéiert, bei där ech mech gefrot hunn: firwat muss hei mat esou Klischeeë geschafft ginn? Eng wuel berechtegt Fro, déi sech awer am Laf vun der Lecture eriwwregt.

D'Jule mécht sech op d’Sich no der Vergaangenheet vun hirer Mamm. Si hofft, d'Ursaache vun hirem aktuellen Zoustand an hirem fréiere Liewen ze fannen, well d'Jule eraus fonnt huet, datt hir Mamm voller Geheimnisser war an esou muenches säin Ufank an der deemoleger DDR hat. Entdeckte Bréiwer loossen déi jonk Fra vu Berlin a Kanada fléien, op d'Spuere vun engem onbekannte Mann, deen sech Trapper nennt.

... an da mécht alles Sënn!

Mee sou einfach wéi de Plot sech unhéiert, sou komplex ass de Niveau vun der Geschicht. Eng Geschicht, déi u sech spannend ka sinn. Mee schonn no e puer Säiten ass een irritéiert. Et freet een sech, ob den Auteur keen anstännegt Lektorat hat, ob hien selwer sou noléisseg geschriwwen huet. Et sief, et hätt ee selwer net opmierksam genuch gelies Fir dann awer eraus ze fannen, datt alles e Sënn mécht.

Mat all Säit gëtt des Irritatioun méi grouss, d'Perspektiv vum Erzieler oder der Erzielerin ännert permanent, dem Charles Meder geléngt et an engem Stéck falsch Spueren ze leeën. Wann ee mengt, et hätt een d'Saach duerchkuckt, sou muss een déi selwer gestréckte Musteren erëm lassmaachen a vu vir ufänken...

Tëschent wonnerschéine Landschaftsbeschreiwunge vu Kanada, de verzweiwelten Aussetzer vum Jule, der Iwwerleeënheet vum Thilo, rätselhaften Evenementer an neie mysteriéise Gesiichter, ass de Lieser sëllechen Irrungen a Wirrungen ausgesat, ass gezwongen, seng Reflexiounen ze änneren, fir dann an engem iwwerraschend impressionnante Showdown zu landen, deen awer net en Aha-Gefill, en elo-hunn-ech-alles-verstanen ausléist, mee nei Froen opwerft, sou datt een zeréck bliedert a sech nach eng gutt Zäit mam Buch beschäftegt.

Krypteschen Titel ass nach dat mannst

A genee do dra läit d'Stäerkt vun dëser Novell. Déi ganz Komplexitéit vun de Perséinlechkeete spigelt sech op d'Lieser. Et weess een op eemol net, wat richteg oder falsch ass, wat wouer a wat geduecht, wou a wien a wat d'Realitéit schlussendlech ausmécht. “Aname” ass eng immens dicht Erzielung, an enger einfacher, fléissender Sprooch geschriwwen, déi awer de klasseschen Oflaf ausser Kraaft setzt, well deen an dëser Situatioun net méiglech ass.

D'Protagonisten si net ze faassen, hir Handlungen dacks net nozevollzéien, an awer ergëtt alles e Sënn. En immens raffinéierten an elaboréierten Opbau, dee vill Opmierksamkeet fuerdert an dem Auteur eng iwwerraschend Plaz an der ganzer Geschicht gëtt, déi de Lieser awer och eréischt zum Schluss entdeckt.

Nom “Aname” ass virum “Aname”… Op alle Fall ass de krypteschen Titel am Verglach nach ee relatiivt harmlost Geheimnis an dëser intelligenter Novell.


"Aname" vum Charles Meder ass beim Verlag Op der Lay erauskomm.