Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chronik vun engem Massaker

Luxfilmfest

Chronik vun engem Massaker

''Quo vadis, Aida?" erzielt d'Tragedie vu Srebrenica aus der Perspektiv vun enger Fra, där als Iwwersetzerin d'Hänn gebonne sinn. Als Mamm gëtt si virun onméiglech Decisioune gestallt.

auto_stories

2 min

D'Geschicht ass bekannt: am Juli 1995, wärend dem Bosnien-Krich, hate bosnesch-serbesch Milizen d'Stad Srebrenica ageholl. Eng vun UNO-Blohelmer gehale Schutzzon gouf fir déi moslemesch Zivilpopulatioun séier zur Fal. Déi bosnesch-serbesch Truppen ënner dem Generol Mladić goufe gewäerde gelooss, wéi si fir d'éischt d'Männer vun de Frae getrennt haten. Déi hollännesch Blohelmer haten nogekuckt an deelweis matgehollef... Kuerz drop goufen iwwer 8.000 Männer a Jugendlecher vun den Zaldote vun der Republika Srpska fort transportéiert a massakréiert.

Fatale Verlaf

Den Drama ''Quo Vadis, Aida ?'' vun der Bosnierin Jasmila Žbanić fokusséiert sech op de fatale Verlaf vun deem Evenement. D'Massaker u sech gëtt net gewisen. An awer bleift een als Spectateur de Film iwwer vun engem ganz ellene Gefill ergraff: et weess een nämlech genee wéi et ausgeet... Déi vun uewe veruerdent Passivitéit a Rigiditéit vun den UNO-Blohelmer erschéngt ëmsou méi revoltant.

De Film gëtt aus der Perspektiv vun der bosnescher Iwwersetzerin Aida (Jasna Đuričić) erzielt, déi am Déngscht vun der UNO d'Instruktioune vun de Blohelmer un d'Ziviliste weidergëtt. Net nëmmen ass si selwer Deel vun der moslemescher Communautéit: hire Mann an hir zwee eeler Bouwe sinn och an der Schutzzon gefaangen a méiglecherweis ausgeliwwert.

Onméiglech Decisiounen

Als Deel vum UNO-Personal ass d'Aida geschützt. Mee der Iwwersetzerin sinn d'Hänn gebonnen a si muss nokucken, wéi sech den Drama entfaalt. Wéinstens ka si probéieren, fir vun hirer privilegiéierter Positioun ze profitéieren an hir eege Famill ze retten. Mee och do kënnt si net laanscht fir eng Mamm onméiglech Decisiounen.

Zum Schluss erweidert QUO VADIS, AIDA seng Perspektiv, wann den Deuil an d'Zesummeliewen tëschent Affer an Täter an der Nokrichsgesellschaft thematiséiert ginn. Am Fong gëtt mat engem positive Message ofgeschloss: de Fridden ass trotz allem méiglech an et kann ee via den Nowuess Hoffnungen an Zukunft leeën. Mee et däerf een net vergiessen: dofir ass et de grousse Merite vun deem Film, déi dramatesch Evenementer vu Srebrenica iwwert eng Fiktioun dokumentéiert ze hunn.