Radioen

On air

Tockcity  |  Lynks - (What Do You Expect From) Sex With A Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Du hues Däi Kierper missten ofginn"

Cirque du soleil

"Du hues Däi Kierper missten ofginn"

De Cirque du soleil ass kee gewéinlechen Zirkus. Akrobaten, Dänzer, Sänger a Schauspiller entféieren de Spectateur an eng aner Welt. Gegrënnt gouf den Zirkus 1984 am Quebec vum Stroossekënschtler Guy Laliberté zesumme mam Daniel Gauthier a Gilles St. Croix. Wat als eng kleng Tour vun engem Grupp Stroossekënschtler ugefangen huet, ass haut eng international Entreprise. Dat weist sech och am Alldag vun de Mataarbechter.

Charlotte Wirth / ckl

auto_stories

3 min

Cirque du soleil: Och fir den Artist eng Dramwelt? (©Daniel Desmarais)

Zwanzeg Showen huet de Cirque du soleil weltwäit, néng dovu sinn uechter d’ Welt op Tournée. All Show erzielt eng aner Geschicht an den Dekor, d'Kostümer an d'Musek droen dozou bäi, datt den Zuschauer sech an enger Dramwelt verléiert. Aktuell ass dat och zu Lëtzebuerg méiglech, wou den Zirkus op dräi Datumer an der Rockhal seng Show "Varekai" virstellt.

Fir d’Dänzerin a Choreographin Sylvia Camarda war de Cirque du soleil och eng Dramwelt. A si wollt dobäi sinn, fir mat un deem Dram ze schaffen. 2005 ass dat Realitéit ginn, wéi si als Dänzerin fir d’Show Delirium op Nordamerika-Tour gaangen ass. Mee do ass hir och kloer ginn: Dreemen heescht eppes anescht fir de Publikum wéi fir den Artist.

"Si wollten alles vun eis huelen"

"Fir de Publikum ass Cirque du soleil dreeme mat oppenen Aen, als Dänzer gëtt den Dram zur Aarbecht, an dat all Dag", seet d'Dänzerin réckbléckend. Well wann eng Show 180 Mol opgefouert gëtt, da mussen d'Dänzer och nach déi 180. Kéier selwecht perfekt optrieden. A schonn alleng fir an d'Equipe vum Cirque du soleil opgeholl ze ginn, war net einfach, erënnert d'Sylvia Camarda sech. D'Selektioun ass streng.  

Den éischten Dag wou si beim Zirkus ugefaang huet gouf gesot: "Virun der Dier stinn der 100.000 déi deen Job wëllen". "Dat heescht, Du waars mat hinnen averstan oder Du konnts goen. Si wollten alles vun eis huelen", sou d'Sylvia Camarda. Dat gëllt och fir de Krankheetsfall: war ee krank, huet een net nëmme misste fir seng Roll fäerten, mee de Concernéierte konnt och net selwer decidéieren ob hien eng Paus dierft aleeën.

"Keep on smiling"

"Du hues Däi Kierper missten ofginn", resuméiert d'Sylvia Camarda. Si selwer stoung mat gebrachener Nues a mat gebrachenem Fanger op der Bühn. "Du bass an enger amerikanescher Compagnie, wous Du null Rechter hues", sou nach d'Sylvia Camarda. 

Géing ee fir de Cirque du soleil schaffen, da wier dat wichtegst datt de Spectateur eng gutt Zäit hätt: "Du kanns Dir op der Bühn näischt erlaben, keng Grimass, kee Blosen. Well et ass ëmmer eng Kamera op Dech geriicht. A kierperlech muss Du staark sinn. Wann eppes schif geet, heescht et: Keep on smiling".

D’Dänzerin bereit et awer net, beim Cirque du soleil mat dobäi gewiescht ze sinn. Si géif esou eng Erfahrung och all Kënschtler recommandéieren. Si hätt immens vill geléiert a konnt souguer selwer mat un der Choreographie vun der Show matschaffen. An d'Ambiance ënnert de Kënschtler wier immens gutt gewiescht. An d'Show Varekai déi an d'Rockhal kënnt kuckt d'Sylvia Camarda sech dann och un.