Radioen

On air

Tockcity  |  Omni - Intl Waters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wéi mëll ass dat?"

Theater

"Wéi mëll ass dat?"

En "Anti-Klassiker" aus der karnavalesker Literatur, deen d'Spill mat der Muecht ironesch op d'Spëtzt dreift. D’Regisseurin Anne Simon bréngt dem Krëscht Clement seng lëtzebuergesch Versioun vum Jarry-Stéck op d’Bühn vum TNL. Den Zuschauer sëtzt mam Ubu um Dësch, d’Grenzen tëschent Nokuckert a Schauspiller verwëschen, den Theater gëtt gestiermt...

auto_stories

9 min

© Bohumil Kostohryz

Als “poète maudit” ass den Alfred Jarry an d'Geschicht agaangen. De primitiven a verfroossenen Ubu gëtt vu senger muechtbesiessener Fra opgestëppelt, de Kinnek ze stierzen a selwer d'Muecht z’iwwerhuelen. Een humoristescht, absurd, satirescht a provokatiivt Stéck, dat de Publikum bei der Uropféierung 1896 am ParäisserNouveau Théâtre” opbruecht hatd’Seance hat misste kuerz ënnerbrach ginn. Net wéinst dem Inhalt, mee wéinst der Sprooch.

De Jarry hat sech fir seng Geschicht um Shakespeare sengem MacBeth” inspiréiert, d'Virbild fir d'Sprooch war kloer de Rabelais. D'Sprooch spillt eng wichteg Roll am Krëscht Clement senger Iwwersetzung (erschéngt deemnächst an den Editions Phi). Och an der Adaptatioun vum Anne Simon, déi weider Aspekter an d'Stéck erabruecht huet. D'Sprooch eleng schockéiert net.

“Ech mengen, de Skandal läit iergendwou do, datt näischt méi schockéiert, alles normal schéngt ze sinn”, seet d’Anne Simon. An Eisträich ass bal ee Rietsradikale President ginn, an den USA läit een Donald Trump an der Course wäit vir, en Assad a Syrien an en Erdogan an der Tierkei maachen, wat se ëmmer scho gemaach hunn Alles dat géif net méi schockéieren. “Déi ganz Muechtspillercher op dëser Welt sinn esou absurd”.

© Bohumil Kostohryz

De Steve Karier, deen den Uppert verkierpert – sou heescht den Ubu an der Lëtzebuerger Versioun - war virwëtzeg op de Personnage hannert der graffer Komik an der vulgärer Sprooch. Keng schauspilleresch Clichéë vu sech ginn, mee “kucken, wat de Jarry tatsächlech als Mechanik geschriwwen huet. Wéi mëll ass dat? Dat ass de Reiz dobäi”.

D'Fra vum Uppert (Anouk Wagener), eng Art Lady MacBeth, setzt hier ambitiéis Pläng net just mat Wierder duerch. “Wat ech schéi fannen, ass datt et immens kierperlech ass. Ganz vill vum Text entsteet doduerch, datt een Zeene kierperlech fonnt huet.”

Den Uppert mécht déi kinneklech Koppel dout, iwwerhëlt d'Muecht an tyranniséiert d'Vollek. Fir de Philosoph Michel Foucault stoung de legendären Ubu Roi” fir déi grotesk Forme vu Muecht a Souveränitéit, eng Figur, unhand vun där hien d'Fro vun der politescher Representatioun konnt thematiséieren.

Witzeg, tragesch

Den Ubu, ee grotesken a grausame Personnage... An awer soll dëst Stéck aus der karnavalesker Literatur den Zuschauer laachen doen. “An all Koméidistéck stécht – kéint ee bal soen – méi Tragedie dran wéi an den Tragedie selwer”, fënnt de Steve Karier. “Do passéiere grujeleg Saache mat de Leit. Et ass awer immens fir ze laachen. Firwat sollt ee bei deem enge laache mussen a bei deem aneren net?”

Den Ubu ass zäitlos, also och zäitgenëssesch. Den haitianeschen Diktator François Duvalier war als Ubu des Caraïbes” bezeechent ginn. Mee wat huet elo d'Coco Chanel mam Ubu ze dinn? “’Cocó’ bedeit an der portugisescher Kannersprooch Kaka’. Et ass och eppes wat een net seet”, erkläert d’Anne Simon. De Krëscht Clement hätt domat wéilten d’Iddi vun der Zensur zum Ausdrock bréngen. Eppes wat et allerdéngs esou net méi géif ginn. “Dat wat mir aus dem Coco’ gemaach hunn ass u sech d’Geld: et ass ëmmer do, et schwätzt een awer net onbedéngt driwwer.” Den Titel vum Stéck géif also iwwert d’Luxusmark Coco Chanel de Bezuch op d’Suen, also op d’Muecht maachen, sou d’Regisseurin.

© Bohumil Kostohryz

Den ale Kinnek, gespillt vum Pit Simon, ass scho laang mat senger Kinnigin (Sophie Langevin) a sengem Fils (Max Jadin) un der Muecht. Eng kuerz Roll. “Mee iergendwéi bleiwen déi Figuren trotzdem präsent. Se wäerte sech no a no erëm engagéiere fir nees un d’Muecht ze kommen”. De Marc Baum ass den Trottersteen, deen net just Affinitéite fir de muechtbesiessenen Uppert, mee besonnesch och fir deem seng Fra huet. Als riets Hand vum Uppert weess hien awer, als gudden Opportunist, wéini de Moment do ass fir d'Säit ze wiesselen...

D'Jasna Bosnjak huet d'Kostümer entworf. Eng fir si spannend Aarbecht, well si u keng Epoch a keng Moud gebonne war. Och ee ganze Prozess. “D’Stéck huet sech entwéckelt, d’Kostümer hu sech e bësse verännert. Um Enn huet sech alles zesummegedoe wéi e Puzzle”. Fir en aussergewéinlecht Bühnebild huet de Christophe Rasche gesuergt. De Public sëtzt ronderëm d'Bühn: en Dësch. Déi al Kinneksfamill sëtzt uewe beim Public – symbolesch si se alle béid matenee verbonnen.