Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Undo Stress

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "CyberTrappEd" ass Kino fir d'Oueren

100,7 Radio-Präis

"CyberTrappEd" ass Kino fir d'Oueren

"CyberTrappEd" ass den Titel vum Charles Meder sengem Hörspill, mat deem hien déi zweet Editioun vum 100,7 Radio-Präis d'lescht Joer gewonnen huet. "CybertrappEd" ass Enn Mäerz am Tounstudio "Recording Trier" vum Tobias Ney ënnert der Regie vum Claude Mangen vertount ginn. Zesumme mat de Schauspillerinne Friederike Majerczyk an Ewa Malkiewicz gëtt den Nolauschterer an d'Welt vum Lina mat eragezunn, dat am digitalen Netz gefaangen ass.

auto_stories

3 min

"CyberTrappEd" vum Auteur an Enseignant Charles Meder ass e Monolog vun engem jonke Meedchen, dat säin Zëmmer net verléisst a just kuerz mat senger polnescher Nanny streit, resüméiert de Claude Mangen d'Hörspill. De Programm-Coordinateur vum radio 100,7 huet bei der Realisatioun vum Hörspill Regie gefouert.

Keng Gewënner a keng Verléierer

D'Lina kritt geschwënn 18 Joer an ass bal ëmmer eleng doheem. Virun allem aus Langweil verbréngt d'Schülerin vill Zäit um Internet. Dat ass säin Universum.

D'Lina dreift e geféierlecht Spill mat sengem Mathésprof an huet sech dofir e Fake-Account op engem sozialen Netzwierk erstallt. "Et ass e perfid Spill, bei deem et keng Gewënner a keng Verléierer ginn," seet den Auteur vum Hörspill Charles Meder.

"D'Lina huet en Alter Ego, dat ass d'Lena. Dat eent ass dat Gedriwwent, dat anert probéiert heiansdo op d'Brems ze drécken."

Staark Interaktioun

Tëscht dem Lina an dem Lena géing et eng gewëssen Haass-Bezéiung ginn. Deen een Deel wéilt funktionéieren, während deen anere probéiert auszebriechen a sech deen Ament géing am digitalen Netz fänke loossen. Et ass u sech eng bipolar Geschicht.

Schwiereg wier et fir hien net gewiescht, en Hörspill ze schreiwen, seet de Charles Meder. Hie géing selwer vill Hörbicher lauschteren. "En Hörspill ass Kino fir d'Oueren, dat muss een alles matbedenken. Et muss een un d'Geräischer denken, et muss ee sech d'Situatioune genee virstellen, an deenen d'Geschicht sech ofspillt."

Den Auteur vum Hörspill Charles Meder

"Eng ideal Besetzung"

Déi grouss Erausfuerderung wier et gewiescht, eng Actrice ze fannen, déi deene groussen Ufuerderunge vum Text gerecht gi wär, esou de Claude Mangen. "Mat der Friederike Majerczyk hat ech déi ideal Besetzung fonnt. Mir hu besonnesch Wäert op déi psychologesch Stëmmungswiessele vun der Figur geluecht, probéiert nuancéiert am Ausdrock ze bleiwen, an déi divers Perséinlechkeete vun der Roll verständlech erauszeschaffen."

D'Schauspillerin géing, obwuel si méi al wéi de Personnage vum Hörspill wier, och genee esou kléngen, wéi ee sech dat virgestallt hätt. Dat wier ee vun de wichtegste Kritäre gewiescht. Eng zweet Erausfuerderung wier gewiescht, eng Actrice ze fannen, déi e polneschen Accent hätt. "Deen dierf net nogemaach sinn, soss kléngt et net authentesch."

Am Tounstudio "Recording Trier" vum Tobias Ney. De Claude Mangen féiert Regie.

"Eng reell Geschicht"

D'Lina wier duerchaus e Meedchen, dat et an der Realitéit kéint ginn, seet d'Friederike Majerczyk. "Am Ufank hat ech geduecht, d'Geschicht wier onrealistesch. Ech hat et net am Kapp, datt een esou géint d'Léierpersonal geet. Cybermobbing war fir mech éischter ënnert de Schüler." Et wier erschreckend, wann een driwwer nodenkt, wéi eng Dimensiounen Cybermobbing kéint unhuelen. D'Friederike Majerczyk gëtt zou, datt et hir Spaass gemaach huet, d'Lina am Hörspill ze spillen. "Et ass interessant, wéi ee Charakter d'Lina huet a wat et dozou dreift, esou eppes Schlëmmes ze maachen."

Zu Tréier am Studio "Recording Trier" vum Tobias Ney gouf d'Hörspill vertount. Fir hien wier et déi éischte Kéier gewiescht, datt hien en Hörspill opgeholl huet. U sech géing hien éischter Musiksproduktioune maachen, esou den Tobias Ney. "Un engem Hörspill schaffen mécht immens Spaass, well een an der Postproduktioun och vill mat Effekter muss schaffen. Et ass eng Produktioun, op déi ech mech schonn am Virfeld immens gefreet hunn."


D'Première vum radio 100,7 Hörspill "CyberTrappEd" ass Ouschtersonnden, de 16. Abrëll um 11:04 an um 19:30 LIVE um radio 100,7.