Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Wolf Parade - You're Dreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Affaire Lunghi: Anti-Intellektualismus?

Mudam

D'Affaire Lunghi: Anti-Intellektualismus?

Et gëtt keng Elitten a keng Kulturzeen zu Lëtzebuerg - ma nëmmen nach en Trapp, dee net méi weess, wouhi mat senger Roserei. "D'Affaire Lunghi" ass dovun nëmmen eng Episod. Mat Kulturpolitik huet dat näischt ze dinn a mat Nation Branding brauch een net méi ze kommen.

auto_stories

6 min

Den Enrico Lunghi

Den Enrico Lunghi huet zu Stroossbuerg Konschtgeschicht studéiert. Wéi hien dee Studium an der zweeter Halschent vun den 1980er Joren absolvéiert huet, war nach keng Rieds vum Mudam. Et war keng Rieds vun internationaler Konscht zu Lëtzebuerg an den Art contemporain huet fir déi meeschte Leit am Grand-Duché nach Modern Konscht geheescht.

Den Enrico Lunghi huet dunn emol ugefaangen am Staatsmusée um Fëschmaart ze schaffen. Eng Plaz, op där hie séier gemierkt huet, datt et un der Zäit wier, eppes Neies mat der Konscht zu Lëtzebuerg unzefänken. Dat Neit huet hien dunn 1994 - also virum éischte Kulturjoer - initiéiert, wéi hien un der Ausstellung "Rendez-vous provoqué" matgeschafft huet, bei där hien direkt dräi ganz wichteg Lëtzebuerger Kënschtler ausstelle sollt - hien, de Curateur a spéideren Direkter, deen ëmmer nees virgeworf krut, hie géif net genuch fir Lëtzebuerger Kënschtler maachen, huet also bei senger éischter grousser Ausstellung genee dat gemaach. En éischte Widdersproch bei engem, deen eng zentral Figur an der Lëtzebuerger Kultur vun deenen nächsten 20 Joer sollt ginn.

Kritik, zu Lëtzebuerg

Den Enrico Lunghi huet an deene Joren och Konschtkritike geschriwwen: Kritik, an dat zu Lëtzebuerg, engem Ländchen an deem déi mannsten dat verdroen. Dës Kritike mussen e Punkt getraff hunn, well hie si esouguer haut nach, zum Deel zwee Joerzéngten duerno, virgeworf kritt.

Den Enrico Lunghi wollt och aner Ausdrocksforme vun der Konscht weisen, wéi just d’Molerei. Dat sollt him dunn op eng Kéier d'Reputatioun abréngen, datt hien d'Molerei net gären hätt - net gutt an engem lokale Milieu, an deem de Pinsel nach Meeschter war.

Méi wéi just eng Galerie

Du koum d’Kulturjoer 1995 an aus dem ale Biergercasino ass eng nei Ausstellungshal ginn. En aalt Gebai, mat neie White Cubes an deem de lokale Publikum an homeopatheschen Dose Konscht zougefouert krut. Déi lescht 1995-Ausstellung "Main Stations" huet konschthistoresch do ugefaangen, wou dem Enrico Lunghi seng Studien zu Stroossbuerg opgehalen haten: beim Jospeh Beuys.

Aus dem Casino gouf e Provisorium an deem den Enrico Lunghi Directeur artistique ginn ass. Den neie Forum d'art contemporain sollt vun Ufank u méi wéi just eng Galerie ginn. Och dat huet net jidderee verstanen.

1995 huet den Enrico Lunghi zesumme mam kierzlech verstuerwene Bert Theis dee vläicht wichtegste Lëtzebuerger Pavillon op der Konschtbiennale vu Venedeg geduecht a realiséiert. Dem Bert Theis säi "Potemkin Lock", bei deem den Enrico Lunghi Kommissär war, war intellektuell, humorvoll an och provokativ. Et war e Schlag géint d'Diktatur vum gudde Goût an dem sënnlosen Dekor.

Eng nei Konscht

Déi zweet Halschent vun den 1990er Joren am Casino war awer och d'Zäit vun enger haut kaum virstellbarer Opbrochstëmmung: Zesumme mam Enrico Lunghi huet och de Lëtzebuerger Public eng radikal nei an zäitgenëssesch Konscht kennegeléiert. Datt déi zweeten Editioun vun der europäescher Géigewaartskonschtbiennale "Manifesta" op Lëtzebuerg koum, war e grousse Coup.

Si hat net genuch Visiteuren, mee si stellt nach haut e Paradigmewiessel an der Konschtperceptioun a -Produktioun zu Lëtzebuerg duer. D'"Manifesta 2" huet Lëtzebuerg op d'Kaart vun der internationaler Géigewaartskonscht gesat. Den Enrico Lunghi war ee vun deenen, déi dat op d'Schinne bruecht hunn.

Déi éischt Feinden ...

Als Direkter vum Casino huet den Enrico Lunghi och entscheedend dorunner matgewierkt, wéi nom Mauerfall eng nei Géigewaartskonschtszeen an ganz Ost-Europa opkoum. Hien huet d'Geschécker vum Casino Luxembourg forum d’art contemporain laang geleet. A sech déi éischt richteg Feinde mat der "Lady Rosa", der Sanja Iveković hirer Gëlle Fra-Versioun gemaach. Awer och zum Beispill mat enger Skulptur, déi de Jacques Chirac als pissende Faun an enger éischter witzeger Pose duergestallt hat. Deemools hat déi franséisch Ambassadrice dee schéine Saz gesot , "Enrico Lunghi, j’aurai votre peau."

D'Erna Hennicot-Schoepges war do ganz anerer Meenung. Si war déi Zäit Kulturministesch an huet d'Meenungs- a kënschtleresch Fräiheete verdeedegt. Et gouf keen entlooss, et huet kee missen demissionéieren. Dat ass eng Ënnerstëtzung, déi den Enrico Lunghi dës Kéier net méi krut.

Méi wéi fënnef Kilometer Autobunn

Deen nächste Schrëtt war d'Direktioun vum Mudam: Wat heescht et, Direkter vum Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean ze sinn, engem Muséesprojet, dee vu vir eran mat enger Geschicht vu Sträit an Onsécherheet beluede war - eng Missioun, déi esou ondäitlech war, datt fir d'éischt d'Marie-Claude Beaud hir eng Linn ginn huet. Et ass aussergewéinlech, datt eng Musées-Direktesch op engem Posten ufänkt, op deem et emol nach keng richteg Kollektioun gëtt, sief et e Gebai.

Wat ass dat da fir e Musée? Laang Zäit war et just de Pei-Musée, ier et de Mudam ginn ass - mat dem onglécklechen Numm, deen eppes verspriecht, wat hei guer net gewise gëtt. De Mudam ass dann awer e bësse méi wäert, wéi just den equivalent vun deene fënnef Kilometer Autobunn, déi e kascht huet.

Keng reell Politik

Der Marie-Claude Beaud hire Nofolger gouf dunn - net wierklech iwwerraschend - deen Enrico Lunghi, dee mëttlerweil an den Ae vu villen eng nei Roll an der Lëtzebuerger Konscht hat: Hie wier deen, deen decidéiert, deen déi eng favoriséiert an déi aner ausschléisst ... esou kënnt et, wann e Kulturministère d’Arts plastiques et - an engem Moment, an deem si sech zu Lëtzebuerg entscheedend an d'Ausriichtung vun enger neier Professionaliséierung verännert hunn - verpasst, fir eng Reell Politik am Beräich vun de Beaux-Arts ze maachen. Den Enrico Lunghi huet si gemaach, mee et war seng eegen. An och dat krut a kritt hien haut nach virgeworf.

Hien huet dee Poste vum Mudamdirekter net ouni e gewësse Stolz iwwerholl. Mee hie war elo Generaldirekter an net méi Directeur artistique: De kënschtleresche Programm war elo net méi den eenzege Problem, mat deem sech den Enrico Lunghi huet missen ausernee setzen. Zu dëse Problemer huet och e Gebai gehéiert, deem seng Fonctionnementskäschte schonn an de Planungsphasen ënnerschat goufen.

Den Enrico Lunghi ass awer weider net just e Gestionnaire, mee e Curateur bliwwen, een deen eng bestëmmte Linn weider verfollege wollt. "Géigewaartskonscht à tout prix", hunn anerer geduecht, awer net haart gesot.

Nëmmen nach en Trapp

Et gëtt vill vun Elitten a vun enger Kulturzeen hei zu Lëtzebuerg geschwat. Déi béid Begrëffer stëmmen net. Et gi keng wierklech Elitten hei. Et gëtt vläicht e Mëttelmooss mat e puer gudde bis ganz gudde Momenter. An et gëtt och keng Kulturzeen méi. Et gëtt nëmmen nach en Trapp, dee net méi weess, wouhinner e mat senger Enttäuschung a Roserei lafe soll. An dovunner ass dëse Fait divers nëmmen eng Episod.

Mat Kulturpolitik huet dat net méi vill ze dinn a mat Nation Branding sollt ee besser eng Zäit net méi kommen. Am dës Kéier ganz reelle Milieu vun der internationaler Muséeswelt ginn esou Noriichten net gutt opgeholl.

Näischt gewonnen

An et sief kloer gesot: Dorunner, datt den Enrico Lunghi demissionéiert huet, hu mir näischt gewonnen. Hie selwer sot emol virun e puer Joer an engem Mudam-Interview, hie wier de "lokaalste Kurator vun der Welt." Ass dat him op eng grotesk a skurril Aart a Weis zum Verhängnes ginn?

Datt e Muséeesdirekter op déi do Aart a Weis geet, kann een och als en Zeeche vun engem ganz däitlechen Anti-Intellektualismus, deen sech am Moment hei zu Lëtzebuerg nees breet mécht, deiten. Et hätt ee vill a vläicht esouguer intelligent kënnen iwwert dem Enrico Lunghi seng kënschtleresch an directionnel Choixen diskutéieren. Dat dierft elo schwéier ginn.

Mudams-Direktesch oder -Direkter sinn, misst eigentlech eng flott a Stimulant Aarbecht sinn, si ass et awer anscheinend net méi ... nächste Kandidat wann ech gelift.