Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Venedeg: een Tëschebilan

Filmfestival

Venedeg: een Tëschebilan

Filmfestivale gëtt et wéi Sand um Mier. An awer, déi eng sinn awer eng Grëtz méi emblematesch wéi anerer. Zum Beispill de Festival zu Venedeg. Mir hunn eis, zesumme mat enger kanadescher Journalistin, en éischten Androck vun der "Mostra Di Venezia" gemaach.

auto_stories

5 min

D'Ouverture vun der Film-Biennal zu Venedeg (Foto: Biennale Di Venezia)

Nach bis den 10. September kuckt sech dee vum Sam Mendes presidéierte Jury eng ganz villsäiteg Selektioun un: Vum neien Damien Chazelle-Musical "La La Land" bis zum neie Film vum Lav Diaz, deen eréischt op der leschter Berlinale een aacht Stonne laangt Mammutwierk presentéiert hat. Säin neie Film "The Woman Who Left" huet eng Längt vun 226 Minütten. Mee net nëmmen de Jury an d'Stare ginn zu Venedeg vu Kino zu Kino duerch d'Kanäl geschëfft. Och d'Journalisten a Filmkritiker aus aller Welt sinn um Dill.

Esou zum Beispill d'Helen Faradji, déi fir den ëffentleche Radio a Kanada schafft an dem 100,7 en Interview ginn huet. Déi gebierteg Franséisin mat Sëtz zu Montréal ass déi éischte Kéier op der Mostra. Si begleet d'Ekipp vu "Prank", dem éischte Film vum kanadesche Realisateur Vincent Biron. D'Helen Faradji couvréiert fir de kanadesche Radio déi "grouss Filmer" aus der offizieller Selektioun, mat engem verständlech groussen Interessi fir déi kanadesch Produktiounen.

Den Denis Villeneuve huet mam Science-Fiction-Film "Arrival" d'Ouverture vum Festival gemaach. De kanadesche Realisateur huet sech zanter enger Rëtsch Joren eropschafft a produzéiert an den USA qualitativ héichwäertege Kino.

Ausserierdescher landen op der Äerd. Et ass un der Amy Adams, Linguistin am Film, mat hinnen ze kommunizéieren an engem potenzielle Konflikt aus dem Wee ze goen. Der Helen Faradji huet de Film ausseruerdentlech gutt gefall. "Alles geschitt tëscht dëser Fra an den Ausserierdeschen." An déi wieren immens gutt duergestallt. "D'Aart a Wéis, wéi si kommunizéieren, ass bal wéi e Konschtwierk. Et ass immens schéin."

Eng weider kanadesch Produktioun, déi awer baussent der Selektioun leeft, ass dem Philippe Falardeau säin "The Bleeder." Am 1970s Look gëtt d'Geschicht vum Boxer Chuck Wepner op den Ecran bruecht. E Boxer, deen de Stallone inspiréiert huet fir d'Rocky-Fimer ze realiséieren. D'Helen Faradji fënnt et interessant, datt de Philippe Falardeau esou en engagéierte Film mécht. Et wier en interessante Film. "Mat Momenter inspiréiert e sech e bësse vill um Martin Scorsese. De Verglach schmeechelt dem Philippe Falardeau awer net." Trotz allem ee ganz agreabele Film, fënnt d'Helen Faradji.

De Wim Wenders enttäuscht

Esou begeeschtert wéi d'Helen Faradji vun "The Arrival" ass, esou wéineg huet si "Les Beaux jours d'Aranjuez" vum Wim Wenders iwwerzeegt. De Wim Wenders gouf 1982 op der Mostra fir "Der Stand der Dinge" mam gëllene Léiw ausgezeechent. Seng Carrière op der internationaler Bühn huet zu Venedeg mat "Die Angst des Tormanns beim Elfmeter" ugefaangen. An de leschte Jore konnt de Wim Wenders mat Documentairë wéi "Pina" oder "The Salt of the earth" iwwerzeegen.

D'Receptioun vun "Les Beaux jours d'Aranjuez", enger Adaptatioun vum Peter Handke senger Erzielung mam selwechten Titel, ass verhalen, fir net ze soe feindlech. De Film wier bal lächerlech, fënnt och d'Helen Faradji. "En ass pompös a banal, a wierkt wéi e schlechte Film vu Studenten."

Ervir ze hiewen wier dogéint "Frantz" vum François Ozon.

De Realisateur presentéiert e "film d'époque". "Frantz" spillt kuerz nom éischte Weltkrich. Iwwert eng kleng Liebesgeschicht gëtt déi zerrappte Relatioun tëschent Däitschland a Frankräich thematiséiert. "Et ass e schéinen, emouvante Film", esou d'Helen Faradji. "Trotz dem historesche Kontext ass et en immens aktuelle Film."

Standing Ovations fir de Mel Gibson

Och baussent der Kompetitioun ass zu Venedeg eng richteg lass. Et huet zum Beispill keen et komme gesinn, datt déi australesch Persona non grata zu Hollywood, de Mel Gibson, Succès hätt.

Säin Anti-Krichsfilm "Hacksaw Ridge" krut bei der Seance e Méindeg minüttelaang Standing Ovations vun engem enthusiastesche Sall.

Fir Kaméidi suergt dogéint dem Paolo Sorrentino seng Miniserie "The Young Pope" mam Jude Law als Poopst.

Den Andrew Dominic huet säin neien Nick Cave-Documentaire "One More Time With Feeling" virgestallt. Zu Lëtzebuerg ass dëse Film fir een Owend, de 15. September, am Utopia ze gesinn.

Vun Allem Eppes

Fiktiounen an Documentairë sinn an deene verschiddenste Selektioune gläichermoosse vertrueden. Et ass remarkabel, wéi fett amerikanesch Produktiounen a kleng Filmer aus allen Ecke vum Planéit an Harmonie nieftenee liewen a sech komplimentéieren.

Dëst an deem géigeniwwer Cannes immens entspaanten italienesche Kader vu Venedeg. Zu Cannes géing et dacks en themateschen oder artistesche roude Fuedem ginn, fënnt och d'Helen Faradji.

"Et ass flott, datt dat zu Venedeg net esou ass. Et gesäit een alles, wat de weltwäite Kino den Ament beweegt."