Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Underneath My Toe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Konscht vum João Freitas

Ausstellung

D'Konscht vum João Freitas

Den Diddelenger Kënschtler João Freitas hëlt Faarf a Matière ewech, fir d'Banneliewen, eng Geschicht, ënner der Fassad fräi ze leeën. D'Kerstin Thalau huet sech mam jonke Kënschtler, Joergang 1989, ënnerhalen.

auto_stories

2 min

De João Freitas ass e mëtschgiewege Kënschtler. Wéi hie fir eng Eenzelausstellung an der Galerie Dominique Lang zu Diddeleng invitéiert gouf, huet hien decidéiert, ënner dem Titel "Into the open" bannenzeg Wourechte kënschtleresch ze devoiléieren.

Dunn ass d'Covid-19-Kris komm, an aus "open" ass "closed" ginn. An der Tëschenzäit sinn d'Galerien nees op an de João Freitas huet d'Kerstin Thalau op en Tour duerch seng Expo invitéiert.

De ganze Bäitrag lauschterenplay_arrow

Haut sollt d'Triennale jeune création hir Diere grouss opmaachen. Bei dëser Ausstellung, déi op Initiativ vun de Rotonden 2007 lancéiert gi war, handelt et sech ëm eng vun de gréisste Plattforme fir jonk Kënschtler aus der Groussregioun. An dës fënneft Editioun sollt natierlech speziell gefeiert ginn. Wéinst der Covid-Kris gouf d'Expo verréckelt, de 40 Kënschtler esoulaang eng virtuell Triennale kreéiert.

D'Kerstin Thalau huet sech mam João Freitas, ee vun de selektionéierten Artisten, Joergang 1989, deen tëschent Bréissel a Lëtzebuerg lieft a schafft, iwwer den digitalen Ersatz, seng Confinementszäit a seng Projeten ënnerhalen.

De ganze Bäitrag lauschterenplay_arrow