Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Laache mécht d'Denken op"

Theater

"D'Laache mécht d'Denken op"

De franséischen Dramatiker Jean-Claude Grumberg ass bekannt fir seng witzeg a spatz Fieder. Am Kapuzinertheater ass vum 24. Januar un "Les Autres" ze gesinn, e Projet an deem de Jean-Louis Benoît véier Kuerzstécker vum Grumberg zesummegeholl huet. Stécker, déi virun en etlech Joerzéngte geschriwwe goufen - an awer aktuell sinn.

auto_stories

3 min

Et sinn dem Jean-Claude Grumberg seng Kuerzstécker "Michu", "Rixe", "Les Vacances" an "La Vocation", déi de Regisseur Jean-Louis Benoît ënnert der Iwwerschrëft "Les Autres" matenee verbonnen huet. Op alle Fall eng dramatesch Approche, déi een net esou dacks op eise Bühnen ze gesi kritt, mengt d'Lëtzebuerger Actrice Nicole Max, déi a "Les Autres" matspillt.

An dëser Adaptatioun ginn déi véier verschidde Personnagen zu Membere vun enger Famill. Si dauchen vun Ufank bis zum Schluss ëmmer nees op a maachen eng Entwécklung mat. Fir d'Schauspiller a fir de Spectateur wier spannend, datt déi véier Stécker eng ganz eegen Ambiance hunn, sou d'Nicole Max. "Et ass also net wéi véier Akte vun engem selwechte Stéck."

D'Nicole Max empfënnt et als eng "immens Chance", kënnen an engem Stéck vum Grumberg matzespillen. Engersäits wéinst der Sprooch, déi aus dem Liewe gegraff an net literaresch wier. An da wier een "onheemlecht Spillpotenzial" do, dat de Regisseur nach ausgebaut hätt, sou datt d'Acteuren an een exzessiivt Schauspill géifen eragedriwwe ginn.

Rassismus, dee "verbënnt"

Och wann déi véier Kuerzstécker uersprénglech also näischt mateneen ze dinn haten, gëtt et eng gemeinsam Upak an deem Ganzen: Wéi den Titel "Les Autres" et scho verréit, geet et ëm déi aner an ëm déi, déi anescht sinn.

Rassismus wier also een Thema, erkläert d'Nicole Max: "D'Personnagen hu Problemer mat deenen aneren." D'Stéck géif och weisen, wat de "Nährbuedem" vun der Friemefeindlechkeet wier: Ignoranz an Ängschten. D'Stéck situéiert sech also an engem aktuelle Kontext, wou och an Europa nees probéiert gëtt, politesch mat der Angscht vrum Anescht sinn ze punkten.

Dräi vun de Stécker wieren aus den 1960er an eent ("Les Vacances") aus den 1980er. A leider wier de Rassismus vun deemools och haut nach präsent, bedauert d’Schauspillerin. Do misst ee sech drop astellen, datt een hei mat enger deels extremer Sprooch konfrontéiert gëtt. Am Stéck "Rixe" wier d'Aart a Weis wéi Auslänner a besonnesch Araber bezeechent gi scho bal grotesk.

Eng extrem Sprooch

Den Dramatiker Jean-Claude Grumberg selwer wier elo an zwee gedeelt. Op där enger Säit wier en als Auteur frou, datt seng Stécker och no 50 respektiv 30 Joer nees gespillt ginn. Op där anerer Säit wier hien traureg, datt seng Stécker no esou laanger Zäit nach ëmmer esou eng terribel a brutal Aktualitéit hunn. D'Nicole Max erkläert, datt de Jean-Claude Gumberg sech dowéinst gewënscht huet, datt d'Stécker net iwwerméisseg aktualiséiert ginn. Et soll een also net mengen, datt se sech haut ofspillen. Dat géif een un der Sprooch mierken, déi bëssi "vintage" wier.

Dësen Theaterprojet läit der Lëtzebuerger Actrice um Häerz, well et "artistesch eng Erausfuerderung ass, mee och eng intellektuell Demarche verdeedegt vun Iddien a Valeuren, déi mir och wichteg sinn." "Les Autres" wëll d'Spectateure mat enger "onwahrscheinlech a fierchterlecher Komik" zum Nodenke bréngen, mengt d'Nicole Max, well "d’Laache mécht och ëmmer iergendwéi d'Denken op".