Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Talent, spéide Succès

Literatur

Vill Talent, spéide Succès

D'Marie von Ebner-Eschenbach ass den 12. Mäerz 1916 gestuerwen. Si huet eng Hellewull vun Theaterstécker, Novellen an Aphorismen hannerlooss. D'Bedeitung vun hirem Wierk ass réischt spéit kloer ginn. Och si huet um eegene Leif erlieft, wéi et sech uffillt als Fra am 19. Joerhonnert ze schreiwen an Ambitiounen ze hunn.

Valerija Berdi / ckl

auto_stories

8 min

Marie von Ebner-Eschenbach: "Leb wohl Marie Roland!"

"Nicht was wir erleben, sondern wie wir empfinden was wir erleben, macht unser Schicksal aus", schreift Marie von Ebner-Eschenbach an hirer Novell "Ein Spätgeborener". Grad mat dëser Erzielung geléngt der Éisterräicherin den Duerchbroch als Schrëftstellerin, nodeems si mat bal 50 Joer decidéiert hat, dem Drama endgülteg de Réck ze kéieren. A grad an dëser Kënschtlernovell erzielt si d'Liewe vun engem Theaterauteur, 45 Joer al, deen ee Manuskript nom aneren beim Hoftheaterintendant areecht, fir ëmmer rëm ofgewisen ze ginn – bis enges Daags dann een Theaterstéck zréckgehalen an opgefouert gëtt.

Den Protagonist Andreas Muth huet awer immens Angscht sech d'Inszenéierung vu sengem Stéck unzekucken Wéi hien et dunn awer mécht, erkennt hie säin eegent Stéck bal net méi rem. Säin "Marc Aurel", wéi d'Stéck heescht, gëtt vum Publikum guer net gutt ugeholl an an der Press den Dag dono vum bedeitendsten Theaterkritiker regelrecht zerrass. Net nëmmen den Inhalt gëtt lächerlech gemaach, mee och den Auteur selwer gëtt perséinlech attackéiert. An obwuel hie vu Frënn a léif Kollegen ëmginn ass, verkraft hien déi ganz Opmierksamkeet an d'Blousstellung net, an d' Novell endegt mam Begriefnis vum Andreas Muth.

Vill onerfëllten Hoffnungen

Mat dëser pädagogesch-satirescher Erzielung spigelt d'Marie von Ebner-Eschenbach hier eegen Erliefnisser als Theaterschrëfstellerin erëm. Wéi haart an ongerecht si all déi Kritiken erlieft huet, ass kloer aus der Deskriptioun vum Theaterkritiker eraus ze liesen. Si nennt hien "literarescher Taschenspieler", beschreift hien als zyneschen, berechnenden, arroganten an duerch an duerch béisaartege Mënsch, dee weder un der Literatur nach un den Auteuren als solch, mee just um Erfolleg interesséiert ass.

Datt si grad mat dëser Erzielung, déi 1875 publizéiert gouf, ugefaangen huet sech als Schrëftstellerin ze etabléieren, muss hier onmoosseg paradox virkomm sinn. D'Marie von Ebner-Eschenbach huet, wéi hire Protagonist Andreas Muth, vill onerfëllten Hoffnungen duerchliewen a verschaffe mussen. Hiert éischt Theaterstéck, gëtt zu Karlsruhe néng mol opgefouert a kënnt beim Publikum mëttelméisseg, bei den Theaterkritiker absolut negativ un.

Gesellschaft schockéiert vun der Ebner-Eschenbach

"Marie Stuart von Schottland", sou heescht d'Stéck, gëtt an hirer Heemecht zu Wien guer net opgefouert, well et als Trauerspill net an de Programm vum deemolegen artisteschen Direkter vum Wiener Hof- an Nationaltheater Heinrich Laube passt. Hien huet zu deem Moment zäitgenëssesch Comédien favoriséiert.

Mee d'Gesellschaft war virun allem schockéiert, datt d'Ebner-Eschenbach, och nach als Fra, et gewot huet, een Theaterstéck iwwer datselwecht Thema wéi den Friedrich Schiller ze schreiwen. Obwuel hiert Wierk absolut keng inhaltlech Iwwerteneestëmmung mam Schiller senger Maria Stuart huet, gëtt hier Entreprise schonn als Affront ugesinn.

Emanzipéiert Fraen als "Blaustrümpfe"

D'Meenung am 19. Joerhonnert iwwer gebilten, politesch interesséiert, beruffstäteg – also emanzipéiert – Fraen war kloer: Si waren onweiblech a sinn als "Blaustrümpfe" karikéiert ginn. Sou däitlech formuléiert den däitschen Schrëftsteller Oscar Blumenthal säi Fraenbild a sengem  Gedicht “Blaustrümpfe" (1887):

Alle Eure poet’schen Siebensachen – Ich schätze sie nicht ein Pfifferlein.

Nicht sollen Frauen Gedichte machen: Sie sollen versuchen, Gedichte zu sein.

D'Marie von Ebner-Eschenbach schreift hirersäits: Eine gescheite Frau hat Millionen geborener Feinde: alle dummen Männer. 

Et dauert bis an d'1990er Joeren bis datt sech wëssenschaftlech mat hirem "Maria Stuart" auserneegesat gëtt, an de feministeschen Aspekt vun der Ausleeung vun der Ebner-Eschenbach hirer Maria Stuart erkannt gëtt.

Begeeschterung vu Grillparzer a Lorm

Net vill besser ergeet et hier mam Stéck “Marie Roland”, nach emol eng Genes vun enger historescher Protagonistin, der gebiltenter a politesch interesséierter an an der franséischer Revolutioun engagéierter Jeanne-Marie Roland. Mee d'Zäit ass nach ëmmer net passend fir fortschrëttlech a villschichteg Fraenportaiten ze zeechnen an do hëlleft weder dem Grillparzer seng Begeeschterung nach dem gesellschaftskriteschen éisterräichesche Schrëftsteller Hieronymos Lorm seng Unerkennung.

"Leb wohl Marie Roland! Es ist wieder eines meiner Kinder gestorben, bevor es auf der Welt war", schreift Marie von Ebner-Eschenbach. Haut gëtt dëst Theaterstéck als eent vun hire stäerkste Wierker iwwerhaapt betruecht.

Eng 550 Aphorismen: kritesch mat Kierch a Politik

D'Marie von Ebner-Eschenbach huet och Aphorsimen publizéiert, eng 550 un der Zuel. "Ein Aphorismus ist der letzte Ring einer langen Gedankenkette" schreift si. An hier Gedanke befaassen sech mat der Hypokrisie vum Adel, mam Bild vun der Fra an der deemoleger Gesellschaft, der Béisaartegkeet vu Literaturkritiker, awer och mat der Natur, der Léift an der Konscht. Si deelt aus an hire pointéiere Spréch a weder d'Kierch nach d'Politik kommen do gutt ewech.

"Es gäbe keine soziale Frage, wenn die Reichen von jeher Menschenfreude wären"

Eng Mënschefrëndin war si gewëss. D'Léift ass fir si d' Basis fir eng glécklech Existenz an d'Absence  vun dëser féiert zu Jalousie, Näid, Béisaartegkeet, sozialen Ongerechtegkeeten, Feindschaften a Krich. Et ass och d' Léift a Form vu Frëndschaft, déi hier d' Kraaft an de Courage ginn, hir grouss Leidenschaft, d' Schreiwen, net opzeginn. Méi wéi en halleft Joerhonnert korrespondéiert si mat der Lyrikerin Josephine von Knorr.

Ennerstëtzung vun der Josphine von Knorr

Dës Bréiwer bezeien dann och d'Problemer, mat deenen dës Fraen als Schrëftstellerinne konfrontéiert waren: d'Kritik vum männlech dominéierte Literaturmaart, d'Sich no Editeuren, d'Attitüd vun der egener Famill. Déi héich gebilte Josephine von Knorr ass fir d'Ebner-Eschenbach déi Instanz fir an hirem literaresche Striewe weiderzekommen. D'Knorr beréit an ënnerstëtzt si a motivéiert si,  hier zimlech rudimentär Komtessenausbildung ze komplementéieren.

Si studéiert net just literaresch Wierker, mee och Naturwëssenschaften a Philosophie. D'Marie ass frou, wann si aus dem Trubel vun der Wiener Adel- an Theaterwelt verschwanne kann an zu Zdislavice um Schlass, wou si och gebuer war, sech hirem Schreiwen an de ville Korrespondenze widme konnt. De Privileg als adlesch an gutt situéiert Fra huet hier natierlech villes erméiglecht, wouvun aner Fraen aus manner gudden economesche Verhältnisser mol net dreeme konnten. Interessant ass awer, datt dat hier nach ëmmer reprochéiert gëtt. Et héiert a liest ee kaum sou sozialkritesch Kommentaren iwwer bedeitend männlech Schrëftsteller aus där Zäit. 

Suspekt am eegenen Adelsstand

Hier aristokratesch Originë ware fir si zweeeschneideg. Engersäits si vill Dieren opgaange wann si hiren Numm genannt huet, anerersäits war si an den intellektuelle biergerlech-liberale Kreesser als schreiwend Grofin suspekt. Hier oppe kritesch Haltung dem eegenen Adelstand géigeniwwer huet hier dann och vill Feindschafte bruecht.

Si awer huet ëmmer rëm Gedichter, Aphorismen an Erzielunge geschriwwen, déi vun engem déiwen Humanismus geprägt sinn an der Iwwerzeegung d'Kraaft vun der Sprooch an der Vernonft kéinten d'Mënsche méi fräi a méi friddlech maachen. Hier Aphorismen hate séier Succès a waren och Sprangbriet zur Unerkennung.

"Vaterlandsliebe errichtet Grenzpfähle..."

An Aphorisme wéi "Vaterlandsliebe errichtet Grenzpfähle, Nächstenliebe reißt sie nieder" beweisen, datt ët héich Zäit ginn ass, d'Bild vun der Marie von Ebner-Eschenbach ze entstëbsen an si als progressiv Schrëftstellerin unzeerkennen a mam Mythos vun der renger “Dichterin der Güte” opzeraumen. 

Als Prosaschrëftstellerin ass si ënner dëser Bezeechnung an d'Literaturgeschicht agaangen. Virun allem hier spéit Wierker hunn zu dës Benennung bäigedroen an all hier éischt staark Fraegestalten an den Theaterstécker an a villen Erzielungen sou wéi hier bësseg Vue op déi herrschend Gesellschaftsschicht vergiesse gedoen.

Ënner "Emissioun" fannt Dir och den éischten Deel (vun am Ganzen dräi) vun eiser Serie iwwert eis Schrëftstellerin vum Mount Mäerz.