Radioen

On air

Notturno  |  Tim Bernardes - Mistificar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Luuchte bleiwen aus

Literatur

D'Luuchte bleiwen aus

A sengem neie Roman "Nuetsfuerer" (Op der Lay) léisst de Gast Groeber e bäigepraffte Stater Hobbyschrëftsteller an déi däischter Geschicht vun engem Éisleker Duerf andauchen. Dat kléngt just spannend...

auto_stories

4 min

E Stater, deen nieft sengem eigentleche Beruff nach Romaner schreift, plënnert eleng an en Éisleker Duerf. De Julien - sou heescht de Mann - huet do eng al Schmëdd opkaf, déi en amgaang ass ze renovéieren.

Lues a lues integréiert hie sech an d'Duerfliewen. Hie léiert d'Leit kennen a kritt op eemol proposéiert, eng Fiktioun iwwer déi däischter Vergaangenheet vun der Uertschaft wärend dem Zweete Weltkrich ze schreiwen.

An der Däischtert

Wéi den Titel vum Gast Groeber sengem neie Roman ''Nuetsfuerer'' (Op der Lay) et schonn undeit, fiert de Protagonist gären owes Auto - an zwar mat ausgeschaltene Luuchten. Den Erzieler erkläert déi Manie esou :

"Et war en Ausbroch aus dem Alldag, eng Flucht aus der Monotonie vum Liicht, déi hien iwwer sech hat missen ergoe loossen."

D'Däischtert zitt sech duerch de ganze Roman. Et ass de Keller aus engem Kandheetserliefnes ; et ass d'Nuecht, an där sech eventuell Abriecher ëm dem Julien säin neit Doheem schläichen ; et ass och de Fluch, deen, sou gëtt emol gesot, op der aler Schmëdd läit ; an dann déi dréif Geschicht vun der Kollaboratioun mat den Nazien.

Den historesche Volet wierkt am Roman wéi dropgeprafft, gëtt net grad spannend erzielt, an iergendwann ass en ofgehaakt. Nieft engem Jemp Schuster, dee mat sengem rezenten Duerfepos an zwee Bänn, ''Bluttsëffer'' an ''Ouereschlëffer'', d'Lat an deem Genre zimmlech héich geluecht huet, gesäit de Gast Groeber - wat deen Aspekt betrëfft - ganz bleech aus...

Emotional Achterbanfaart...

Bleech wéi iwweregens säin Haaptpersonnage. Dee léiert um Duerf eng sympathesch Léierin kennen, déi - tiens, tiens ! - eng Virléift fir Nuetsspadséiergäng am Bësch huet. Kuerz virdru krut de Julien vun enger Anerer, vun där e souwisou näischt wollt, de Kuerf. Aus Roserei iwwer lästeg Uriff vun där Damm klaakt hien elo net den Handy op de Buedem : neen, hien zitt seng Sim-Kaart aus dem warscheinlech deieren Handy eraus, wëll se mam Briquet ufänken, verbrennt sech dobäi allerdéngs d'Fangeren...

De Sommet vu senger emotionaler Achterbanfaart dierft wuel erreecht sinn, wéi den Hobby-Schrëftsteller an der Duerfwiertschaft matkritt, wéi sech Eenzeler iwwer en Autoschauffer opreegen, deen Nuets ouni Luuchten ënnerwee ass. Hie selwer hält sech ganz kleng...

Kee Wonner, datt dee ganz brave Julien seng Nuetseskapaden als eng Zort Transgressioun vu gesellschaftlechen Normen erlieft :

"Dee Rand vun där Strooss hei ass de Rand vun der uerdentlecher Welt.

Hie kuckt op seng Féiss, déi stinn hanner der Linn. Hien ass op där anerer Säit, där baussent aller Uerdnung, där aus der donkeler Nuecht."

Onbedeelegten Observateur

Wien elo gemengt hat, datt de Roman d'Opdauche vun engem Stater am Duerf op iergend eng Manéier géif problematiséieren, dee gëtt enttäuscht : D'Bewunner, och déi méi skurril, fannen de Julien sympathesch, an de Julien fënnt och si sympathesch.

Wann den Erzieler dramatesch freet: "A wat ass de Julien hei era geroden?", dann huet dat schonn eng gewësse Komik. De Julien (leider net dee vum Stendhal sengem "Le Rouge et le Noir") ass e praktesch onbedeelegten Observateur, deen et gäre méi spannend hätt wéi et a Wierklechkeet ass...

Dofir verléiert sech den Auteur a grad esou minutiéise wéi iwwerflëssege Beschreiwunge vun der Renovatioun vun der Schmëdd. Am Detail weisen, wéi eng Mauer ugestrach gëtt, wéi eng Wierkung d'Faarf op den Usträicher huet asw., kann duerchaus eng erotesch Stëmmung produzéieren, firwat net. Mee firwat hei?

Mat der onheemlecher Atmosphär, déi hie versicht am éischten Deel vum Roman opzebauen, erwächt de Gast Groeber falsch Erwaardungen. Als Lieser huet een d'Gefill, wéi wann den Auteur selwer net wierklech wosst, wat e wollt soen, an emol einfach drop lass geschriwwen huet. E bësse wéi säi Protagonist Julien, dee quasi blann mam Auto duerch d'Géigend fiert...

Dem Gast Groeber säin ''Nuetsfuerer'' ass en däitleche Réckschrëtt géigeniwwer sengem viregte Buch, der Novell ''Zweemol schwaarze Kueder'' (Op der Lay) vun 2018, déi dogéint onbedéngt ze recommandéieren ass.