Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Luxembourg Art Week huet hir Dieren hallef opgemaach

Konschtausstellung

D'Luxembourg Art Week huet hir Dieren hallef opgemaach

De 7. November war an de Victor Hugo Halen um Lampertsbierg Preview, also Prévernissage, vun der fënnefter Luxembourg Art Week. 65 international Galerië si bei dëser Editioun mat dobäi, an der Vente hu se haaptsächlech Tableauen. Obschonn et sech deen Owend ëm eng Zort Generalprouf fir de Weekend vun der Art-Week gehandelt huet, ware scho vill Leit an den Halen ënnerwee: de Premier Xavier Bëttel, d'Kulturministesch Sam Tanson, esouguer de Grand-Duc Henri.

auto_stories

2 min

De Grand-Duc Henri huet nees wéi d'Rou a Persoun gewierkt: hien hat méi wéi een Ouer fir Explikatiounen, huet sech, zesumme mat der Sam Tanson an dem Jo Kox, vum Art Week Initiator Alex Reding duerch d'Hale bei verschidde Galeriste guidéiere gelooss.

De Premier hat e wéineg méi spéit ee méi stramme Schrëtt drop, wousst iergendwéi vum selwen, wou hien hi wéilt. Mee u sech goung et jo net ëm si, oder? Dem Alex Reding no sollten dach d'Kënschtler am Mëttelpunkt stoen.

International Kënschtler

D'Molerin a Musekerin Catherine Lorent, déi Lëtzebuerg 2013 op der Biennale vu Venedeg vertrueden hat, déi tëschent Berlin a Lëtzebuerg pendelt, stellt am Espace Take off, am "Polarraum" vun Hamburg dräi kleng Formater zum Thema Heraldik a Musikverherrlichung aus, a si engagéiert sech an informéiert um Stand vun der AAPL, d'association des artistes plasticiens du Luxembourg.

An der Sektioun First Call presentéiere sech eng éischte Kéier international Galerië mat interessante Projeten. De wäitsten Trajet hat d'Adrian Ibanez Galeria aus Kolumbien, bon: si si vu Kolumbien aus op d'Foire vu Lissabon gereest, dono op d'Foire zu Bréissel, an elo d'Art Week.

Et huet een Zäit

Déi véier Kënschtler, déi d'Galeria matbruecht huet, tendéieren zu der Figuratioun, grouss Differenze sinn am Zäitalter vun der Globalisatioun eigentlech net auszemaachen. Mee Hoppla, do war och d'Malgorzata Nowara, Conservatrice vun der Section des Beaux Arts vun eisem Nationalmusée. Op enger kommerzieller Konschtfoire?

D'Kënschtlerin Catherine Lorent wäert déi nächst dräi Deeg an Häppercher maachen. Si ass un der Hand verletzt, muss souwisou mat der Konscht méi lues maachen, kann dofir méi observéieren.